search

/ KI als Handwierksgeschier, awer net als Ersatz fir de Mënsch

Kënschtlech Intelligenz

|
headphones

3 min

headphones

10 min

play_arrow

KI als Handwierksgeschier, awer net als Ersatz fir de Mënsch

De kreative Secteur ass een, an deem KI scho fréi, an och relativ vill zum Asaz kënnt. Muss ee fäerten, datt Design- a Marketingagencen an Zukunft obsolet ginn? Fir den André Hesse, President vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Kommunikatiounsagencen, kënnt et ganz op d'Aart a Weis vum Asaz un.

headphones

3 min

headphones

10 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Et ginn e gutt Stéck manner Aarbechtsplazen hei am Land geschaf, wéi nach virun e puer Joer. Nieft der schwiereger Wirtschaftslag wier ee vun de Grënn och, datt eng ganz Rei Tâchen elo scho vu kënschtlecher Intelligenz iwwerholl ginn. Den André Hesse ass President vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Kommunikatiounsagence Markcom gesäit an der KI awer éischter eng nei Stäerk wéi eng Menace. 

Keng Angscht, datt d'Beruffsfeld ganz verschwënnt

De Beschäftegungstaux ass zejoert just ganz liicht, ëm 0,9 Prozent, gewuess. Am Privatsecteur souguer nëmmen ëm 0,3 Prozent. Hei wier ee quasi an der Stagnatioun, esou d'Direktesch vum Aarbechtsamt d'Isabelle Schlesser bei der Presentatioun vum Joresbilan 2024.

Den André Hesse mengt, datt d'KI elo schonn e grouss Deel vun der Aarbecht a senger Agence iwwerhëlt. Angscht, datt d'Agence iergendwann ganz verschwënnt, huet hien awer net.

Fir eng KI ze bedénge brauch een ëmmer nach de Mënsch

Fir eng KI ze bedénge bräicht een ëmmer nach de Mënsch, esou den André Hesse. Bei him an der Agence géifen nieft ChatGPT och eng ganz Partie aner KI-Programmer als Handwierksgeschier, wéi den André Hesse et nennt, am Beruffsalldag zum Asaz kommen.

Nieft banalen Tâchë wéi Texter resüméiere léiert d’KI awer och scho kreativ Aufgaben iwwerhuelen. Wéi zum Beispill Strategie- oder Medien-Konzepter fir eng Firma ze entwerfen. Déi Utile wieren immens performant, esou de President. Awer just, wann ee se richteg programméiert.

Méi Perspektiven duerch KI 

Datt de kreativen Deel vun der Aarbecht an der Marketingagence doduerch verluer geet, fënnt den André Hesse net. Am Géigendeel: Duerch den Asaz vu KI hätt ee vill méi Perspektiven an et wier och méi einfach, seng Iddi wat Fotoen, Videoen oder Motion-Design ugeet, ëmzesetzen. An dat ouni vill Ressourcen.

Och wann een net méi misst op Paräis fuere fir do e Fotoshooting ze maachen, géif dat de Beruff vum Fotograph awer net obsolet maachen, esou den André Hesse. Mee et wier awer wichteg, sech an dësem Beruff weiderzebilden a sech KI-Kompetenzen unzëeegnen, soss géif een op der Streck bleiwen.

D’KI kéint awer ni alles ersetzen. Fotoe vu Reportagen, déi d‘Realitéit sur place ofbilden, kéint keng KI generéieren. An dat geschoulten A kéint keng KI ersetzen.

"Wat wichteg ass, och an Zukunft muss deen, deen d’Foto baut, mat der KI de Geescht hu vun engem Fotograf."

Datt duerch d’Automatiséierung vu verschiddenen Tâchë laangfristeg scho verschidden Aarbechtsplaze fort fale wäerten, streit den André Hesse net of.

Am Ufank hätten déi nei technologesch Entwécklungen dem President vun der Kommunikatiounsagence Markcom schonn e bëssen Angscht gemaach. Mee bei all Revolutioun géif eng gewëssen Angscht matspillen. An méi KI bedeit fir den André Hesse am Endeffekt och méi Performance.

 

play_arrow Lauschteren