Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng institutionaliséiert Prozedur fir d’Biergerbedeelegung: Joëlle Welfring enttäuscht

Biergerbedeelegung

Keng institutionaliséiert Prozedur fir d’Biergerbedeelegung: Joëlle Welfring enttäuscht

D’Regierung wëll d’Bierger an ee breeden Dialog zu spezifeschen Themen abannen. Eng institutionaliséiert Prozedur fir d’Biergerbedeelegung op nationalem Plang anzesetzen ass awer net geplangt. Dat huet de Premier Luc Frieden der grénger Deputéierter Joëlle Welfring op hir parlamentaresch Fro geäntwert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D’Oppositiounsdeputéiert weist sech enttäuscht doriwwer, datt d’CSV-DP-Regierung a Saache Biergerbedeelegung net an d’Richtung vun der leschter Regierung wëllt weider schaffen.

"An datt kee Wëllen do ass fir dat Matsproocherecht vun de Bierger méi ze institutionaliséiert unzegoen."

Viru bal engem Joer hat déi deemoleg Regierung vun der Chamber den Optrag kritt, d’Faisabilitéit vun der Prozedur fir eng Biergerbedeelegung op nationalem Plang ze studéieren.

"Deemols huet och eng CSV matgestëmmt"

Déi deementspriechend Motioun vun déi gréng war den 21. Mäerz 2023 vun alle Parteien an der Chamber, mat Ausnam vun der ADR, gestëmmt ginn.

"An deemools huet jo och eng CSV do mat gestëmmt. An dat ass e bëssen erstaunlech, datt dat elo an dëser Konstellatioun elo net méi esou wichteg geholl gëtt anscheinend."

Dat Bescht aus Erfarungen zéien an op Lëtzebuerg upasst

Déi lescht Regierung, mat Bedeelegung vun déi gréng, hätt “ganz wichteg Initiative” geholl, betount d’Deputéiert Joëlle Welfring. Engersäits de Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050 an anerersäits de Klimabiergerrot.

"An den nächste Schrëtt wier wierklech wichteg, datt een op Grond vun deenen Erfarungen an de Recommandatiounen aus der Wëssenschaft an den Erfarungen, déi am Ausland gemaach gi sinn, datt ee sech doraus dat Bescht eraus zitt an et wierklech op déi lëtzebuergesch Situatioun spezifesch upasst."

D’Fro firwat déi lescht Regierung keng permanent Plattform fir d’Biergerbedeelegung op nationalem Plang verankert huet, beäntwert d’Joëlle Welfring domat, datt déi néideg Zäit dofir gefeelt hätt.

Raphaël Kies: Institutionaliséierung mëttelfristeg déi beschte Léisung

Eng Institutionaliséierung vun der Bedeelegung vun de Bierger wier awer mëttelfristeg déi beschte Léisung, a si wier wichteg fir eng kloer Prozedur ze hunn, esou de Co-Fondateur a Coordinateur vun der Lëtzebuerger Plattform fir participativ Demokratie, de Raphaël Kies. Ee Phenomen géif ee reegelméisseg gesinn, seet an deem Kontext de Politolog vun der Uni Lëtzebuerg.

Dem Raphaël Kies seng Aussoplay_arrow


Lauschtert de ganze Bäitragplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft