arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ KPL: Ugrëff op Venezuela wier een eklatante Verstouss géint d'Vëlkerrecht

Ugrëff op Venezuela

|
headphones

1 min

KPL: Ugrëff op Venezuela wier een eklatante Verstouss géint d'Vëlkerrecht

Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg gesäit d'Attack vun den USA op Venezuela an d'Mathuele vum President Nicolás Maduro als eklatante Verstouss géint d'Vëlkerrecht a géint d'Charta vun de Vereenten Natiounen.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Et wier kloer, datt d‘Regierung vum Donald Trump de Pëtrol an aner Buedemschätz vu Venezuela militäresch kontrolléiere wéilt. D‘KPL fuerdert d‘Lëtzebuerger Regierung op, sech net dem Diktat vun den USA ze ënnerwerfen, heescht et an hirem Schreiwes. 

Och déi Lénk verurteelen den Ugrëff 

Um Weekend haten déi Lénk sech och an engem Communiqué zum Ugrëff op Venezuela geäussert an déi Lëtzebuerger Regierung opgefuerdert, déi militäresch Interventioun vun den USA ze verurteelen.

Wat fir d'Ukrain géif gëllen, misst och fir Venezuela gëllen, esou d'Partei an hirem Schreiwes. Weider fuerderen déi Lénk, datt de venezuelanesche President direkt muss aus der US-Gefaangenschaft fräigelooss ginn.