Déi Sue sollen iwwert de Grénge Klimafong, an den nächste véier Joer Projeten a Schwellen- an Entwécklungslänner finanzéieren. Dat gouf haut op enger Konferenz zu Bonn festgehalen.
25 Länner hu sech direkt engagéiert, fënnef weiderer wëllen sech deemnächst engagéieren.
De Fong soll Entwécklungslänner hëllefen, sech un de Klimawandel unzepassen an hir Ekonomie méi klimafrëndlech ze maachen. Dafir verdeelt de Fong Subventiounen, Kreditter, Garantien an Eegekapital… Bis elo wiere schonn 228 Projete finanzéiert ginn…