Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Kaarten iwwert de Kaméidi am Land goufen aktualiséiert

National

Kaarten iwwert de Kaméidi am Land goufen aktualiséiert

D’Ëmweltverwaltung deelt mat, datt d’Kaarten iwwert de Kaméidi hei am Land aktualiséiert gi sinn. Déi sougenannt cartes de bruit ginn all 5 Joer aktualiséiert.

auto_stories

1 min

Zil ass et déi Haaptkaméidisquellen op enger Kaart ze weisen, dorënner d’Haaptstroossen, Zuchstrecken, de Fluchhafen a méi generell d‘Agglomeratioune vun der Stad Lëtzebuerg an dem Süden.

Zil wier et déi prioritär Zonen ze identifizéieren an een Aktiounsplang an deenen Zonen opzestellen fir géint de Kaméidi virzegoen.