Radioen

On air

Notturno  |  Alabama Shakes - Shoegaze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonker tëschent 11 an 18 Joer verbréngen ze vill Zäit op de soziale Reseauen

HSBC Etüd

Jonker tëschent 11 an 18 Joer verbréngen ze vill Zäit op de soziale Reseauen

An enger Etüd iwwert dat gesondheetlecht Behuele vu Schüler tëscht 11 an 18 Joer kënnt raus, datt déi Jonk vill ze laang am Dag déi sozial Reseauen notzen. 2022 haten 9,1 Prozent vun de Kanner ee problematescht Verhalen op de Reseauen. Am meeschte betraff sinn d’Meedercher. 2018 bei der virrechter Etüd louch dee Prozentsaz bei 5,9 Prozent. 

auto_stories

1 min

Et sinn och d’Meedercher, déi manner sportlech aktiv sinn. Dat ergëtt déi sougenannten HSBC Etüd un där ronn 8.000 Schüler Deel gehollhunn. 

D’Etüd notéiert och eng Degradatioun vun der Zefriddenheet bei deene Jonken. Dat wier besonnesch bei de Meedercher de Fall. D’Gefill vun Einsamkeet ass och am Verglach mat der Etüd vu viru 4 Joer staark geklommen. D’Resultater vun där Etüd goufen haut um Donneschdeg op der Uni Lëtzebuerg a Presenz vum Educatiounsminister an der Gesondheetsministerin presentéiert.