Radioen

On air

Notturno  |  Florence Besch - Weak

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kardinol entsat iwwer Bedruchsaffär bei der Caritas

Éischt Reaktioun vum Bistum

Kardinol entsat iwwer Bedruchsaffär bei der Caritas

De Bistum äussert sech fir d‘éischte Kéier zu der Bedruchsaffär bei der Caritas: De Kardinol wier entsat iwwert d‘Ënnerschloe vu Sue bei enger kathoulescher Associatioun, där hiert Zil et ass deenen Äermsten hei am Land an am Ausland ënnert d‘Äerm ze gräifen.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Dat ergeet aus engem Schreiwes vun der Caritas no enger Entrevue d‘lescht Woch tëscht, ënner anerem dem Kardinol Jean-Claude Hollerech an dem President vum Krisecomité vun der Caritas, dem Christian Billon. 

De Kardinol wier dankbar fir déi gutt Aarbecht um Terrain vun all de Mataarbechter:innen vun der Caritas. Et wier elo um Krisecomité fir all d‘Viraussetzungen ze schafe fir d‘Vertrauen an d‘NGO z‘erneieren. Esou gëtt de Kardinol am Schreiwes zitéiert. De Jean-Claude Hollerech hätt de Krisecomité  encouragéiert, fir d‘juristesch Instanze maximal z‘ënnerstëtze fir „komplett Liicht an d‘Affär“ ze bréngen. A fir Mechanisme fir eng gutt Gouvernance op d‘Been ze setzen.