Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Into The Woods

play_arrow Live
search

/ Joe Biden: Israel an Hamas net gläichwäerteg

Reaktioun op internationalen Haftbefeel

Joe Biden: Israel an Hamas net gläichwäerteg

Den US-President Joe Biden reagéiert indignéiert op den internationalen Haftbefeel géint den israeelesche Premier Benjamin Nethanjahu an de Verdeedegungsminister Joaw Galant, dee si wéint presuméierte Krichsverbriechen am Gazakrich verhaange kritt hunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP

Et gouf och een Haftbefeel géint den Hamaschef. Israel an d‘Hamas wieren awer net gläichwäerteg, sot de Biden.

D‘USA, genee ewéi Israel, erkennen den internationale Geriichtshaff net un.

Vun anere Säite koume positiv Reaktiounen. Den Iran an déi palästinensesch Autoritéiten hunn den Haftbefeel iwwerdeems gefeiert.