An der ukrainescher Haaptstad huet de Pistorius Gespréicher iwwert déi weider militäresch Ënnerstëtzung am Krich géint Russland.
E puer Deeg virum Amtsuntrëtt vum US-President Donald Trump war de Pistorius gëschter um Méindeg och zu Warschau mat de Verdeedegungsministeren aus Polen, Frankräich, Italien a Groussbritannien zesumme fir iwwer weider Ukrain-Hëllefen ze beroden.
Déi ukrainesch Arméi huet um Dënschdeg Moie gemellt, datt si mat hire Rakéitenattacken eng militäresch Chimie-Fabrik a Russland getraff hätt.