Den Hamas-Büro zu Doha misst deemno zougemaach ginn. Sou laang wéi béid Säite guer net gewëllt wieren, eng Léisung ze fannen, géif eng Mediatioun kee Sënn maachen.
De Katar hat zesumme mat Ägypten an den USA ëmmer nees probéiert, béid Säiten un den Dësch ze kréien, mee bis elo gouf et absolut kee Resultat.