search

/ Jo zu weidere Gespréicher fir Nordstadfusioun, elo misst vill geschafft ginn

Referendum zu Ierpeldeng-Sauer

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Jo zu weidere Gespréicher fir Nordstadfusioun, elo misst vill geschafft ginn

Zu Ierpeldeng-Sauer hu ronn 59 Prozent vun de Wieler:inne per Referendum Jo, zu weidere Gespréicher fir eng méiglech Nordstadfusioun gestëmmt. D'Mobilisatioun war grouss. D'Participatioun louch bei 83 Prozent. An den dräi Uertschaften Ierpeldeng, Angelduerf a Bierden huet de Jo dominéiert.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Nordstad | © Chris Zeien
Nordstad (Foto: Chris Zeien)

Datt et zum Referendum koum, war bedéngt duerch d’Pattsituatioun, déi et am Gemengerot vun Ierpeldeng gouf. Och wann dem Buergermeeschter seng Stëmm duebel gëllt, wollt de Claude Gleis, Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer, d’Bierger:inne consultéieren.

De Claude Gleis wollt datt d’Bierger:inne sech sollten ausdrécken an hie war zefridden iwwer de majoritäre Jo zur Weiderféierung vun de Verhandlungen en Vue vun der Fusioun mat de Gemengen Ettelbréck, Dikrech a Schieren.

"Am Gemengerot ass eng Patt-Situatioun. Dofir sinn ech awer elo perséinlech zefridde mat deem Resultat. Ech menge mir krute ganz kloer elo den Optrag, fir weiderzeschaffen, fir op de Referendum vu 27 duer ze schaffen."

Opgefall ass, datt an den dräi Uertschaften Ierpeldeng, Angelduerf, grad wéi Bierden, eng Majoritéit sech fir d’Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher ausgedréckt hunn. 

Hie wéilt dat positiivt Resultat elo awer net als Vott Pro-Fusioun interpretéieren, esou de Claude Gleis de Moien am 100,7-Interview. 

"Ech mengen d'Leit wëllen elo einfach, datt mer nach um Prozess weider schaffen, datt mer wierklech hinne weisen, wat bréngt konkret eng grouss Gemeng Nordstad? Wat bréngt dat fir eis véier Gemengen? Mee wat bréngt dat awer och fir déi ganz Regioun hei uewen? Ech mengen dat wëllen d'Leit elo gewuer ginn. Déi 59 % pro, jo, dat ass kee schlecht Resultat. Mee et muss een awer elo och oppassen, et wären awer och 40 %, déi hautzedaags schonn dergéint gestëmmt hunn."

Doraus kéint een awer schléissen, datt dat Ganzt kee Selbstläufer géif ginn, esou de Claude Gleis. Déi nächst zwee Joer misst een dofir elo richteg séier maachen a vill schaffen fir d'Leit vum Projet ze iwwerzeegen. 

D’Ofstëmmung iwwert d'Fusioun vun Ierpeldeng-Sauer mat den Nordstadgemengen Ettelbréck, Dikrech a Schieren ass fir 2027 geplangt.

"Bataille verluer, mee de Krich nach net"

Ee vun de Conseilleren, dee géint d’Fusioun war, de Carlo Tessaro, ass enttäuscht, mee gëtt nach net op.

"Hei ass eng Demokratie, d'Leit hu gewielt a mir mussen dee Vott do respektéieren. Mir hunn zwar haut eng Bataille verluer, awer de Krich nach net."

Wier den Nee majoritär gewiescht, da wier d’Fusioun Nordstad net méi méiglech gewiescht. Ierpeldeng läit nämlech tëschent Ettelbréck an Dikrech.

De Buergermeeschter vu Schieren Jean-Paul Zeimes ass frou iwwer d’Resultat.

"Mir hunn elo scho vill Aarbecht gemaach. Mir wäerten och vill Aarbecht mussen an der Zukunft maachen. A fir datt déi Aarbecht dann och honoréiert gëtt, mengen ech ass dat do ee gutt Resultat."

59 Prozent och eng Warnung

Den Éischte Schäffe vun Ettelbréck war och zefridden, mee ronn 59 Prozent fir de Jo ass och eng Zort Warnung fir de Jean-Paul Schaaf.

"Warnung an deem Sënn, datt ee seet, alles wat der elo maacht, dat musst der dokumentéieren, dat musst der weisen, dat musst der oppe leeën, dir musst à livre ouvert hei schaffen an dir musst d'Bierger mathuelen. Do gesinn ech fir mech den Deel vun der Warnung an op där anerer Manéier awer en Encouragement fir ze soen, mir mengen, datt dat do zesummen e flotte Wee ka sinn."

Elo gëllt et weider iwwer d’Fusioun a gemeinsame Projeten ze verhandelen. Trotz Referendume gouf et do keng Ënnerbriechung, betount den Dikrecher Buergermeeschter Charel Weiler.

"Mir hunn awer weidergeschafft, Woch fir Woch, wou mir eis gesinn hunn, wou mir am Hannergrond weider un de Projete geschafft hunn."

2027 soll de Projet Fusioun Nordstad stoen, dann nämlech gëtt an de véier Gemengen iwwer Referendum nees eng Kéier ofgestëmmt, ob et zur Fusioun kënnt oder net. 

play_arrow Lauschteren