De Jean Asselborn ass dovun iwwerzeegt, datt dat ganzt Gespréich inzenéiert war.
“Dat ass jo och wat herno den Trump gesot huet: Dat do ware wonnerbar Fernseebiller.”
Fir de Jean Asselborn hätt den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj alles richteg gemaach. Hie wier an eng Fal gelaf.
Net op d'Knéie falen, mee weider Gespréicher sichen
Mee och wann et net um Selenskyj wier fir sech ze entschëllegen, misst een awer d'Muecht vun den USA bedenken.
“Wat geschitt, wann d'Amerikaner de Starlink zum Beispill ofschalten? Wat geschitt, wann d'US-Fligeren iwwer dem schwaarze Mier keng Informatioune méi liwweren, och déi Dronen, déi d'Amerikaner hunn.”
Et misst een iergendwéi erëm en Accord fannen, esou de Jean Asselborn. Hien ass iwwerdeems der Meenung, datt an den nächsten Deeg oder Wochen den Accord zu de seelenen Äerde wäert ënnerschriwwe ginn.
De Sommet de Sonndeg zu London wier e gutt Zeeche gewiescht, fënnt de fréieren Ausseminister. Et wier virun allem wichteg, datt een iwwer d'Europäesch Unioun erausgeet.
“Et muss ee wëssen, datt et immens wichteg ass, datt d'Britte sech mat esou abruecht hunn.”
De Plang, deen de Sonndeg ausgeschafft gouf, géif als éischt e Mount Waffestëllstand virgesinn, fir dann iwwer e Friddensaccord ze verhandelen. Fir déi Garantien, déi e Friddensaccord brauch, bräicht een d'USA, seet de Jean Asselborn. Eng Koalitioun, déi iwwer Europa erausgeet, wier néideg.
Den Donneschdeg ass EU-Sommet
De Putin wier méi ugeschloen, wéi et an der Ëffentlechkeet duergestallt gëtt, seet de Jean Asselborn. Virun allem seng Wirtschaft wier ugeschloen. Iwwerdeems géif Russland vu China gedrängt ginn. Dowéinst mengt dee fréieren Ausseminister, datt et zu engem Waffestëllstand kéint kommen.
Nom Waffestëllstand missten awer Garantië kommen. Et wier net déi éischte Kéier, datt Versprieche vu Russland géintiwwer der Ukrain gebrach géife ginn.
D'EU misst wëssen, datt si eleng an deem Fall näischt erreeche kann. Et bräicht een eng kloer Linn. An et misst ee sech bewosst sinn, datt een d'USA weiderhi bräicht.