Radioen

On air

Notturno  |  Astronauts, Etc. - The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng Leit am Raum Kruuchten, Hengescht, Dikrech, Ëlwen a Maarnech mathuelen

Police mellt

Keng Leit am Raum Kruuchten, Hengescht, Dikrech, Ëlwen a Maarnech mathuelen

D‘Police warnt do virdrun am Raum Kruuchten, Hengescht, Dikrech, Ëlwen a Maarnech friem Persoune mam Auto matzehuelen. Den Ament gëtt do no engem Verdächtege gesicht, deen a véier Autoe soll agebrach sinn.

auto_stories

1 min

Am Kader vun hirer Enquête hat d‘Police ee verdächtegt Gefier lokaliséiert. Et koum zu enger Poursuite, de Chauffer ass dobäi vun der Strooss ofkomm an zu Kruuchten an engem Feld stieche bliwwen. Hien ass duerno zu Fouss geflücht. All Hiweiser si fir den 113.