Den Donald Trump war um Mëttwoch jo zu Davos um Weltwirtschaftsforum. Do hat hien e Gespréich mam NATO-Chef Marc Rutte. Et wier ee gudden Accord fir d‘USA an d‘NATO, esou den Donald Trump.
Wat genee ofgemaach gouf, ass aktuell net ganz kloer.
Souveränitéit vu Grönland war keen Theema
Déi bedeelegt Parteien hätten nach vill Aarbecht, sot de Marc Rutte nom Accord an engem Interview mat Fox News. D‘Souveränitéit vu Grönland wier keen Theema an sengem Gespréich mam Donald Trump gewiescht, esou de Rutte. Et hätt ee just driwwer geschwat, wei ee verhënnere kann, datt China a Russland méi Muecht an där Regioun kréien.
Den däneschen Ausseminister Lars Løkke Rasmussen huet sech an enger éischter Phas mol erliichtert gewisen.
EU-Sommet fënnt trotzdeem statt
Virun deem Gespréich hat den US-President Donald Trump a senger Ried zu Davos nach eemol säin Usproch op Grönland bekräftegt.
Trotz dem iwwerraschendem Revirement um Mëttwochowend wäert haut um Donneschdegowend den EU-Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel sinn.
Et wéilt een déi rezent Entwécklungen analyséieren, heescht et aus dem Ëmfeld vum EU-Conseilspresident António Costa.