Radioen

On air

Notturno  |  Group Listening - All Of A Sudden

play_arrow Live
search

/ Wolodymyr Selenskyj: den eenzege Grond firwat et Krich gëtt, ass Russland

Krich an der Ukrain

Wolodymyr Selenskyj: den eenzege Grond firwat et Krich gëtt, ass Russland

D'Ukrain wëll Fridden. Den eenzege Grond, firwat et nach ëmmer Krich gëtt, wier Russland, sou de Wolodymyr Selenskij een Dag virun der kruzialer Reunioun muer um Dënschdeg zu Riad a Saudi-Arabien.

auto_stories

2 min

Fändele vun der Ukrain, Russland an den USA | © Photo by Jakub Porzycki/NurPhoto
Fändele vun der Ukrain, Russland an den USA (Foto: Photo by Jakub Porzycki/NurPhoto)

Ukrainesch an amerikanesch Delegatioune sollen sech zu Riad treffe fir iwwert Friddensverhandlungen ze diskutéierten. Et gëtt dat éischt esou Treffen zanter dem Eclat virun annerhallwer Woch bei der Visitt vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskij am Wäissen Haus. 

Den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio an de nationale Sécherheetsberoder Mike Waltz solle bei de Gespréicher derbäi sinn. De Wolodymyr Selenskij warscheinlech net. Hie gëtt awer haut a Saudi Arabien erwaart fir Treffe mam saudeschen Trounprënz Mohammed bin Salman.

D'Ukrain kann op Geheimdéngscht-Informatiounen aus den USA zielen

D'Ukrain kann iwwerdeems an hirer Verdeedegung géint de russeschen Aggresseur dann nees zukünfteg op Geheimdéngscht-Informatiounen aus den USA hoffen. Den US-President Donald Trump sot engem Reporter, hie géif der Ukrain déi Informatioune geschwënn nees disponibel maachen. Weider Detailer gouf hien net bekannt.

Import vu Waffen an d'Ukrain am héchsten

D'Ukrain ass wéinst dem russeschen Aggressiounskrich elo dat Land op der Welt, dat déi meeschte Waffen importéiert. Dat geet aus engem Rapport vum Friddensfuerschungsinstitut Sipri ervir. Deemno wären déi ukrainesch Waffen a Militär-Importer ëm bal dat 100-facht gewuess am Verglach zu de fënnef Joer virdrun. D'Ukrain géif an Tëschenzäit 8,8 Prozent vun de globale Waffen-Importer ausmaachen.

Bei de Waffen- a Militär-Exporter bleiwen d'USA däitlech op éischter Plaz, mat 43 Prozent. Déi zweet Plaz behält Frankräich, mat 9,6 Prozent.