D’Kimberly Darcy Mae kënnt aus dem Leeschtungssport, mat sechs Joer huet si mat Karate ugefaangen a si huet an deem Sport och aussergewéinlech Leeschtunge bruecht. 2017 ass si Juniorweltmeeschterin ginn an dräi Joer drop dann och nach U-21-Europameeschterin. Déi Zéit am Sport huet ee si nach éischter als Kimberly Nelting kannt.
An der leschter Competitioun: Europameeschterin
Et war just dat ganzt not Ëmwelt, wéi hir Elteren déi wossten datt déi Europameeschterschaft der Kimberly Darcy Mae hir lescht Competitioun war, an et war fir si ëmsou méi schéin, datt hir sportlech Karriär mat esou engem Succès op en Enn gaangen ass.
“Ech si frou, an ech konnt mengen Trainer, deem och nach gecoacht hat, de Leo Salvatore aus mengem Club...mäi Papp war nach emol do, ech si mega-glécklech hinnen och nach eng Kéier kënnen zeréck ze ginn, als Merci datt si mech ëmmer ënnerstëtzt hunn. An ech hätt mer kee méi schéinen Ofschloss kënne virstellen.”
500 Aschreiwunge fir zéng Plazen
Éier een awer eng Schauspillformatioun kann ufänkem, muss ee eng Opnameprüfung maachen. D’Kimberly Darcy Mae huet sech an dës Aventure agelooss fir aus dem Näischt eraus Schauspillerin ze ginn. Et ass sécher hir Disziplin a Gedold, déi se aus dem Karate eraus kannt huet, déi gehollef hunn.
“Am Fong wollt ech net op eng Schauspill-Uni. Ech krut méi Panik bei deem Gedanke mech virun enger Schoul ze presentéiere wéi an iergend engem Casting.”
En onerfëllten Dram deet engem ëmmer leet
D’Kimberly Darcy Mae hat de ganz staarke Besoin a Wëlle fir eben de Wee bei d’Schauspillerin ze maachen. An et ass och net gutt, zemools an hirem jonken Alter, e Liewe mat engem onerfëllten Dram un ze fänken.
“Ech hu vu Ronn zu Ronn geduecht”
De Lëtzebuerger Acteur Steve Karier an den Berliner Acteur, Regisseur, Produzent, a Museker Martin Engler hunn dem Kimberly du gehollef sech op déi Opnameprüfung ze preparéieren.
500 Leit hate sech fir Prüfung gemellt, zéng sinn der geholl ginn. Mee um Enn war Kimberly ënner deenen Zéng, a wéi am Sport hat se d’Gefill vun der Victoire.
“Dat ganzt huet sech ugefillt, e bësse wéi op enger WM, Ronn fir Ronn. Et ass een op ee Mol an engem Flow, a kloer et zweiwelt een, mee trotzdeem hunn ech u mech gegleeft a mech un deen Dram dru gehaangen, datt et elo Mäint ass… Et war wéi an engem Flow, et ass nach just biergop gaangen. Et hätt och kéinte ganz gutt sinn, datt et op ee Mol an der zweeter Ronn Stopp ass. Et huet fonctionéiert, an et fillt sech gutt un, datt een d’Final erreecht huet.“