Datt leschte Weekend d’Bornen op de franséischen Autobunne komplett iwwerlaascht waren, géif och net onbedéngt mat engem Manktem u Bornen zesummenhänken, seet hien. Et hätt awer generell och op den Tankstelle fir Bensinn an Diesel e groussen Ustuerm an domat Stau ginn.
Et wier awer och ëmmer eng Optioun vun den Autobunnen erofzefueren – wann et sech do op den Tankstelle staut – fir dann an der Ëmgéigend eng Born, respektiv eng Tankstell ze sichen.
Lëtzebuerg ass gutt mat Bornen op der Autobunn opgestallt
Am klenge Lëtzebuerger Autobunnsnetz wier laangt Waarden och just d’Ausnam, seet de Frank Maas.
"Wann een elo zum Beispill den Duerchgangsverkéier hëlt fir eebe Richtung Süden oder zeréck, hu mir op deenen zwou groussen Tankstellen och Luedstatiounen zu all Säit. Dat mécht am Ganze 24 Schnellluedstatiounen. Natierlech kann et do sinn, dass bei Stousszäiten och mol Waardezäite kënnen entstoen."
Wann een awer den alldeegleche Betrib kucke géing, da wieren déi Luedstatioune guer net, oder nëmmen deelweis, besat. Dat kéint ee jo och en temps réel nokucken, esou nach de Frank Maas, Mobilitéits-Expert beim Lëtzebuerger Autombilclub ACL.