Radioen

On air

Notturno  |  Shirley Hurt - Problem Child

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Joe Biden huet misste virun engem Spezial-Ermëttler aussoen

Wéinst privatem Lagere vu Geheimdokumenter

Joe Biden huet misste virun engem Spezial-Ermëttler aussoen

An der Affär ëm d‘Lagere vu Geheimdokumenter a private Reim huet den amerikanesche President Joe Biden misse virun engem Spezial-Enqueteur aussoen.

auto_stories

1 min

D‘Wäisst Haus huet ugekënnegt komplett ze kooperéieren. Enn 2022 ware geheim Dokumenter aus der Zäit vum Biden senger Vize-Presidence a senge private Wunnraim entdeckt ginn. Fir de Biden kéint d‘Saach schwiereg ginn, well säi Virgänger Donald Trump wéinst änleche Verstéiss ugeklot gouf. Anescht wéi den Trump hat de Biden d‘Dokumneter awer op Nofro hin direkt un d‘Nationalarchiv weider geleet.