arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerfloss: Transkript vun der Episod 6

Zeenewiessel

|
reading time

21 min

Iwwerfloss: Transkript vun der Episod 6

reading time

21 min

Torsten Wienert Wir haben hier in diesen Rinnen jeweils so 20 bis 25.000 kleine Fische, die momentan von zwei bis drei Zentimetern gross sind. Wir reden hier von 0,2 Gramm pro Fisch. Die vor wenigen Wochen erst geschlüpft sind und die ganz am Anfang noch stehen von der Nahrungsaufnahme. Und diese kleinen Bachforellen werden in den nächsten drei Monaten zu, wir nennen es, kleinen Eingrämmern herangezogen und der Grossteil davon wird ausgesetzt.

Jamie Reinert Zu Lëntgen ziicht de Staat all Joers ronn eng Hallef Millioun Baachfrellen.  

Torsten Wienert  Der Bestand, den wir jährlich aussetzen, der stützt so ziemlich das halbe Land. Wenn wir das nicht mehr machen würden, ist meine Meinung, dass die Bachforelle verschwinden würde in gewissen Bereichen.

Jamie Reinert Et geet drëms, d’Biodiversitéit an de Gewässer ze erhalen. Mee Fësch aussetzen, dat ass net an alle Baachen a Flëss am Land méiglech.

Torsten Wienert Wir setzen in der Uelzecht auch keine Forellen aus.

Charlotte Bruneau Wisou?

Torsten Wienert Wir setzen nur Fische da aus, wo sie die Möglichkeit haben zu laichen. Und dementsprechend ist die Qualität in der Uelzecht nicht gegeben.

Jamie Reinert Ville Fëschaarten geet et net gutt an de Gewässer hei am Land. Fréier war dat anescht. Esouguer de Saumon, deen et elo zu Lëtzebuerg guer net méi gëtt, konnt een hei fëschen.  

Torsten Wienert Gut 150 Jahre her, war das der Brotfisch der Menschen.

Jamie Reinert Fir datt de Saumon nees zeréckkënnt, musse Flëss a Baachen an engem gudden Zoustand sinn. Ee méigleche Retour vum Saumon gëllt dowéinst am ganze Rhäin-Anzuchsgebitt als Symbol fir ee gelongene Gewässerschutz.

Carole Molitor Wann de Saumon hei wier an e kéint hei säi Liewenszyklus weiderféieren, dat wier scho mol e ganz gutt Zeechen.

Jörg Schneider Der Lachs ist praktisch als Indikatorart ausgewählt worden, um die Sanierungsbemühungen hier im Rheinsystem zu dokumentieren.

Roberto Epple On est donc devant un fait de choisir. Est-ce qu'on investit pour faire revenir cette espèce emblématique ou pas?

Jamie Reinert Ass d’Uelzecht nach ze retten? A kéint de Saumon nees zeréckkommen? Mäin Numm ass Jamie Reinert an dat dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Iwwerfloss heescht eis Serie, an där d’Charlotte Bruneau an d’Pia Oppel der Uelzecht op d’Spuer ginn.

Episod 6: Wéi e Fësch an der Uelzecht

An dëser leschter Episod schwätze mir iwwer de Saumon, e Fësch, deen zu Lëtzebuerg mol tonneweis gefëscht gouf. Charlotte, firwat dëse Fokus op de Saumon?

Charlotte Bruneau Ma eis ass bei der Recherche opgefall, datt wierklech vill Leit sech dat guer net kënne virstellen, datt et dee Fësch jee an der Uelzecht gouf. 

Pia Oppel Et huet ee sech dru gewinnt, datt de Saumon, deen een ësst, vu wäit fort importéiert gëtt. An datt d’Uelzecht knaschteg ass. Mee dat war eeben net ëmmer esou.

Charlotte Bruneau Nach bis an d’19. Joerhonnert war de Saumon e ganz typesche Fësch an de Gewässer hei.

Torsten Wienert Die Leute wussten, wann der Lachs vorbeizieht.

Charlotte Bruneau Den Torsten Wienert ass Fëschmeeschter zu Lëntgen op der Zuchtstatioun.

Torsten Wienert Mit Netzen oder verschiedenen Angelmethoden wurden die aus dem Gewässer entnommen und dann natürlich auch gegessen.

Pia Oppel De Saumon ass e Wanderfësch. En hannerleet a sengem Liewen Dausende vu Kilometer.

Torsten Wienert Ja der lebt hauptsächlich im Meer, wenn er gross ist.

Charlotte Bruneau No e puer Joer am Mier schwëmmt e géint d’Stréimung dohinner zeréck, wou e gebuer ass. 

Torsten Wienert Über das holländische Gewässer in die deutschen Gewässer, in den deutschen Rhein. Muss dann die Mosel komplett hoch, um dann hier in die luxemburgischen Gewässer reinzukommen.

Pia Oppel Fir dann hei ze läichen. Dofir brauch en eng adequat Plaz, fir seng Eeër ze leeën.

Charlotte Bruneau Mat deene richtege Konditiounen, fir datt déi kleng Fësch grouss a staark genuch ginn, fir de laange Wee erof an d’Nordmier ze packen.

Torsten Wienert Also er braucht ein sauerstoffreiches Gewässer, er braucht richtig passenden Kiesboden und letztendlich am Ende auch die Temperaturen.

Pia Oppel Déi lescht Saumone sinn hei am Land an den 1950er gefëscht ginn. An dat war et dann.

Charlotte Bruneau Zu där Entwécklung hunn nieft där schlechter Waasserqualitéit och aner Facteure bäigedroen. Notamment gouf et ëmmer méi Barriären an de Flëss, mee dozou komme mir nach.

Jamie Reinert De Saumon ass also aus eise Gewässer verschwonnen. Mee net aus den Iessgewunnechten.

Pia Oppel Nee, ganz am Géigendeel. De Saumon gëtt ëmmer méi beléift.

Charlotte Bruneau A mir konsuméieren en net méi frësch aus der Uelzecht, mee importéiert, an deels aus Masseproduktioun.

Charlotte Bruneau Mir stinn hei beim Fëschrayon, hei si verschidden Zorte Saumon. Vu wou ass de Saumon, deen Dir elo ausgesicht hutt?

Cliente Ech kucken. Hm, ech hu kee Brëll un.

Charlotte Bruneau Ech gesinn et och net.

Cliente Ech huelen emol un aus iergendenger Produktioun aus dem Atlantik.

Charlotte Bruneau Hei steet “élevé en Norvège”.

Cliente Da war ech jo net wäit aus de Féiss, jo. Norwegen dann.

Charlotte Bruneau Jo, et steet do och zimmlech kleng gedréckt. Wéi wielt Dir dann Äre Saumon aus? Wat sinn d'Krittären?

Cliente Ech kucken, fir Bio ze kafen. Dat ass mol den éischte Krittär. Also ech hoffen, datt en dann net esou fuerchtbar gedriwwen ass. Datt en da wéinstens e bëssen natierlech kann opwuessen. Mee mir kréien och dacks Saache verkaf, wou mir vläicht och net wëssen, ob et esou ass.

Jamie Reinert Den Zoustand vun der Uelzecht kann engem als Konsument an engem gewësse Sënn also egal sinn. Am Supermarché fënnt ee jo Saumon en masse?

Charlotte Bruneau Jo, esou kann een et gesinn. Quitt datt et an de Supermarchéen entretemps haaptsächlech geziichte Saumon gëtt. Wat dann aner Problemer mat sech bréngt.

Pia Oppel Ëmweltorganisatioune kritiséieren, datt déi industriell Massenzuucht, a Käfeger am Mier, zu enger Belaaschtung vun de Gewässer mat Närstoffer a Pestizide féiert. 

Charlotte Bruneau An de Bestand vu wëllem Saumon, deen ass weltwäit réckleefeg. Entretemps ass de Saumon op der Lëscht vun de potentiell vum Ausstierwe menacéierten Aarten. 

Jamie Reinert Kritt een déi Tendenz dann nach ëmgedréit? Wat gëtt gemaach fir de Saumon ze retten?

Pia Oppel Also fir elo mol bei den Efforten ze bleiwen, déi hei an der Regioun gemaach ginn, do ass  eng Initiativ besonnesch wichteg ze erwänen.

Charlotte Bruneau An den 1950er Joren di sech Frankräich, Däitschland, Holland, d’Schwäiz a Lëtzebuerg zesummen a grënnen déi international Rhäin-Schutzkommissioun. 

Anne Schulte-Wülwer-Leidig Die Niederländer am Unterlauf des Rheins hatten natürlich die grössten Probleme mit der Trinkwasserqualität. 

Pia Oppel D’Anne Schulte-Wülwer-Leidig huet iwwer 30 Joer bei der internationaler Rhäin-Schutzkommissioun geschafft. 

Anne Schulte-Wülwer-Leidig Und von daher war hier dringend geboten, etwas zu tun und die Qualität des Rheins wieder zu verbessern.

Charlotte Bruneau Industrien a Kläranlage mussen d’Verschmotzung vum Waasser an de Grëff kréien. Mee den Defi ass enorm.

Anne Schulte-Wülwer-Leidig Am gesamten Rhein ist ja fast die gesamte westeuropäische Chemieindustrie angesiedelt.

Pia Oppel An domadder ass natierlech och ee gewësse Risiko verbonnen: 1986 kënnt et zu engem Brand an enger Chimiesfabrick bei Basel. Dee léist eng Gëftwell am Rhäin aus.

Anne Schulte-Wülwer-Leidig Es gab wirklich Horrormeldungen, die um die ganze Welt gingen damals. Es gab in allen großen Städten große Demos. Man hat gesagt, der Rhein ist tot über Jahrzehnte. Und es gab innerhalb von elf Monaten drei Ministerkonferenzen, um ein Sanierungsprogramm in die Wege zu setzen.

Pia Oppel De Gewässerschutz kritt méi Opmierksamkeet. An de Saumon kritt dann och 1987 säin eegene Mesürepak: de “Saumon 2000 Programm”, gedroe vun de Membere vun der Rhäin-Schutzkommissioun. 

Charlotte Bruneau Mat ambitiéisen Ziler. Bis d’Joer 2000 soll de Saumon nees kënnen duerch de Rhäin schwammen, fir an den Zouflëss ze läichen. Also och an de Lëtzebuerger Gewässer.

Pia Oppel An dofir ginn all Joers Honnertdausende kleng Saumonen am Rhäigebitt ausgesat. An der Hoffnung, datt se als erwuesse Fësch dann zeréckkommen a sech eng stabil Populatioun lues a lues erëm opbaut. 

Jamie Reinert A wat bréngen all dës Efforten?

Pia Oppel Et ginn effektiv Fortschrëtter gemaach. De ganze Kontext changéiert da jo och: Well generell kritt de Gewässerschutz an der EU da spéitstens an den 2000er Jore mat der Waasserkaderdirektiv ee ganz anere Stellewäert.

Charlotte Bruneau Et gi verbindlech Ziler festgeluecht, fir d’Gewässer an ee gudden Zoustand ze bréngen. Dat hu mir schonn erwäänt, och Lëtzebuerg soll dat Zil eigentlech bis Enn nächst Joer erreechen.

Pia Oppel An och wann dat sécherlech net geléngt, ass scho vill geschitt.

Carole Molitor D'Qualitéit ass schonn e gutt Stéck eropgaangen, dank eben dem Ausbau vun de Kläranlagen, wou ganz vill Efforten an de leschte Jore gemaach goufen.

Charlotte Bruneau Op verschidde Plazen zu Lëtzebuerg wier d’Waasserqualitéit potentiell och ginn, seet d’Carole Molitor vun der Waasserverwaltung, fir datt de Saumon zeréckkommen a läiche kéint. 

Pia Oppel Mee den Zoustand vun der Uelzecht ass eebe weiderhin ze dacks nach ze schlecht, fir datt de Saumon sech hei nees kéint usidelen, a fir datt e kéint Läichplazen an den Niewebaache fannen. An da gëtt et nach een anere grousse Problem. Esouguer wann et géif geléngen d’Waasserqualitéit ze verbesseren.

Carole Molitor  Wa Lëtzebuerg all seng Hausaufgabe mécht, ass scho mol gutt. Mee de Wee bis op Lëtzebuerg muss de Saumon jo och nach packen a maachen.

Pia Oppel Wat d’Carole Molitor domadder mengt, ass d’Duerchgängegkeet vun de Gewässer. 

Jamie Reinert Also physesch Barriären, wou ginn et där?

Pia Oppel Wierer oder kleng Staumaueren, zum Beispill vu Waasserkraaftwierker oder historesche Millen, där Barriäre sinn hei am Land eng 1.000 identifizéiert ginn, déi missten ewechgeholl oder adaptéiert ginn, fir d’Gewässer erëm duerchgängeg ze maachen.

Jamie Reinert An iwwer d’Grenze vu Lëtzebuerg eraus - wéi duerchgängeg sinn d’Musel an de Rhäin?

Pia Oppel Ma do bleift och nach esou munches ze maachen! 

Jörg Schneider Da sehen wir die, erst mal auf der rechten Seite, das Kraftwerk mit den Turbinenausläufen. Hier ist dann eine sehr starke Strömung 

Charlotte Bruneau Ech sinn mam Biolog Jörg Schneider zu Koblenz, bei der Staustuf op der Musel. Nieft dem Kraaftwierk ass eng Staumauer. An de Kanal fir d’Schëfffaart 

Charlotte Bruneau Solche Hindernisse, also es gibt zehn davon bis nach Luxemburg, von Koblenz nach Luxemburg.

Jörg Schneider Ja, zehn Stück sind es. Zehn Staustufen. Die dann eben auch zum Aussterben von eigentlich allen Wanderfischarten geführt haben, die zum Leichen in die Oberläufe aufwandern wollen.

Pia Oppel An déi zéng Staustufen op der Musel solle mat modernen, méi effikasse Fëschpass ekipéiert ginn, fir datt Wanderfësch besser duerschschwamme kënnen. Fëschpäss, dat si speziell Passagen nieft Hindernisser, duerch déi Fësch schwamme kënnen. 

Charlotte Bruneau Zu Koblenz ass dat scho geschitt. Den ale Fëschpass ass 2011 moderniséiert ginn.

Jörg Schneider Er funktioniert auch sehr gut, allerdings muss man natürlich sagen, so ein Fischpass ist immer in Relation zum gesamten Gewässer eine relativ punktuelle Lösung,

Jamie Reinert Et ginn also technesch Léisungen, fir datt Wanderfësch esouguer duerch déi staark verännert Musel kommen. Kréien déi aner néng Staustufen dann och e méi moderne Fëschpass?

Pia Oppel Déi zwee nächst sinn an der Planung, mee et geet net richteg virun. Déi Projete sinn immens deier a komplizéiert. 

Charlotte Bruneau Och um Rhäin selwer ginn zënter op d’mannst 20 Joer modern Fëschpäss op grousse Kraftwierker gebaut. Ee Projet, deen awer nach ëmmer net ofgeschloss ass. 

Pia Oppel Elo ass de Rhäin bal bis op Basel duerchgängeg, an all déi Chantieren, déi dofir néideg waren, hunn zesummen iwwer 400 Milliounen Euro kascht.

Jamie Reinert Dat heescht, et ass scho vill geschitt. Spigelt dat sech an der Unzuel vu Saumonen, déi zeréck an de Rhäin kommen? 

Charlotte Bruneau D’Bild ass leider net esou roseg. Bis 2015 ass d’Unzuel vu Saumone, déi aus dem Nordmier zeréckkomm sinn, tendenziell eropgaangen. Mee zënterdeem ginn d’Zuelen erëm erof. 

Pia Oppel De Jörg Schneider, de Biolog dee mir Koblenz getraff hunn, huet am Optrag vun der Rhäin-Schutzkommissioun recherchéiert fir erauszefannen, wat d’Ursaache sinn.

Charlotte Bruneau Eng héich Mortalitéit am Mier, méi Predateuren a méi niddereg Waasserstänn gehéieren zu de méigleche Grënn. Duerch de Klimawandel spëtzt sech dat Ganzt zou.

Jörg Schneider Das Projekt wurde damals “Lachs 2000” genannt, weil die Zielsetzung war, dass praktisch bis zum Jahr 2000 die Probleme so weit gelöst sind, dass der Lachs hier wieder eine stabile Population bilden kann.

 Charlotte Bruneau Und heute sehen wir, dass das sehr optimistisch war.

Jörg Schneider Ja, es war sehr optimistisch, es dauert meistens ein bisschen länger eine Art, die anspruchsvoll ist, wieder anzusiedeln, als sie auszurotten. 

Jamie Reinert De Saumon steet also ënner Drock. Am Mier, wou e lieft, awer och an de Flëss, déi e brauch fir sech ze reproduzéieren. Gëtt et also keng Hoffnung fir ee Retour vum Saumon an d’Uelzecht?

Charlotte Bruneau Et gesäit effektiv net gutt aus fir de Saumon. Op d’mannst net kuerzfristeg. Mee alleguer dës Efforten, fir datt de Saumon vläicht awer iergendwann emol zeréck kéint kommen, déi e sinn egal wéi net ëmsoss.

Pia Oppel Well och aner Fësch, déi vill manner laang Distanzen zeréckleeën, brauche fräi fléissend Flëss an eng konstant Waasserqualitéit. An iwwerhaapt, déi ganz aquatesch Ekosystemer si jo och drop ugewisen, datt d’Situatioun sech verbessert.

Charlotte Bruneau Moien.

Claude Strotz Moien. De Claude.

Charlotte Bruneau Charlotte Bruneau, enchantéiert.

Claude Strotz Freet mech.

Charlotte Bruneau Jo, mir sinn hei zu Ettelbréck. Et fisemt. Géift Dir normalerweis an esou engem Wieder och fësche goen?

Claude Strotz A sech ass dat net esou verkéiert, wann et e bësse fisemt. Mee et ass natierlech elo vill ze vill Waasser. Also zemools fir meng Fëscherei, fir d'Méckefëscherei ass dat hei kee Wieder.

Charlotte Bruneau De Claude Strotz fëscht zënter senger Kandheet. De pensionéierte Polizist ass elo Vizepresident vum Lëtzebuerger Sportfëscherverband.

Claude Strotz An ech hu mech souzesoen eise Fësch an der Fëscherei verschriwwen. Quitt datt mäi bescheidene Rôle just ka si fir op d'Problemer opmierksam ze maachen.

Charlotte Bruneau Mir spadséieren zu Ettelbréck laanscht d’Uelzecht, kuerz virun hirer Mündung an d’Sauer.

Charlotte Bruneau Wéi ass dat haut an der Uelzecht ze fëschen?

Claude Strotz D'Uelzecht gëtt, bis zumindest zur Mündung vun der Äisch, also ass praktesch kee Fësch do. Vu Salmonide guer net ze schwätzen. E puer Wäissfësch, jo. Och nach an der Stad an och nach virdru si genuch Minnen, Wäissfësch, déi net kriddeleg sinn, déi mat den Temperaturen eens ginn, déi mat e bësse Sauerstoffmangel eens ginn. Mee eréischt hei, ab, jo, ab Colmer-Bierg, kann ee soen, gëtt et eenegermoosse gutt.

Pia Oppel Generell ass hie besuergt ëm d’Aartevillfalt. 

Claude Strotz Wa mir e Concours maachen a mir fänke just d'Grondelen, da brauche mir eis keng Illusioune méi ze maachen.

Charlotte Bruneau D’Grondel ass en invasive Fësch, deen et eréischt zënter 10 bis 15 Joer zu Lëtzebuerg gëtt. D’Unzuel vu manner sensibele Fësch, wéi eeben d’Grondel, geet an d’Luucht. 

Pia Oppel Heemesch Fësch wéi Frellen oder Äschen, där ginn et ëmmer manner.

Claude Strotz Mee et ass awer eng Tatsaach, datt et eng Trauregkeet ass, datt ëmmer méi Biodiversitéit verluer geet an datt mir et einfach net fäerdegbréngen do der Natur e bëssen hire Laf ze loossen. 

Charlotte Bruneau Der Natur nees hire Laf loossen. Genee dat ass u sech awer d’Zil vun der europäescher Waasserdirektiv. D’Gewässer sollen nees an ee méiglechst natierlechen Zoustand bruecht ginn.

Jamie Reinert Een Zil, dat Lëtzebuerg sécher net am Delai wäert erreechen, wéi mir schonn erwäänt hunn. Wéi grouss ass de Risiko dann, datt Lëtzebuerg nees eng Strof kritt, änlech wéi 2013 wéinst de Kläranlagen?

Pia Oppel Dat ass schwéier anzeschätzen. Och well d’EU-Kommissioun den Ament eng Bereetschaft signaliséiert, fir d’Ziler vun der Waasserdirektiv eventuell nach emol op de Leescht ze huelen.

Charlotte Bruneau Mee Lëtzebuerg ass beim Waasserschutz wierklech kee gudde Schüler, esou datt d’Experten hei am Land eng Strof net ausschléissen.

Marc Hans Léif alleguerten, häerzlech wëllkomm. Free Flow Luxemburg, ee Wuert mat villen Effen. Ech géif et op Lëtzebuergesch iwwersetze mat fräi fléissend Baachen a Flëss hei zu Lëtzebuerg. Dat huet eng Notioun vu Fräiheet. A leider ass et awer esou, datt eis Flëss hei zu Lëtzebuerg net fräi sinn. Mir sinn een dicht besidelt Land. A mir hunn immens vill Barriären an eise Gewässer. An déi schéin Organismen, Fësch, aquatesch Liewewiesen, déi mir virdru gesinn hunn, ech mengen net, datt si sech fräi fillen.

Pia Oppel Dat ass den Direkter vun der Waasserverwaltung, de Marc Hans. Am Pafendall fir d’Presentatioun vun enger Strategie, fir d’Gewässer méi duerchgängeg ze maachen. 

Charlotte Bruneau Ech hunn nach eng Fro, wat 2027 geschitt, wa mir de gudden Zoustand net erreechen?

Marc Hans Ma, dat ass am Moment eng grouss Onsécherheet, wéi d'Kommissioun oder wéi den europäeschen Niveau elo reagéiere wäert. Et muss ee jo och soen, d'Zil war bis 2015 dee gudden Zoustand erreecht ze hunn. Ech mengen, dat war ze optimistesch deemools, wéi 2000 d'Direktiv erauskomm ass. An elo geet et drëm d'Situatioun eng Kéier nei ze evaluéieren, ze kucken, sinn eis Ziler realistesch. Kréie mir Strofen, kréie mir keng Strofen. Dat wäerte mir da gesinn.

Pia Oppel Onofhängeg vun deem, wat d’EU virschreift, stellt sech awer méi grondsätzlech d’Fro vum Wäert vun enger intakter Ëmwelt. 

Jamie Reinert Oder an anere Wierder, muss een den negativen Impakt op d’Flëss a Kaf huelen, fir Wuesstem a Wuelstand ze schafen?

Pia Oppel Jo, am Kär si mir do bei der Fro: Wat bréngt eis dat iwwerhaapt, eng gesond Uelzecht?

Charlotte Bruneau D’Schwieregkeet ass, datt de Wäert vun enger intakter Natur, enger gesonder Uelzecht, schwéier ze erfaassen ass. Op alle Fall an deenen üblechen Indicateuren, wéi dem Bruttoinlandsprodukt zum Beispill.

Pia Oppel Et kann een natierlech argumentéieren, och d’Ëmwelt huet een ekonomesche Wäert, si ass d’Viraussetzung fir Wuelstand ze schafen. Mee wat ee vun deem Argument hält, dat bleift eng Fro vun der Perspektiv.

Fred Fack Dat sinn d’Paddelen an da kënne mir lassfueren.

Charlotte Bruneau Mir si bei der Gantebeensmillen, an hu grad e Kayak bis op de Ponton gedroen, direkt iwwer der Uelzecht.

Fred Fack Mäin Numm ass Fred Fack an ech sinn hei am Canoë Kayak Club Lëtzebuerg.

Charlotte Bruneau Wéi ass dat fir Iech, dee Moment, wou Dir op d'Waasser kommt?

Fred Fack Dat ass ëmmer nach e flotte Moment. Entweder d'Rou vum Floss ze sichen. Oder fir e bësselchen déi Plaz sichen ze goen, wou de Floss méi wibbeleg ass. Oder eebe wéi elo, do wou mir hei laanscht fueren.

Ganz oft wëssen d'Leit et net, datt et traditionell säit Laangem Kayaksclib op der Uelzecht bei der Stad gëtt. Et gëtt eng Partie Leit, déi sech d'Fro stelle vun der Waasserqualitéit, ob dat dann och dat richtegt ass fir drop ze paddelen.

Wat ech net géing maachen, si laang Distanze schwammen. Wéi haut paddelen, do huet een am Fong geholl relativ wéineg Kontakt direkt mam Waasser.

A wann Dir elo kuckt, do ass de Jean-Pierre grad amgaange fortzefléien.

Charlotte Bruneau Wien, de Jean-Pierre?

Fred Fack Jean-Pierre ass de Fëschreier, deen hei an der Géigend ass. Bon, mir hunn e mol Jean-Pierre genannt.

Charlotte Bruneau Et ass awer eng schéi Vue mat de Beem iwwer dem Waasser. Et ass alles gréng. An, jo, esou no vun der Stad am Fong.

Fred Fack Normalerweis, wann ee bis eng Kéier en Tour hei gemaach huet am Gréngen, da gesäit een déi Saach ganz aneschters.

Charlotte Bruneau Ah, do ass de Jean-Pierre erëm. Jo, e flitt e bëssen no vir. An da komme mir an da flitt e erëm weider. Jo dat ass déi éischte Kéier, datt ech op der Uelzecht sinn. Dat ass wierklech eng ganz aner Perspektiv.

Jamie Reinert Dat hei war déi lescht Episod vun eiser Serie “Iwwerfloss”. Merci Charlotte, Merci Pia.

Charlotte Bruneau Merci Dir, Jamie!

Pia Oppel Merci!

Jamie Reinert Bis et hei am Zeenewiessel mat der nächster Doku-Serie weidergeet, héiert Dir vun Zäit zu Zäit vun eis zeréck. Mat engem aneren, méi kuerze Format, dem Zeenewiessel-Portrait.

Pia Oppel D’Konzept ass einfach. Een Dag am Liewe vun enger Persoun, déi eppes ze soen huet zu engem Theema, dat eis all eppes ugeet. Also sidd gespaant!

Jamie Reinert Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau a vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. 

Sound-Design a Musek vu mir Jamie Reinert. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich

Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt, schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.