Radioen

On air

Ligne 2  |  Real Lies - Towards Horses

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Katarina Barley soll nees Spëtzekandidatin vun der SPD fir d'Europawale ginn

Europawalen 2024

​Katarina Barley soll nees Spëtzekandidatin vun der SPD fir d'Europawale ginn

D‘Katarina Barley soll nees Spëtzekandidatin vun der SPD fir d'Europawale ginn.

auto_stories

1 min

Katarina Barley | © European Parliament
Katarina Barley (Foto: European Parliament)

D‘Vize-Presidentin vum Europaparlament wier eestëmmeg vun der SPD als Spëtzekandidatin nominéiert ginn, dat huet déi däitsch Presseagence gemellt.

Fir d‘Katarina Barley ass et schonn déi zweet Spëtzekandidatur. Och bei der leschter Europawal viru véier Joer war si SPD Spëtzekandidatin. Deemools hat d‘SPD mat 15,8 Prozent dat schlechtst Resultat jeemools realiséiert.