Radioen

On air

Notturno  |  Wilco - Impossible Germany

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jean Asselborn: Bréissel de Moment verpasst sech ze positionéieren

EU - Noen Osten

Jean Asselborn: Bréissel de Moment verpasst sech ze positionéieren

D‘EU géif bei de Vermëttlungen am No-Ost-Konflikt, keng bedeitend Roll spillen. Dat sot den Ausseminister Jean Asselborn haut um Bord vum EU-Ausseministertreffen um Kierchbierg. 

auto_stories

1 min

Den eenzege relevanten Uspriechpartner souwuel fir Israel wéi och fir d‘Palestinenser wieren d‘USA. D‘EU wier irrelevant ginn, well Bréissel verpasst hätt, sech kloer ze positionéieren a konkret Léisungen ze proposéieren, zum Beispill fir en onofhängege Palestinenserstaat ze grënnen. „Mir waren an de leschte Joren net méi kapabel, dat op e Blat Pabeier ze schreiwen, mir hate keng Positioun méi an der EU dozou" seet de Jean Asselborn. An dofir wier d‘EU net Player, mee Payer.

Um Kierchbierg beroden d‘EU-Ausseministeren haut, fir eng gemeinsam Linn an der Noost-Politik ze fannen.