Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino: Wie kontrolléiert wien?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joe Biden versprécht der Ukrain weider Hëllef

Trotz Budget-Streidereien

Joe Biden versprécht der Ukrain weider Hëllef

Den amerikanesche President Joe Biden huet der Ukrain weider Hëllef verséchert obwuel den Iwwergangsbudget keng zousätzlech Suen dofir méi virgesäit.

auto_stories

1 min

D‘USA géifen d‘Ukrain net am Stéch loossen, esou den Joe Biden. Hien huet awer och gewarnt, et géif méi vill Zäit bleiwen, fir nei Hëllefe fir d‘Ukrain ze autoriséieren. De Kongress hat iwwert de Weekend en Iwwergangsbudget als Kompromëss ugeholl fir e sougenannte Shutdown ze evitéieren. Wéinst deem Accord hunn d‘Spannunge bei de Republikaner am Kongress sech weider zougespëtzt. De republikaneschen Deputéierte Matt Gaetz, den dem Donald Trump nosteet, sot, hie wéilt nach dës Woch eng Demande areechen, fir de Kevin Mc Carthy, Chef vun de Republikaner am Representantenhaus, ofzestzen.