De Salon ass gutt gefëllt am spéiden Nomëtten, wéi sech de Philippe Kremer, Kap um Kapp, d’Zäit hëlt, fir iwwert d’Situatioun vu sengem Betrib ze schwätzen. “Schwiereg” ass d’Adjektiv, dat de jonke Mann am dackste gebraucht, wann hien op Froen äntwert.
D'Hoffnung, datt d'Präisser nees rofginn
Zum Beispill wier et schwiereg gewiescht, d’Haussë vun de Präisser eent zu eent un d’Clientë weiderzeginn. Dofir hätt hie vill gerechent a sech fir méi en déiwen, méi raisonnabele Präis entscheet, amplaz ze iwwerdreiwen an näischt méi ze verkafen. De Moment kéim ee sou iwwert d’Ronnen, och wann et ëmmer méi schwiereg géif ginn.
“D’lescht Joer ass wierklech zimmlech alles, wat mir sou verschaffen, an d’Luucht gaangen, mee et si verschidde Fournisseuren, déi och erëm zeréckrudderen.”
Am Réckbléck wier et richteg gewiescht, net komplett exageréiert ze hu mat de Präisser. Wuel hätt ee kloer Perte gemaach, mee ...:
“... dat war awer schonn eng calculéiert Perte, am Sënn awer och, fir de Client an awer och fir eis, datt mir iwwerliewe kënnen.”
An der Hoffnung, datt d’Präisser och erëm erofginn.
“Sou wéi den Zocker explodéiert ass oder de Botter, muss sech eppes änneren.”
Den Zockerpräis wier zum Beispill 145 Prozent an d’Luucht gaangen, ier en e bëssen erofgaange wier, seet de Bäckereipatron. De Präis vum Weess a vum Miel wier net sou extrem geklommen. Well awer alles mat Stroum lafe géif, bis op d’Iewen, déi mat Gas fonctionéieren, misst een och do an de saueren Apel bäissen a bezuelen.
"Mir fanne kee Personal, wat motivéiert ass”
Wat d’Gebai ugeet, an deem d’Bäckerei ass, géif ee lounen, mee vum Proprietär ënnerstëtzt ginn. Op d’Konkurrenz ugeschwat, seet de Philippe Kremer, datt jidderee säint maachen a kucke géif, fir ze iwwerliewen.
Vun der Fédération des Artisans géif hie sech e bëssen eleng gelooss spieren. Hien hätt awer och net d’Zäit, fir op all Versammlung ze goen, well hien zu 100 Prozent am Betrib implizéiert wier. Ee weidere Problem wier deen, motivéiert Personal ze fannen.
“Ech mengen, et ass net nëmme bei eis sou, et ass iwwerall sou. Wann ech all meng Kolleegen héieren, déi ee Betrib hunn, alleguer hu mir deselwechte Problem: Mir fanne kee Personal, wat motivéiert ass.”
Zu Covid-Zäiten hätt ee Personal ofgebaut a verluer. Elo misst ee kucken, wéi ee mat manner Leit déi selwecht oder méi Aarbecht maache kéint.
“Do si mir an enger kompletter Restrukturatioun vum Betrib, a mir mussen eis och nei erfannen.”
Dat géif een Invest a Maschinnen implizéieren an Iwwerleeungen, wéi ee méi einfach an awer besser schaffe kéint, sou de Patron, deen trotzdeem positiv an d’Zukunft kuckt an deemno net schwaarz gesäit fir de Beruffsstand.