Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nouveau Front Populaire gëtt stäerkst Kraaft, mee ouni absolut Majoritéit

Parlamentswalen a Frankräich

Nouveau Front Populaire gëtt stäerkst Kraaft, mee ouni absolut Majoritéit

D'Fransousen hunn am zweeten Tour vun de Parlamentswale fir eng Iwwerraschung gesuergt: Anescht wéi virausgesot, kënnt déi lénks-gréng Allianz Nouveau Front Populaire an der neier Assemblée Nationale op déi éischt Plaz, de rietsextreme Rassemblement National just op déi drëtt Plaz. Keng vun de Formatioune kritt déi néideg Majoritéit fir eleng ze regéieren.

auto_stories

3 min

De Jean-Luc Mélenchon feiert sech als Gewënner vun de Walen. (Foto: Jean-Luc Mélenchon / X)

Dem President Emmanuel Macron säi Bündnis Ensemble kënnt souguer nach virun de rietsextremen RN. Virun enger Woch, am 1. Tour, hat den RN nach bei wäitem am Meeschte Stëmme kritt. 

Keng Partei a keng Allianz kritt eng absolut Majoritéit: Dofir wieren op d'Mannst 289 vu 577 Deputéiert néideg. 

De Premier Gabriel Attal (Renaissance) huet annoncéiert, datt hien direkt um Méindeg Moie beim President seng Demissioun areecht. Mee den Emmanuel Macron huet um Sonndeg Owend ze verstoe ginn, datt hie sech Zäit léisst fir en neie Premier ze nennen. D'Zuele géifen nach evaluéieren, an hie wéilt waarde bis déi nei Assemblée Nationale "strukturéiert" wier. D'Parlament muss den Donneschdeg, den 18. Juli fir hir éischt Sessioun zesumme kommen. 

Souguer Macron-Allianz virum RN

D'Resultater sinn definitiv: 

    1. Nouveau Front Populaire (Lénks-gréng Allianz): 182 Mandater
    2. Ensemble (Majoritéit hannert dem President Macron): 168 Mandater
    3. Rassemblement National an Alliéiert: 143 Mandater

Resultater no Parteien

De Rassemblement National gëtt awer déi stäerkst eenzel Partei: 

    1. Rassemblement National: 126 Mandater
    2. Renaissance (Partei vum Emmanuel Macron): 98 Mandater
    3. France Insoumise (Partei vum Jean-Luc Mélenchon): 71 Mandater
    4. Parti Socialiste: 64
    5. Les Républicains: 45 Mandater
    6. Ecologistes: 33 Mandater

Nouveau Front Populaire wëll an d'Regierung

De Jean-Luc Mélenchon, Leader vu La France Insoumise, huet de Staatspresident Emmanuel Macron direkt no der Annonce vun den Héichrechnungen opgeruff, dem Nouveau Front Populaire d'Regierungsformatioun unzevertrauen.

RN net a Positioun fir ze regéieren

De Jordan Bardella, Spëtzekandidat vum rietsextreme Rassemblement National, gëtt dem Emmanuel Macron d'Schold, datt den RN am zweeten Tour manner Deputéiert krut wéi nach virun enger Woch virausgesot. D'Arrangementer tëscht der liberaler Mëtt an dem lénks-grénge Bündnis hätte verhënnert, datt den RN kéint fir e "Redressement" vu Frankräich suergen. Millioune vu Fransouse wieren elo frustréiert.

Den RN wéilt an den nächste Joren nach méi staark ginn, mengt de Jordan Bardella: "Mir wëllen d'Muecht net just fir Muecht ze hunn". Hie verstoppt, datt den RN no dësem decisiven zweeten Tour guer net an der Positioun ass fir un d'Muecht ze kommen, well d'Partei méi schwaach ofgeschnidden huet, wéi si et selwer gehofft hat. 

Vereenzelt Onrouen a franséische Stied

Den Emmanuel Macron huet gëschter Owend ze verstoe ginn, datt hie sech Zäit léisst fir en neie Premier ze nennen. D‘Zuele géifen nach evaluéiert ginn, an hie wéilt waarde bis déi nei Assemblée Nationale "strukturéiert" wier. D‘Parlament muss den Donneschdeg, 18. Juli fir hir éischt Sessioun zesumme kommen. 

Am Benelux Raum wënnt de Pieyre-Alexandre Anglade vum President sengem Bündnis Ensemble. Hien huet sech knapp géint d‘Sozialistin Cécilia Gondard duerchgesat. D‘Fransousen zu Lëtzebuerg hunn och majoritär fir de Pieyre-Alexandre Anglade gewielt.

No der Annonce vun de Resultater koum et gëschter Owend an e puer Stied zu Zesummestéiss tëscht Demonstranten an der Police. Dat ënner anerem zu Lille, Nantes an zu Paräis. Dausende Leit haten sech an der Haaptstad op der Place de la République versammelt hate fir d‘Victoire vun der Gauche ze feieren.

Dësen Artikel gouf am Laf vum Moien aktualiséiert.