Radioen

On air

9 bis 1  |  João Selva, Clea Vincent - Viens Danser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerraschend Visitt: Wladimir Putin zu Kursk

Krich an der Ukrain

Iwwerraschend Visitt: Wladimir Putin zu Kursk

Aktuell leeft eng erfollegräich Géigenoffensiv vun der russescher Arméi an der Grenzregioun Kursk. De russesche President huet d'Truppe besicht a gesot, et sollt een de Rescht vun den ukraineschen Truppen aus Kursk verdreiwen. 

 

auto_stories

1 min

Wladimir Putin trëfft sech zu Kursk mat engem Generol vun der russescher Arméi, 13.03.25 | © picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
Wladimir Putin trëfft sech zu Kursk mat engem Generol vun der russescher Arméi, 13.03.25 (Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

An der Nuecht op en Donneschdeg sollen ukrainesch Drone russesch Positiounen ugegraff hunn, dat mellt Moskau um Donneschdegmoien. Si hätte 77 ukrainesch Dronen iwwer hirem Territoire ofgeschoss.

D'Ukrain huet sech an de leschten Deeg prett gewise fir e Waffestëllstand am Krich mat Russland anzehalen. Hir Alliéiert sollten awer weider Drock op Moskau maachen, dat huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an engem Videomessage gefuerdert. Moskau huet bis elo och keng kloer Äntwert op d'Propos vum Waffestëllstand ginn.