Beim Accident, géint 03:30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg, waren zwee Jugendlecher zu Fouss tëschent Schëffleng a Keel ënnerwee. An der Entrée vu Keel war ee vun hinne vun engem Auto erfaasst a liewensgeféierlech blesséiert ginn. De Chauffeur vum Auto war net stoe bliwwen, an a Richtung Keel weidergefuer.
Presuméierte Chauffeur gouf fonnt
De presuméierte Chauffeur, deen nom Accident Farerflucht gemaach hat, gouf vun der Police festgeholl a kënnt haut virun en Untersuchungsriichter. Hie konnt no engem Zeienopruff, an op en Hiweis aus der Populatioun, lokaliséiert ginn. Dat mellt d‘Police.