D‘Jasmine Pettinger war scho Member am Comité vun de Femmes socialistes, si ass och Presidentin vun der Chancëgläichheetskommissioun vun der Gemeng Stengefort a Member am Nationale Fraerot.
D'Maxime Miltgen gouf Mëtt Mäerz beim Nationalkongress vun der LSAP als nei Co-Presidentin gewielt ginn. Si deelt sech d'Spëtzt mat hirem Parteikolleeg Georges Engel. Si wäerten d'LSAP an déi nächst Wale féieren.