arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerfloss: Transkript vun der Episod 5

Zeenewiessel

|
reading time

27 min

Iwwerfloss: Transkript vun der Episod 5

reading time

27 min

Laurent Pfister Elo do mir eis Schutzhüllen u fir op d’Schong, fir domat mir keng Keimen a kee Knascht mat eranhuelen an d'Quell. Well déi soll jo méiglechst propper bleiwen.

Pia Oppel OK, elo gi mir hei eng Trap erof.

Laurent Pfister Duerch de Sandsteen.

Pia Oppel Huh.

Laurent Pfister Et ass immens schéin, nee?

Pia Oppel Kënnt Dir dat beschreiwen, wat mir gesinn?

Laurent Pfister Ma mir sinn hei am Fong an engem Sall, dee kënschtlech gegruewe ginn ass. Do kënnt d'Waasser am Fong aus dem Sandsteen eraus duerch verschidde Rëss, esou Fissuren, déi am Sandstee sinn. A wou d'Waasser eeben iwwer vill Jore vun uewen op der Oberfläch, also dat sinn eng 50 Meter uewen driwwer, säi Wee bis hei hinner gesicht an och fonnt huet.

Jamie Reinert Op der Polvermillen ass déi ergiibegst Quell um Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg. Si deckt méi wéi een Zéngtel vum Waasserverbrauch vun der Stad of.

Pia Oppel D'Waasser gesäit wierklech aus wéi esou eng türkis Schwämm. Also et hätt een elo scho Loscht ...

Laurent Pfister ... dran ze sprangen. Et ass awer héchstwarscheinlech elo net esou waarm, datt et gutt schuckeleg wier.

Jamie Reinert Aus der Quell kënnt d’ganzt Joer iwwer killt Waasser. Eigentlech géif dat Waasser an d’Uelzecht fléissen. Mee amplaz gëtt et ofgepompelt fir an den Drénkwaasserreseau. Dat selwecht gëllt fir iwwer 400 aner Quellen am Anzuchsgebitt vun der Uelzecht. De Floss kritt d’Waasser dann deels nees zeréck. Awer a méi schlechter Qualitéit, als Ofwaasser aus enger Kläranlag.

Pia Oppel Dat Quellewaasser géif hir hëllefe fir an engem besseren Zoustand ze sinn. Ass et ok, datt mir hir dat ewechhuelen?

Laurent Pfister Ech mengen et ass ëmmer ee Kompromëss, deen ee muss fannen. Mee ech mengen, mir brauche jo awer och als Gesellschaft Waasser.

Jamie Reinert Ass d’Uelzecht nach ze retten? An huet Lëtzebuerg genuch Waasser fir Mënsch an Natur? Mäin Numm ass Jamie Reinert an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. “Iwwerfloss” heescht eis Serie, an där d’Pia Oppel an d’Charlotte Bruneau der Uelzecht op d’Spuer ginn.

Episod 5: Ugezaapt

Pia, Du bass haut eleng am Asaz. D’Charlotte ass déi nächste Kéier nees dobäi. Mir hunn elo an der Intro héieren, beim Verdeele vu Waasserressourcë musse Kompromësser gemaach ginn - well d’Waasser zu Lëtzebuerg knapp ass?

Pia Oppel Also wierklech knapp ass d’Waasser eigentlech net. Doriwwer hunn ech no der Visitt vun der Quell op der Polvermillen mam Laurent Pfister geschwat.

Laurent Pfister Mir hunn d'Chance, datt mir hei e Klima hunn, wat staark ozeanesch gepräägt ass. Dat heescht, wou mir vill Waasser iwwer d'Loftzirkulatioune kréien, déi vum Atlantik hierkommen. An déi bréngen d’ganzt Joer iwwer vill Waasser.

Pia Oppel Hie fuerscht um Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technik.

Laurent Pfister Also ech si vun der Ausbildung hier Hydrolog.

Pia Oppel Mir stinn nieft dem Gebai, an deem d’Quellewaasser ofgepompelt an opbereet gëtt. D’Uelzecht fléisst just e puer Meter niewendru laanscht. Si huet hei ee schmuelt Dall an de Sandstee gegruewen. An d’Fro, ob Lëtzebuerg genuch Waasser huet, beäntwert de Laurent Pfister mat engem Verglach.

Laurent Pfister Dat ass e bësse wéi wann ech vill Suen hunn, wat ech am Lotto gewonnen hunn oder geierft hunn. A wann ech dat alles schnell ausginn, dann, jo, sinn ech dann op eemol an enger Situatioun, wou ech aarm sinn. An esou ass et d'selwecht mam Waasser.

Jamie Reinert Wëllt heeschen, et ass a priori vill Waasser do. Mee ob es genuch do ass, dat hänkt dann dovunner of, wéi ee mat dëser Ressource ëmgeet?

Pia Oppel Genee. An zu Lëtzebuerg stellt sech déi Fro haut ëmmer méi dréngend wéi jee. Méi Awunner, méi ekonomesch Aktivitéiten, alles dat féiert dozou, datt d’Waasser méi dacks riskéiert knapp ze ginn. An datt ëmmer méi Suen investéiert ginn, fir d’Drénkwaasserversuergung ze garantéieren.

André Weidenhaupt An de Stauséi ass dann do hanner deem Bësch d’Lach erof.

Pia Oppel D’Staumauer zu Esch-Sauer ass an de 50er gebaut ginn. Déi Zäit war scho kloer, datt d’Grondwaasser eleng net duergeet fir d’Land laangfristeg ze versuergen. Zousätzlech sollt also och d’Waasser vun engem Floss genotzt ginn, also vun der Sauer. Vum Stauséi aus gëtt d’Waasser als éischt op Eschduerf erop gepompelt. Op ee vun den héchste Punkten am Land.

André Weidenhaupt An dofir ass de Behälter deemools och hei hinner gemaach ginn. Well da gëtt just heihinner gepompelt an da leeft et am fräie Gefälle. Et gëtt dertëschent net méi gepompelt.

Mäin Numm ass André Weidenhaupt, ech si President vum SEBES Drénkwaassersyndikat a soss och nach Premier Conseiller am Ëmweltministère.

Pia Oppel D’Waassergestioun hei am Land dréit seng Handschrëft. Als Direkter vun där nach ganz jonker Waasserverwaltung huet den André Weidenhaupt d’Waassergesetz geschriwwen, dat zënter 2008 an nach bis haut a Kraaft ass.

Pia Oppel Ech hu mir soe gelooss, dowéinst géif Dir den Här Waasser zu Lëtzebuerg genannt ginn. Stëmmt dat?

André Weidenhaupt Jo, et sinn och Leit, déi mech den Drëpsi nennen, mee bon (laacht). Jo.

Pia Oppel Zesumme mam Direkter vum SEBES, dem Georges Kraus, weist den André Weidenhaupt mir d’Anlag, an där d'Drénkwaasser opbereet gëtt. D’Gebai gläicht engem risege Bunker.

Pia Oppel Et ass enorm. Wéi vill Meter Héicht huet dee Sall hei?

Georges Kraus Hei hu mir elo 15 Meter Héicht. Mee et sinn awer och nach zwou Etagen drënner.

Pia Oppel Opbereede vun Drénkwaasser, ass een opwännege Prozess. 

Georges Kraus Do sinn déi Membranen dran.

Pia Oppel Esouguer Bakterien a Vire kënne mat spezielle Membranfilter aus dem Waasser geholl ginn.

André Weidenhaupt An da gëtt och nach eng Aktiv-Kuel-Filtratioun gemaach. Wann e Pestizid dra wier, wann e Medikament dra wär, déi kréie mir dann och nach eraus.

Pia Oppel D’Waasser aus dem Stau, dat hei opbereet gëtt, assuréiert elo d’Hallschent vum Drénkwaasserverbrauch am Land. An deenen allermeeschte Gemengen am Land kënnt aus dem Krunn eng Mëschung aus SEBES- a lokalem Grondwaasser.

André Weidenhaupt An 90 Prozent vun de Leit hunn iergendeng Drëps SEBES-Waasser an hirem Cocktail.

Pia Oppel Virun e puer Joer ass d’Anlag zu Eschduerf vergréissert ginn, fir iwwer 200 Milliounen Euro. Nach emol kann d’Capacitéit hei awer net erop gesat ginn - méi Waasser kann een net aus dem Stauséi huelen.

Jamie Reinert Firwat?

Pia Oppel Well soss fir d’Natur net méi genuch Waasser iwwereg bleift. D’Sauer, déi muss jo da vum Stau aus nach weider kënne fléissen.

Jamie Reinert Ok, also an de 1950er ass kloer ginn, datt Grondwaasser zu Lëtzebuerg eleng net wäert duergoe fir d’Drénkwaasserversuergung. Dunn ass d’Léisung mat der Sauer fonnt ginn. Mir huelen elo d’Hallschent vun eisem Drénkwaasser aus dem Stau. Mee d’Wirtschaft an d’Bevëlkerung wuessen. Wéi laangfristeg ass d’Versuergung dann ofgeséchert?

Pia Oppel Ma dat hänkt och dovunner of, wéi vill méi effizient d’Waasser genotzt gëtt. De Waasserverbrauch ass nämlech interessanterweis an de leschte Jore manner staark geklommen, wéi erwaart.

André Weidenhaupt Also mir gesi momentan, dat wat mir liwweren als SEBES, datt dat elo net op enger géier Kurv no uewe geet.

Pia Oppel Wat ass dann d’Kurv, op där Dir den Ament sidd?

André Weidenhaupt Mir si momentan op engem Plateau. Also mir ginn zur Zäit net an d'Luucht.

Pia Oppel Wéi erkläert Dir Iech dat?

André Weidenhaupt Warscheinlech méi eng effikass Notzung op allen Niveauen. Also, Dir hutt d'Fuitten ugeschwat.

Pia Oppel Dat ass ee wichtege Punkt. Am Reseau ass wéinst ondichte Leitunge vill Waasser verluer gaangen. Dat ass déi lescht Jore besser ginn, well d’Gemengen doranner investéiert hunn. An och Haushaltsgeräter, Toiletten, Duschkäpp, a sou weider, si méi effizient ginn. De Pro-Kapp-Verbrauch vu Waasser ass erofgaangen. An d’Zil ass nach méi Waasser ze spueren. Fir just ee Beispill ze nennen: An neie Wunnquartiere kéint ee sougenannt “Growaasser” notzen. Hei kéinten dann d’Toilettë mat Reewaasser oder opbereetem Ofwaasser funktionéieren.

Jamie Reinert An dat heescht, a wéi engem Zäitraum kéint et dann awer nees knapp ginn?

Pia Oppel Aktuell gëtt geschat, datt et ëm 2040 kéint schwiereg ginn, de Spëtzebedarf ze decken. Also a knapp 15 Joer. An op dat Waasser si mir jo net just ugewise fir et ze drénken oder fir eis ze wäschen. Mee och an der Industrie, am Bausecteur, an der Landwirtschaft, asw. Iwwerall gëtt Leitungswaasser genotzt. Et gëtt also dréngend eng Léisung gebraucht.

Jamie Reinert An déi Léisung ass?

Pia Oppel D’Musel! De SEBES krut elo per Gesetz den Optrag fir och un deem Floss eng Opbereedungsanlag ze bauen. Een neien Challenge. Dat Waasser ass méi knaschteg a méi waarm. An et läit zu Cattenom da jo och nach een Atomkraaftwierk direkt un der Musel.

André Weidenhaupt Dat ass net en Defi, deen et och nach ni gouf. Dat muss een natierlech, et gëtt sécher do, also mir maachen hei Radioaktivitéitsmiesssungen. Där muss een do och maachen. Dat ass ganz kloer.

Pia Oppel Geplangt ass, datt déi nei Anlag op der Musel a gutt 15 Joer soll prett sinn.

André Weidenhaupt Ech géif da soen eng Gréisstenuerdnung Enn Drëssegerjoren.

Jamie Reinert De SEBES versuergt d’Land mat opbereetem Waasser aus der Sauer - an an Zukunft och aus der Musel. E setzt seng Capacitéiten ëmmer weider erop. Ass also laangfristeg genuch Waasser do fir d’Awunner an déi verschidde wirtschaftlech Aktivitéiten?

Pia Oppel D’Drénkwasserversuergung ass mat deem, wat elo op der Musel geplangt ass, viraussiichtlech bis op d’mannst 2060 assuréiert.

Jamie Reinert A wat geschitt duerno?

Pia Oppel Wéi vill méi Waasser doriwwer eraus nach kann aus der Musel geholl ginn, kann d'Waasserverwaltung elo nach net aschätzen. Mee alleguer d’Projektioune baséieren op der Hypothees, datt weider Waasser gespuert gëtt. De Verbrauch pro Awunner, awer och an der Wirtschaft, muss méi effizient ginn.

André Weidenhaupt Ech hunn dat zu där Zäit, wou ech Waasserdirekter war, och ëmmer esou genannt. Wa mir heiansdo där Phas Orangen ausgeruff hunn a verschidde Saachen am Summer verbueden hunn. Dann hu mir ëmmer gesot: Et geet drëm fir net nohalteg Notzungen ze decouragéieren.

Jamie Reinert Domadder wiere mir nees bei deem, wat den Hydrolog Laurent Pfister ufanks bei der Quell op der Polvermillen sot, och wann een am Lotto gewënnt, kann ee séier nees aarm sinn. Also, wat ass “net nohalteg”? Fir wéi eng Zwecker soll Waasser kënne genotzt ginn, fir wéi eng net?

Pia Oppel Dat ass effektiv déi grouss Fro. Mat där ee sech awer hei am Land nach schwéier deet, well ee bis elo gewinnt war, datt eigentlech ëmmer genuch Waasser fir jiddereen do ass. Ee Beispill illustréiert dat ganz gutt. Domadder komme mir och nees méi no zeréck bei d’Uelzecht. An zwar de geplangten Datenzenter vu Google zu Biissen.

Jamie Reinert Iwwer de Projet vun deem Datenzenter ass scho vill diskutéiert ginn, ënner anerem wéinst dem Waasserverbrauch. Wat genee ass zu Biissen geplangt?

Pia Oppel Google wëllt do ee risegen Datenzenter bauen. Dee gëtt vun der Surface hier fënnef Mol esou grouss, wéi dee gréissten Datenzenter, deen et bis ewell hei am Land gëtt, dee vu Luxconnect zu Beetebuerg. Computeren, déi rechnen, produzéieren Hëtzt. Datenzentere mussen also gekillt ginn, fir ze funktionéieren. A Google wollt dat zu Biissen ufanks, also wéi d’Planung vum Projet 2017 méi konkreet ginn ass, mat Drénkwaasser maachen. Also ass eng Ufro beim SEBES gemaach ginn, also dem Drénkwaassersyndikat, deen d’Waasser vum Stau opbereet.

André Weidenhaupt An d'Gemeng Biissen huet iwwer de SEC de SEBES gefrot, hätt dir déi Capacitéit, an dat hu mir dann eng Kéier ofgeschwat, mee mir hunn awer vun Ufank u gesot, et muss dann do elo Drénkwaasser genotzt ginn.

Pia Oppel No wéi enger Capacitéite sitt Dir da gefrot ginn?

André Weidenhaupt Dat weess den Här Kraus warscheinlech.

Georges Kraus Bon, et war relativ vill. Ech hunn elo de ganz genaue Chiffer net dran.

Pia Oppel Also et geet Rieds vun tëschent 6.000 an 10.000 Meterkipp den Dag.

Georges Kraus Do ronderëm, jo.

Jamie Reinert 6.000 bis 10.000 Meterkipp den Dag? Wat kann ee sech dorënner virstellen?

Pia Oppel Also dat entsprécht fir dee klenge Chiffer ongeféier dem Dagesverbrauch vun den Awunner vun Esch-Uelzecht. Respektiv fir dee méi héije Chiffer da vun Esch-Uelzecht an Diddeleng zesummen.

Jamie Reinert An dat hätt de SEBES kënnen assuréieren?

Pia Oppel Theoreetesch schonn. Mee da géif natierlech manner Waasser fir aner Zwecker iwwereg bleiwen.

Pia Oppel Dat heescht, et gouf just déi Ufanksufro, reng theoreetesch. An do war d'Äntwert?

Georges Kraus Am léifsten net. Jo, mir kënnen nëmme soen, am léifsten net. Well et ass d’politesch Decisioun déi zielt vun eise Gremien. Mir hunn ëmmer gesot, am léifste keen Drénkwaasser.

Jamie Reinert “Am léifsten net”. Also keng ganz kategoresch Ausso.

Pia Oppel Nee, de Mot d’ordre vun der blo-rout-grénger Regierung war déi Zäit: Google soll net brüskéiert ginn. Dat hu méi Leit, déi deemools den Dossier begleet hunn, eis géintiwwer esou beschriwwen. Ëmmer ënner der Conditioun, datt mir si domadder net zitéieren.

Jamie Reinert A wat soen déi deemoleg politesch Responsabel dozou?

Pia Oppel De Xavier Bettel hat als Premier de Lead am Dossier. Hie betount elo op Nofro hin, datt Ëmweltaspekter eng grouss Roll gespillt hätten. Ee Mot d’ordre, wéi mir et beschreiwen, wier et net ginn. Déi deemoleg gréng Ëmweltministerin Carole Dieschbourg ass do méi nuancéiert: et hätt een eebe gehofft, datt Google op Loftkillung ëmklëmmt. Mee keng legal Handhab gehat fir dat ze imposéieren. An den Etienne Schneider, deen als LSAP-Wirtschaftsminister kloer hanner dem Projet stoung, wëllt sech elo léiwer net méi dozou äusseren.

Jamie Reinert Mee firwat war der Regierung de Google-Projet esou wichteg?

Pia Oppel Den Datenzenter passt an eng Wirtschaftsstrategie, déi elo och vun der CSV-DP-Regierung weidergeféiert gëtt: Lëtzebuerg soll sech als digitale Standuert weiderentwéckelen. An effektiv explodéiert de Besoin un Datenzentere jo elo weltwäit, och wéinst der Entwécklung vu Kënschtlecher Intelligenz.

Jamie Reinert Also ass Google wëllkomm. Trotz deem enorme Waasserverbrauch?

Pia Oppel Jo, mee wéi grad erwäänt, war d’Hoffnung vun Ufank un, also wéi de Projet sech 2017 konkretiséiert huet, datt Google amplaz bereet wier fir mat Loft ze killen. Esou wéi vill aner Datenzenteren dat och maachen. Google war dorunner um Ufank awer net interesséiert. Also krut den US-Konzern vun den Autoritéiten hei am Land gehollef fir no Léisungen ze sichen, wéi ee kéint mat Waasser killen. An dat eeben obwuel kloer war, datt dat den Drock op dës Ressource verstäerkt.

David Viaggi Also dee Wee, wou ech elo hei sinn, dat ass dann ënner anerem dee Fräizäitwee, deen elo riicht dran an den Terrain vu Google féiert. 

Pia Oppel Ech si mam David Viaggi ënnerwee. Hien ass bei der LSAP. An 2019 zu Biissen Buergermeeschter ginn. Nodeems den CSV-Schäfferot sech wéinst dem Google-Projet zerstridden huet.

David Viaggi Dat wat Dir lo hei lénks gesitt, also, esou wéi Dir den Terrain elo gesitt, esou war e jo nach ëmmer. Dat ass landwirtschaftlecht Land.

Pia Oppel Iwwer 30 Hektar Terrainen huet Google um Bord vun der Biisser Industriezon kaf. Déi leien op engem Hiwwel iwwer dem Duerfkär.

Pia Oppel An hei sinn elo kleng Beem geplanzt ginn.

David Viaggi Genee, dat erklären ech elo. Mir fueren elo hei lénks eran. Da gesitt Dir lénks, dat ass schonn net schlecht, wat se do uleeën. Am Ufank gesäit dat natierlech no net vill aus, mee dat si schonn eng Partie Beem.

Pia Oppel Éier hei de Bau vun engem Datenzenter kann ufänken, mussen nach Beem geplanzt ginn, och als Siicht- a Kaméidischutz. Villes deit drop hin, datt Google de Projet elo effektiv wëllt realiséieren.

Pia Oppel Mee Dir hutt keen Zweifel, datt se kommen.

David Viaggi Bon, mir soe Merci fir alles dat, wat se elo hei da méi schéi maachen, wa se dann net kommen. Ech mengen, mir mussen awer e bësse realistesch sinn. Iergendeppes geschitt elo hei. Ech kann elo hei oder do hanne stoe bleiwen.

Pia Oppel Jo, hei kënne mir stoe bleiwen. Hei huet een eng schéi Vue.

David Viaggi Bah, de Bësch kéint méi schéi sinn.

Pia Oppel Dee gesäit effektiv e bëssi dystopesch aus.

Pia Oppel An der Mëtt vum Google-Terrain stinn eng ganz Partie ofgestuerwe Beem.

David Viaggi Mee fir zeréckzekommen op d'Diskussioun. Ech hunn am Schäfferot dann effektiv och e Plang vun enger Leitung gesinn, wéi déi kéint kommen.

Pia Oppel Als Alternativ zum Drénkwaasser war eng Iddi, fir den Datenzenter mat Waasser aus der Uelzecht ze killen. Mam Nodeel, datt ee bei nidderege Waasserstänn da kee Waasser dierft aus dem Floss huelen.

David Viaggi Wa mir aus enger Baach, aus engem Floss pompelen, kann d'Wasserwirtschaftsamt soen, aus Ursaach XY dierfs du elo kee Waasser do erauszéien.

Pia Oppel Do war d’Uelzecht am Gespréich.

David Viaggi Genee, do war d’Uelzecht am Gespréich.

Pia Oppel Een Datenzenter leeft 24 op 24 Stonnen, all Dag am Joer. An e brauch zu all Moment eng 100-prozenteg Garantie, datt genuch Waasser do ass, fir ze killen. D’Uelzecht eleng geet also net duer.

David Viaggi Da musse mir eng Alternativ hunn. An dunn ass natierlech gesot ginn, vu SEBES-Säiten aus, mir hunn d'Quantitéiten, mir kënnen déi zur Verfügung stellen. An dunn ass natierlech och un där Leitung dann do warscheinlech gedoktert ginn. An do ware mir dunn net esou dofir.

Pia Oppel Mee D’Gemeng ass net bereet fir de Bau vun esou enger Leitung ze autoriséieren. Eng Suerg war, datt ee kéint op verschiddene Käschte sëtze bleiwen.

David Viaggi Esou datt dat kee gutt Geschäft wier.

Pia Oppel Et sinn also nach Alternative gesicht ginn.

David Viaggi Do ass dunn och nach gekuckt gi fir eis eng Kläranlag unzezapen.

Pia Oppel Fir den Datenzenter dann also mat Ofwaasser ze killen. Dat opgewiermten Ofwaasser wier dann an d’Atert oder an d’Uelzecht zeréckgeleet ginn. Fir béid Gewässer wier dat eng grouss Belaaschtung.

Jamie Reinert All d’Léisungen hätten also op iergend eng Manéier een negativen Impakt op Waasserressourcë gehat. A wéi ass et du weidergaangen?

Pia Oppel Am Juli 2025, also 10 Joer nodeems d’Sich no engem Site fir den Datenzenter lassgoung, huet Google dann déi éischte Kéier offiziell matgedeelt, datt si amplaz op Loftkillung ëmklammen.

David Viaggi Ech sinn haut frou, datt et esou gaangen ass. Mir bauen elo eppes, wat sécherlech méi grouss ass, wéi dat wat mir elo hei gewinnt sinn. Mee wou mir awer vun deene risegen Hyperzuelen erofsinn.

Pia Oppel An enger rezenter Etüd zum Ëmweltimpakt vum Datenzenter ass elo iwweregens trotzdeem berechent ginn, wéi vill Waasser de Projet dann elo géif verbrauchen, wou e manner grouss ausgeriicht ass. An do geet rieds vun 3.300 Meterkipp Waasser den Dag.

Jamie Reinert Also däitlech manner, wéi ufanks geduecht.

Pia Oppel Jo, mee souguer fir un déi Quantitéite Waasser ze kommen, géif et ze vill Contraintë ginn, heescht et an der Etüd. An dowéinst hätt ee sech da fir d’Kille mat Loft entscheet.

Jamie Reinert Besser spéit wéi ni. Google ass zur Conclusioun komm, datt net mat Waasser mee mat Loft soll gekillt ginn. Sinn d’Problemer domadder all geléist?

Pia Oppel Net grad, well den Datenzenter enorm Quantitéite Stroum wäert verbrauchen. Bis zu 15 Prozent vum nationale Stroumverbrauch. An ob Google dee Stroum just aus erneierbaren Energië wäert bezéien, fir also och klimafrëndlech ze sinn, dat ass am Moment nach net kloer.

Jamie Reinert Zeréck bei d’Waasser. Am Fall Google ass dann elo assuréiert, datt déi wäertvoll Ressource net verbëtzt gëtt. Feelen da kloer Reegelen, fir esou Situatiounen an Zukunft anescht ze handhaben?

Pia Oppel Et gëtt effektiv kee legale Kader, dee kloer definéiert fir wéi eng Zwecker d’Waasser nieft der Drénkwaasserversuergung prioritär soll genotzt ginn. A fir wéi eng Zwecker eeben och net. Also zum Beispill gëtt néierens prinzipiell ausgeschloss, datt Datenzenteren hei am Land kënne mat Waasser gekillt ginn.

Jamie Reinert An dat soll esou bleiwen?

Pia Oppel Dat bleift ofzewaarden. Den Ëmweltministère schafft aktuell un enger “Waasser-Resilienzstrategie”. Mam Zil fir Verdeelungskämpf ëm d’Waasser ze evitéieren, respektiv se besser ze reegelen. An de Besoin fir esou Reegele kéint an Zukunft ëmsou méi grouss ginn. An dat aus ganz verschiddene Grënn. Ugefaange mam Klimawandel.

Jamie Reinert Well Lëtzebuerg da riskéiert manner Waasser ze hunn?

Pia Oppel Et ass e bëssi méi komplizéiert. Den Ament gesäit et éischter esou aus, wéi wann et zwar grosso modo selwecht vill reent. Mee well et manner reegelméisseg reent an och well d’Wantere méi kuerz ginn, besteet de Risiko datt d’Grondwaasser sech manner gutt erneiert.

Brigitte Lambert Mir haten do effektiv eng Rei Joren, wou mir eng ënnerduerchschnëttlech Recharge haten. Eeben duerch laang Drécheperioden am Summer an awer och zum Deel wéineg Nidderschlag am Wanter.

Pia Oppel D’Brigitte Lambert ass op der Waasserverwaltung fir Grond- an Drénkwaasser zoustänneg.

Brigitte Lambert Wou een och gemierkt huet, datt d'Grondwaasserniveaue gefall sinn, datt d'Schüttunge vun de Quellen erofgaange sinn.

Jamie Reinert Kann een da scho Prognose maachen, wat genee dat fir d’Grondwaasserreserven zu Lëtzebuerg bedeit?

Pia Oppel Nee, quantifizéiere kann een dat nach net. Och well et natierlech Schwankunge ginn tëschent Joreszykle mat méi a mat manner Reen.

Brigitte Lambert Elo déi lescht puer Joren hu mir Gott sei Dank eng gutt Recharge gehat, well mir zum Deel mat gutt gesättegtem Buedem eeben an d’Recharge-Period am Hierscht gaange sinn. Dat wëllt awer net heeschen, datt dat op laang Zäit esou weidergeet.

Jamie Reinert An d’Conclusioun vun all deem ass?

Pia Oppel Datt d’Quantitéiten u Grondwaasser, dat een notzt, wuel kaum nach wäert eropgoen.

Brigitte Lambert Natierlech geet aus der Logik vun der Saach eraus, datt méi oft zousätzlech Notzungen net kënnen autoriséiert ginn, wéi dat an der Vergaangenheet eeben de Fall war.

Pia Oppel Autorisatioune fir Waasserressourcen unzezape ginn entretemps och zäitlech limitéiert an da reegelméisseg evaluéiert. D’Quantitéiten, déi een dierf notzen, kënnen dann, wann néideg, no ënne revidéiert ginn. Mee hei kënnt elo dann nach een Challenge dobäi.

Jamie Reinert Also nieft dem Klimawandel gëtt et nach ee Grond, firwat an Zukunft eventuell manner Waasser kéint disponibel sinn?

Pia Oppel Manner Waasser fir de mënschleche Gebrauch an deem heite Fall, jo. An zwar wéinst deene sougenannten Éiwegkeetschemikalien. Déi suergen aktuell fir grouss Diskussiounen. Och an der Chamber, wou net just d’Oppositioun mee och d’Majoritéit Alarm schloen.

Claire Delcourt PFAS fënnt een an enger enormer Vielfalt vu Produkter.

Michel Lemaire Verpackungen, Funktiounskleedung, Beschichtungen, etcetera

Serge Wilmes An de Klimaanlage vun den Autoen an de Wäermepompelen

Joëlle Welfring An der Landwirtschaft

Marc Baum Mir sinn alleguer betraff, an se si geféierlech fir eis Gesondheet.

Françoise Kemp D’Konsequenze sinn alarméierend.

Pia Oppel Notamment fënnt een ëmmer méi PFASen am Grondwaasser. Ee Member aus der PFAS-Famill suergt do fir besonnesch Opmierksamkeet.

Luc Emering Den TFA ass een, dee relativ oft virkënnt, well en als Ofbauprodukt vun anere PFASen entsteet an extreem stabil ass.

Pia Oppel Nach ass net kloer, wéi geféierlech den TFA genee ass. A wéi eng Grenzwäerter am Drénkwaasser solle gëllen.

Martine Deprez Mee och do si Warnsignaler do, datt deen en heftegen Afloss op eis Gesondheet huet.

Pia Oppel Déi grouss Fro ass hei also, wat mécht ee mat Waasser, dat iwwer de Grenzwäerter läit, déi festgehale ginn? Well d’Drénkwaasseropbereedung wéi se aktuell funktionéiert, ass net capabel fir den TFA aus dem Waasser erauszefilteren.

Claire Delcourt An dat stellt eng reell Erausfuerderung fir d'Drénkwaasserversuergung duer.

Pia Oppel Oder an anere Wierder, jee nodeems als wéi geféierlech den TFA agestuuft gëtt, riskéiert een Deel vun der Drénkwaasserversuergung ewechzebriechen. Einfach well et immens deier an opwänneg gëtt d’Waasser opzebereeden.

Serge Wilmes Dann hätt ganz Europa, also a grouss Deeler vun Europa hätt e Problem mat der Drénkwaasseropbereedung.

Pia Oppel Fir den Ëmweltminister Serge Wilmes ass kloer, datt Substanzen, déi TFA fräisetzen, musse verbuede ginn. Fir datt den TFA sech net weider am Drénkwaasser kann usammelen, well bis elo sinn déi gemoosse Wäerter nach relativ niddereg.

Serge Wilmes Ech wëll trotzdeem och hei nach emol dovu profitéiere fir ze soen, Drénkwaasser hei zu Lëtzebuerg ass sécher, mir kënnen dat drénken.

Jamie Reinert Mee wann d‘Éiwegkeetschemikalie sech weider am Waasser usammelen, da wier een also eventuell an engem Zenario, wou d’Waasser kéint méi knapp ginn. Net wéinst der Quantitéit u Waasser, dat eis zur Verfügung steet, mee wéinst enger ze schlechter Qualitéit.

Pia Oppel Genee dat ass hei den Enjeu. An da gëtt et nach een anere Problem, dee mir hei mussen erwänen, a wéinst deem fir de Mënsch an Zukunft manner Waasser kéint disponibel sinn.

Jamie Reinert An de Grond ass?

Pia Oppel Datt d’Waasserbesoine vun den Ekosystemer, an notamment vun de Flëss, an Zukunft méi streng sollen evaluéiert ginn.

Jamie Reinert Wat heescht dat genee? 

Pia Oppel Bei de Flëss soll net méi just gekuckt gëtt, ob am Summer nach genuch Waasser dra fléisst. Nieft der Quantitéit muss och hei d’Waasserqualitéit gekuckt ginn. Dorobber insistéiert d’EU-Kommissioun an hiren Evaluatioune vun der Lëtzebuerger Waasserpolitik ganz staark.

Jamie Reinert An d’Uelzecht ass, wéi mir hei schonn dacks erwäänt hunn, an engem zimmlech schlechten Zoustand.

Pia Oppel Voilà, a Quellewaasser ass killt Waasser, d’Schëddunge sinn d’Joer iwwer relativ konstant. Also och am Summer, wou d’Flëss ëmmer méi dacks wéinst Dréchenten an Hëtzt ënner Stress stinn.

Jamie Reinert Manner Quellewaasser heescht fir d’Uelzecht also potentiell och manner Waasserqualitéit. Muss de Mënsch der Natur also nees méi Waasser iwwereg loossen?

Pia Oppel Genee dat kéint sinn. Mee d’Waasserverwaltung kann dat haut nach net kloer beäntwerten.

Claude Meisch Well mir eeben do an engem ökologesche System sinn. Dat ass schwéier do eng Zuel dropzesetzen. Dat heescht do, dat ass och multifaktoriell.

Pia Oppel Déi néideg Etüde si komplizéiert an nach amgaangen. Mat dorunner schafft de Claude Meisch.

Jamie Reinert A fir dat kuerz kloerzestellen, dat ass natierlech net den DP-Minister.

Pia Oppel Nee, deen heite Claude Meisch ass Ingenieur bei der Waasserverwaltung. An hie seet, datt et bei engem Floss wéi der Uelzecht net evident ass ze berechnen, wat elo d’Feele vu Quellewaasser genee fir een Impakt op hiren Zoustand huet.

Claude Meisch Do si mir amgaangen dat wierklech och ze iwwerpréiwen.

Pia Oppel Ze bedenken ass bei all deem jo och, wat mir virdrun erwäänt hunn: also datt d’Quelle selwer deels belaascht sinn, zum Beispill mat Éiwegkeetschemikalien, oder och mat Nitrater aus der Landwirtschaft.

Claude Meisch Dat heescht, do muss een d'Zesummenhäng tësche Quellenentnamen, Kläranlagenaleedungen, feelend Renaturéierungen, dat alles iergendwéi als zesummenhängende System bewäerten. An dann ass et schwéier do, dat genee op eng Quellenentnam zeréck héichzerechnen.

Pia Oppel An d’Uelzecht ass egal wéi drop ugewisen, datt alleguer d’Pressioune reduzéiert ginn. Also manner Belaaschtung duerch Kläranlagen a Landwirtschaft. Méi Renaturéierungen. A wie weess, vläicht och iergendwann erëm méi a besonnesch och proppert Quellewaasser.

Jamie Reinert An ëm dee Zenario, wou alles dat eventuell géif geléngen, ëm dee geet et an der leschter Episod vun eiser Serie “Iwwerfloss”.

Pia Oppel Well da stelle mir d’Fro: wat wier wa Lëtzebuerg seng waasserpolitesch Hausaufgabe géif gemeeschtert kréien? Kéint et da geléngen, datt de Saumon nees zeréck an d’Uelzecht kënnt?

Claude Strotz Do wou e Saumon kann hikommen, do fonctionéieren och nach aner Saachen.

Thorsten Wienert Der Lachs hat da also auch immer eine politische Botschaft.

Jamie Reinert Pia, Merci fir d’Gespréich!

Pia Oppel Merci Dir, Jamie! Bis nächste Méindeg.

Jamie Reinert Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau a vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler.

Sound-Design a Musek vu mir Jamie Reinert. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. 

Fir keng Episod ze verpassen, abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert.   A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt, schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.