Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno - Needles In The Camel's Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng juristesch Suitten an der Affär ronderëm de Claude Meisch

Parquet mellt

Keng juristesch Suitten an der Affär ronderëm de Claude Meisch

D‘Affär ronderëm de Minister Claude Meisch, deen eng Fra an engem Restaurant soll agresséiert hunn, kritt keng juristesch Suitten. De Stater Parquet huet den Dossier klasséiert, wéi de Parquet matdeelt.

auto_stories

1 min

Claude Meisch | © Nicolas Calmes
Foto: Nicolas Calmes

De 5. Januar war d‘Police an e Restaurant an der rue Chimay an der Stad geruff ginn nodeems e Sträit tëscht zwou Persounen ausgeaart war. 

Eng Fra hat duerno e Video gepost an dem si behaapt, datt et sech ëm de Claude Meisch gehandelt huet. Deen hat spéider och zouginn, datt hie Sträit hat mat enger Fra, datt et awer ni zu Handgräiflechkeete komm wier.

De Parquet hat eng Enquête opgemaach an huet och déi betraffe Fra gehéiert. Opgrond vun der Fra hiren Deklaratiounen hätt de Parquet elo d‘Affär sans Suite klasséiert. Et géife keng Elementer ginn, déi op eng strofrechtlech relevant Infraktioun géifen hindeiten.