Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kannerradionuecht um radio 100,7

Event - 24. November 2023

D'Kannerradionuecht um radio 100,7

Et blubbert an et kréckelt, et rumouert an et spruddelt, et brutzelt a knuppt ...
Bei der éischter 100,7 Kannerradionuecht. Zesumme maache mir Experimenter, bis d’Eltere schlofen.

auto_stories

3 min

An der éischter Radiostonn lauschtere mir Geschichte vum Pechschwéngchen a begéinen engem ganz besonneschen Erfinder. 

Kannerradionuecht 1. Stonn (19:00-20:00 Auer)play_arrow


An der zweeter Radiostonn kucke mir eis d'Faarwen an der Nuecht un a lauschteren d'Weltpremière vum Auteur Jhemp Hoscheit senger Geschicht "Den Eppes".

Kannerradionuecht 2. Stonn (20:00-21:00 Auer)play_arrow


An der drëtter Radiostonn schwätzen d'Kannerreporter mam Nikki Ninja a mat engem Unisprofessor, deen eis alles iwwer KI, Kënschtlech Intelligenz, verréit.

Kannerradionuecht 3. Stonn (21:00-22:00 Auer)play_arrow
 

An der véierter Radiostonn baue mir eng Energiespuerluucht, gi méi iwwer Meteoritten a Feierbäll gewuer a begéinen eisem ale Frënd, dem Jos.

Kannerradionuecht 4. Stonn (22:00-23:00 Auer)play_arrow


An der fënnefter a leschter Radiostonn gi mir an de natur muséee, mir kréie Besuch vum verréckte Professer a spillen de leschten Deel vum Jos.

Kannerradionuecht 5. Stonn (23:00-00:00 Auer)play_arrow


Wëll dir d'Lauschtergeschichten vun der Kannerradionuecht all eenzel lauschteren? Da gitt emol an eis Kannerkëscht luussen:

KANNERKËSCHT


Och wann s du keng Geleeënheet has fir dech unzemellen, d'Matmaach-Heft kanns du hei als PDF Dokument eroflueden.

Matmaach-Heft Kannerradionuecht 2023


Léif Fans vun der Wëssenschaft a léif hell Käpp,

Sidd dir prett fir déi éischt Kannerradionuecht? Mir freeën eis op en Owend voller Geschichten, Experimenter a Musek.

Haut den Owend stinn d’Tessy Steffen Koenig an de Jean-Claude Majerus fir iech bis Mëtternuecht am Radiolabo an hunn och e puer verréckt Professeren a Professorinnen an Erfinder:innen invitéiert. Mat hinnen zesumme loosse mir Hoer zu Bierg stoen a Faarwen an der Däischtert danzen.

Spannend um Radio ass, wéi Biller just duerch Schwätzen an Nolauschteren an d’Käpp gezaubert ginn. Dofir hu mir Radio gären a wëllen iech dës Faszinatioun a genial Erfindung weiderginn a méi no bréngen.

Mee näischt ass méi schlëmm, wéi e virwëtzege Kapp, deem säi Bauch grommelt, oder? Dowéinst hu mir e puer Rezepter fir iech erausgesicht, déi dir zesumme mat äre Frënn, Famill oder Schoulkolleegen a -kolleeginnen nomaache kënnt.

Zäit fir ze raschten an ze spillen ass natierlech och. Dir musst net déi ganzen Zäit just virum Radio verbréngen. Sicht iech är Favoritten eraus a gestalt äert eegent Radioerliefnis.

Speziell fir d’Kannerradionuecht huet d’Nikki Ninja eis e Lidd geschriwwen, an dat spille mir ganz exklusiv um Radio. Spëtzt är Oueren a loosst ärer Fantasie fräie Laf, wa mir zesummen op eng spannend Rees duerch déi faszinant Welt vun den Experimenter a Geschichte ginn.

Eng Weltpremière ass och d’Lauschtergeschicht vum “Den Eppes”, deen op der Kannerradionuecht déi éischte Kéier ze héieren ass.

Mir freeën eis op iech!