Christian Wester Mir sinn hei um Haff vu mengem Brudder a mir, also Guy a Christian Wester zu Alzeng. Mir hunn ee fir lëtzebuergesch Verhältnisser klassesche Mëllechkéi-Betrib. Also dat ass eis Haaptproduktioun. En 0815-Betrib fir Lëtzebuerger Verhältnisser.
Charlotte Bruneau An dat heescht, wéi vill Kéi hutt Dir?
Christian Wester Jo, Sträichkéi hu mir ëm 120 Sträichkéi. An dann nach eng Kéier 30 Kéi mat Källwer. Mir mäschten all Joer esou eng ronn 60 Déieren. Plus d'Nozuucht. Da si mir esou ëm, jo, tëschent 380 a 430 Stéck Véi, déi mer am Ganzen hunn.
Jamie Reinert D’Hallschent vun der Fläch hei am Land gëtt vun der Landwirtschaft genotzt. An dëse Secteur huet e groussen Impakt op d’Gewässer zu Lëtzebuerg. D’Flëss an d’Grondwaasser ginn ënner anerem duerch den Asaz vun Dünger belaascht.
Christian Wester Eng direkt Vermëschung vu sämtlechen Exkrementer vun de Ranner, vum Kot a vum Harn, déi zwee, déi do matenee vermëscht ginn, dat ass eigentlech, jo, Gülle.
Jamie Reinert Och d’Uelzecht an hir Zouflëss spigelen de landwirtschaftlechen Impakt plazeweis. Ze vill Dünger féiert zu Algewuesstem, deen dem Floss Sauerstoff entzitt. D’Liewewiese riskéieren ze erstécken.
D’nächst Joer leeft eng europäesch Deadline of. D’Uelzecht an all aner Gewässer zu Lëtzebuerg sollen ee gudden Zoustand erreechen. Mee trotz joerzéngtelaangen Efforte gëtt dat Zil sécher net erreecht.
Ass d’Uelzecht nach ze retten? A wéi ee Bäitrag misst d’Landwirtschaft dozou leeschten? Mäin Numm ass Jamie Reinert an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. “Iwwerfloss” heescht eis Serie, an där d’Charlotte Bruneau an d’Pia Oppel der Uelzecht op d’Spuer ginn.
Episod 3: Ugepifft
Mir fänken dës Episod op engem Bauerenhaff zu Alzeng un. Net direkt bei der Uelzecht also. Charlotte, wéi wäit si mir hei vum Floss ewech?
Charlotte Bruneau Net esou wäit, den Haff ass ronn zwee Kilometer vum Floss ewech. An, wéi dat am Anzuchsgebitt vun engem Gewässer eeben ëmmer de Fall ass: iwwer d’Grondwaasser engersäits, awer och iwwer Niewebaachen, oder zum Beispill kleng Grief, ass een dann um Land och mam Floss verbonnen.
Christian Wester Hei lénks eran.
Charlotte Bruneau Majo kënnt Dir eis vläicht erklären, wou mir elo hi ginn?
Christian Wester Mir fuere bei eng Wiss vun eis, déi un engem Gruef läit, deen an d’Uelzecht ausschëtt. Wou da vum Syrener Plateau bis Hesper d’Waasser ofgeféiert gëtt. A wou mir eng Partie Wisen derlaanscht leien hunn. Wat gutt Wise si fir Gras drop ze maachen.
Charlotte Bruneau Ah jo.
Christian Wester Dir gesitt elo hei ass et zimmlech dréchen.
Pia Oppel Deen anere Grond firwat mir grad den Haff vun de Wester-Bridder ausgesicht hunn ass, datt de Christian Wester och President vun der Bauerenzentral ass, déi gréisste Beruffsorganisatioun vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg. An deem Sënn schwätzt hien also net just a sengem perséinlechen Numm.
Charlotte Bruneau Wichteg ze erwänen ass, parteipolitesch ass d’Bauerenzentral neutral, mee si stoung ëmmer éischter der CSV no.
Pia Oppel Esou ass et och beim Christian Wester. Hie selwer huet keng Parteikaart, mee säi Brudder, de Guy Wester, ass CSV-Schäffen an der Gemeng Hesper.
Charlotte Bruneau Dat do Waasser dat leeft an d'Uelzecht, dat heescht, et ass dann och direkt impaktéiert vun deem, wat hei eraleeft?
Christian Wester Wat mir mussen anhalen, dat ass Ofstand zum Waasserfloss. Also mir fuere weeder mam mineraleschen Dünger nach mat Gülle bis an d'Baach eran. Do muss een e bësselchen Ofstand vun der Säit halen. Fir datt do, wann eng Kéier Ree kënnt, datt och net direkt eppes eraleeft.
Charlotte Bruneau D’Bauere mussen also oppassen, datt si net ze no laanscht d’Gewässer düngen. D’Zil ass jo, datt d’Planzen u Land wuessen, an net d’Algen an der Uelzecht.
Jamie Reinert Mee genee do läit dann de Problem, also datt d’Flëss heefeg awer mat gedüngt ginn. Firwat geschitt dat dann nach an ze grousse Quantitéiten?
Charlotte Bruneau Ee Problem ass, datt et op deene mannste Plazen am Land ee richtege Puffer tëschent Agrarflächen a Gewässer gëtt. Sougenannt Uferrandstreifen, déi net landwirtschaftlech genotzt ginn a wou dann Hecken a sou weider kënne wuessen.
Pia Oppel Wann déi Sträife breet genuch sinn, gëtt den Dünger däitlech manner an d’Gewässer ausgewäsch. Mee dofir mussen d’Baueren natierlech op een Deel vun hiren Terraine verzichten. Fir si dozou ze encouragéieren, gëtt et eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat.
Charlotte Bruneau De Christian Wester huet op zwou vu senge Wisen esou Sträifen ugeluecht.
Charlotte Bruneau Wéi vill ass dat ongeféier?
Christian Wester Et ass net vill. Et sinn zwee Stécker. Et wäerten 20 Ar sinn. Ech huelen déi Sue mat an ech brauch net da Méien ze fueren an ze rennen. Dann ass dat jo fir mech och ee Win-win, well ech et wierklech net brauch.
Pia Oppel Mee fir aner Bauere géif déi Rechnung net onbedéngt opgoen.
Christian Wester Awer ee Betrib, deen elo kee Koup Hee do leien huet an d'Fudder brauch, dee seet jo op eemol, déi zwee Hektar Gras oder zwee Hektar Mais, déi ech do muss leie loossen. Fir deen ass d'Diskussioun eng aner. Also dat si Saachen, déi ëmmer ganz betribsspezifesch sinn. Wou een net kann an och net soll pauschaliséieren.
Charlotte Bruneau An d’Resultat ass, datt dës fräiwëlleg Mesure wéineg Succès huet. A vill aner Mesuren, déi de landwirtschaftlechen Impakt op d’Gewässer solle reduzéieren, ma déi gräifen eeben och ënner dem Stréch net genuch.
Pia Oppel Dat schreiwen d’Waasserverwaltung an och d’EU-Kommissioun esou an hire Rapporten zum Theema. Wat aus deenen offizielle Rapporten éischter indirekt ervirgeet, ass datt Lëtzebuerg ee méi grondsätzleche Problem huet.
Jamie Reinert An zwar?
Pia Oppel Ma datt et ze vill Ranner ginn. Dat ass historesch esou gewuess. D’Land huet sech zënter de 60er op d’Mëllech- a Fleeschproduktioun spezialiséiert.
Charlotte Bruneau Wat och eppes domadder ze dinn huet, datt Lëtzebuerg virun allem Gréngland, also Wisen, als landwirtschaftlech Fläch huet.
Pia Oppel Mee dëse Fokus op ee Secteur bréngt mat sech, datt elo zu Lëtzebuerg iwwer 180.000 Ranner gehale ginn. An déi produzéiere vill organeschen Dünger.
Charlotte Bruneau An dozou kënnt, datt elo vill Akerland genotzt gëtt, fir Fudder fir d’Véi ze produzéieren. Notamment Mais. An de Maisubau, dee belaascht d’Waasser och!
Tom Gallé Mir sinn um Wupp vum Äischdall, wat mir gesinn hei, dat ass am Fong eng Aue vun enger Baach, also e Floss, an deem eeben och nach eng landwirtschaftlech Aktivitéit ass. A wat hei speziell ass, dat ass, datt hei, wéi ee gesäit, d'Maisfelder relativ no un d'Baach ginn.
Pia Oppel An déi Baach, also d’Äisch, fléisst net wäit vun hei zu Miersch dann an d’Uelzecht.
Tom Gallé Also ech sinn den Tom Gallé. Ech schaffe beim LIST am Beräich Hydrologie.
Pia Oppel LIST, dat ass d’Fuerschungsinstitut fir Wëssenschaft an Technik.
Tom Gallé An ech schaffe säit 23 Joer am Beräich Waasserqualitéit hei zu Lëtzebuerg.
Charlotte Bruneau Mee gëtt deels staark gedüngt an ass dowéinst ee Problem fir d’Gewässer.
Pia Oppel Awer net just dowéinst. Op Maisfelder kommen dacks och Pestiziden zum Asaz.
Pia Oppel Dir hutt do eng Maschinn dobäi, déi klappert, kënnt Dir erklären, wat ass dat?
Tom Gallé Dat ass ee Passivsammler.
Charlotte Bruneau Ee wéi?
Tom Gallé Ee Passivsammler, jo. Pestizide ginn am Fong haaptsächlech dann ausgewäsch an där Period, wou se applizéiert ginn. Also zum Beispill beim Mais ginn Herbiziden haaptsächlech agesat. An déi ginn Enn Mee Ufank Juni gesprëtzt. Wann et an där Zäit elo, nodeems dat applizéiert gouf, wann et do staark reent, da ginn déi Herbiziden ausgewäsch.
Charlotte Bruneau An där metalle Këscht läit eng Membran, déi sammelt dann iwwer e puer Wochen Informatiounen, wéi vill Pestiziden am Floss sinn.
Tom Gallé Dat ass einfach eng permanent Iwwerwaachung. An doduerch kënne mir dann ausrechnen, wéi vill datt ausgewäsch ginn ass. A wa mir esou d'Bilanze maachen, da gesi mir effektiv, datt d’Baache relativ staark mat Herbizide belaascht sinn.
Pia Oppel Kënnt Dir et beschreiwen, wat geschitt do genee, wann d’Pestiziden ze vill an de Baache landen?
Tom Gallé Dat si vill méi chronesch Effekter. Dat heescht, letztlech verschwannen da méi sensibel Aarten.
Pia Oppel A wat d’Pufferzon zur Baach méi kleng ass, wat den Effet op d’Liewewiese schéngt méi grouss ze ginn.
Tom Gallé An deem gi mir elo e bëssen no. An dann hoffe mir, datt dat dann e bëssen Drock mécht fir do e bëssen eng besser Praxis ze hunn.
Charlotte Bruneau Eng besser Praxis, also datt méi Ofstand gehale gëtt, an datt nach manner Pestiziden agesat ginn.
Jamie Reinert Charlotte, Du sos elo nach manner Pestiziden. Dat heescht, den Asaz ass schonn zeréckgaangen?
Charlotte Bruneau Jo, genee. Et gëtt och hei nees europäesch Ziler. An offiziellen Angaben no ass den Asaz vu Pestiziden déi lescht Joren hei am Land ëm ronn 30 Prozent zeréckgaangen.
Pia Oppel A wat och wichteg ass, entretemps ginn et uechter d’Land bal 50 Waasserschutzzone ronderëm Drénkwaasserquellen. Do ass den Asaz vu Pestiziden an och vun Dünger ageschränkt.
Charlotte Bruneau Mee trotz dësen Efforten ass d’Grondwaasser op ville Plazen am Land nach ze staark belaascht. Och d’Uewerflächegewässer si weiderhin an engem zimmlech schlechten Zoustand. An dat eeben ënner anerem wéinst der Landwirtschaft.
Jamie Reinert A wat ass den Auswee?
Charlotte Bruneau Et gëtt eng grouss Schrauf, un där ee kéint dréien.
Stéphanie Zimmer Natierlech all Mesure an alles, wat ee méi mécht, ass e Plus. Awer fir wierklech d'Saach an de Grëff ze kréien, muss een et méi strukturell, méi ganzheetlech ugoen.
Charlotte Bruneau D’Stéphanie Zimmer ass Direktesch vum IBLA, den Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie zu Lëtzebuerg. Mir treffen eis bei der Péitruss, am Gronn.
Stéphanie Zimmer Mir hunn hei am Fong déi Fläch, déi ee brauch fir Wäinzoossiss mat Moschterzooss kënnen ze produzéieren.
Charlotte Bruneau Mir sti grad virun engem Hochbeet, dat am Kader vun der Gaardenausstellung LUGA direkt nieft der Péitruss opgestallt gouf. Do gesäit een, wéi vill Fläch a wéi eng Planze gebraucht gi fir verschidden Iesswueren hierzestellen.
Pia Oppel An eng Wäinzoossiss produzéieren, dat hëlt vill Plaz. D’Déiere brauche vill Fudder.
Stéphanie Zimmer Dat heescht, mir brauche schonn eng grouss Fläch, fir eleng Fudderfläch kënnen unzebauen. An dovun ass dee gréissten Deel fir d'Zoossiss selwer.
Charlotte Bruneau Zentral an hirer Analys ass d’Iddi vun enger Landwirtschaft, där d’Agrarfläch hei am Land duergeet fir d’Awunner ze ernären. Mee dofir misst d’Konsumverhalen änneren. An d’Betriber missten anescht opgestallt sinn.
Stéphanie Zimmer Wa mir elo kee Fuddermëttel méi importéiere géingen, da kënne mir jo natierlech manner Déiere wéi bis elo mam nämmlechte Level fidderen.
Pia Oppel An anere Wierder, d’Baueren hätte just esou vill Ranner, datt déi kéinten op der Weed gehale ginn.
Stéphanie Zimmer Jo, also wa mir wierklech soen, mir fidderen d'Ranner just nach, mat Grasland a Kléigras, da wësse mir wéi vill Ranner mir kënne fidderen domat.
Charlotte Bruneau A wa Lëtzebuerg zousätzlech ganz géif op Bio ëmklammen, kënnt eng Etüd ënner der Leedung vum IBLA zur Conclusioun, datt just nach hallef esou vill Ranner kéinte gehale ginn.
Stéphanie Zimmer Da wiere mir bei deenen 90.000. Dann hätte mir eng sougenannte flächegebonne Landwirtschaft.
Charlotte Bruneau D’Gréngland géif also weiderhi fir d’Déierenhaltung genotzt ginn. Mee den Iwwerschoss u Gülle géif däitlech reduzéiert ginn. An et géif manner Akerfläch gebraucht gi fir Deierefudder wéi zum Beispill de Mais. Amplaz kéint een dann zum Beispill méi Ierbessen, Bounen oder Gromperen ubauen.
Stéphanie Zimmer Also d'Äntwert fir mech ass ee méi diverse Betrib an ee manner spezialiséierte Betrib. Fir d'Ëmwelt. Awer de Problem ass nach d'Wirtschaftlechkeet. Wéi kréie mir hin, datt dee Betrib dann och wirtschaftlech stabil an Zukunft nohalteg do steet?
Jamie Reinert A wat seet de Christian Wester dozou, de Bauer vun Alzeng a President vun der Bauerenzentral?
Pia Oppel Hie betount genee dat, wat d’Stéphanie Zimmer elo grad och erwäänt huet. Datt sech dat alles och wirtschaftlech fir d’Bauere muss lounen.
Charlotte Bruneau An a sengen Ae wier dat ënner den aktuelle Bedéngungen eeben net de Fall. Aus verschidde Grënn. Een dovunner ass d’Richtung, déi déi europäesch Agrarpolitik elo joerzéngtelaang virgeschriwwen huet.
Pia Oppel D’Betriber hu sech drop agestallt fir méiglechst produktiv ze sinn.
Charlotte Bruneau Wat ass dat do? Do kënnt eng ...
Christian Wester Een automatesche Futteranschieber, dee fiert automatesch hei de Stall erop an erof, fir datt d'Kéi eppes ze friessen hunn.
Charlotte Bruneau Deem musse mir elo aus dem Wee goen. An d'Kéi ginn och eraus?
Christian Wester Also d'Sträichkéi mam Roboter, elo ass dat hei e bësse méi einfach, wa se dobanne sinn. Och well d'Terrainen hei vun der Begebenheet sech net ëmmer esou gutt eegenen, fir ze weeden.
Charlotte Bruneau Gëtt een awer encouragéiert, Kéi méi dobaussen ze halen?
Christian Wester Et ass politesch gewollt, fir d'Kéi méi dobaussen ze halen. Dir musst awer och wëssen, datt esou laang d'Betriber wuesse mussen, fir ekonomesch ze iwwerliewen, wat den Trapp vu Kéi méi grouss gëtt, wat et méi schwéier gëtt, d'Kéi erauszeloossen.
Jamie Reinert Wuesse fir ekonomesch ze iwwerliewen, seet de Christian Wester. Manner Véi, dat ass fir hien also keng Optioun?
Pia Oppel Nee, hie seet, dat wier fir hie finanziell schwiereg. Hien huet zum Beispill an e grousse Stall investéiert.
Christian Wester E Stall opriichte fir 100 Kéi. Ech hu Sträichmaschinnen do stoen, fir 100 Kéi ze sträichen. An da sträichen der just op eemol 50. D'Festkäschten, déi mir aus dem Ufer lafen. Et ass wierklech ee ganz schmuele Grad.
Charlotte Bruneau An d’Politik hätt elo europawäit joerzéngtelaang den Invest a méi grouss a méi produktiv Betriber och finanziell ënnerstëtzt. Mat Succès. Eng Kou produzéiert haut am Duerchschnëtt duebel esou vill Mëllech wéi nach viru 40 Joer.
Christian Wester Dir kënnt elo net zu hinne soen, jo mir hunn Iech elo viru fënnef Joer Äre Stall vun eng Millioun Subsid drop ginn. D’Hallschent dervun als Jongbauer. Elo gi mir iech erëm Geld fir e muer eidel stoen ze loossen.
Charlotte Bruneau Jo, mee elo hu mir Ëmweltziler, déi mir net erreechen. Huelt Dir dat dann a Kaf?
Christian Wester Et wëllt keen, datt d'Waasser verknascht ass. Mee soulaang d'Gesellschaft, de Konsument, de Bauer a Konkurrenz setzt mat Länner, wou de Waasserschutz guer näischt wäert ass. A mir mat deem un der Théik musse konkurréieren, wäert ëmmer deen Zwispalt do bleiwen. D'Betriber sinn dann deelweis gezwonge bis un d'Limitt ze fueren an da kann dat dobäi erauskommen, déi Situatioun, wou mir elo sinn.
Jamie Reinert Ok, also de Christian Wester seet u sech dat hei: Um Marché wäerten et ëmmer bëlleg Produite ginn, aus Länner, wou d’Bauere manner op d’Ëmwelt mussen oppassen. Also ass de Client matresponsabel, well deen net bereet ass, méi ze bezuelen?
Charlotte Bruneau Genee, dat Argument ass natierlech net ganz vun der Hand ze weisen, an deem staark liberaliséierte Marché, an deem ee landwirtschaftleche Betrib sech muss positionéieren.
Pia Oppel Mee et gëtt natierlech och ee Géigenargument: d'Landwirtschaft ass grad an der EU staark subventionéiert. Wat d’Baueren zum Deel jo viru Konkurrenz schützt. Zu Lëtzebuerg maachen déi verschidden Aiden iwwer 15 Prozent vum Ëmsaz vun de landwirtschaftleche Betriber aus.
Charlotte Bruneau Eng Fro ass deemno, ob d’Aidë richteg ausgeriicht sinn.
Myriam Cecchetti Et ass zwar eng Mesure virgesi fir d’Reduktioun vum Véibestand ze kompenséieren. Mee mir mengen, datt dee Betrag net héich genuch ass par rapport zu engem Ertrag, deen eng Mëllechkou pro Joer abréngt.
Pia Oppel Dat sot déi Lénk Deputéiert Myriam Cecchetti am Juli 2023, wéi d’Chamber iwwer dat neit Agrargesetz ofgestëmmt huet.
Charlotte Bruneau Déi Zäit ass nach eng blo-rout-gréng Regierung um Rudder. An iwwer een Theema ass deen Ament vill diskutéiert ginn.
François Benoy Déi uviséiert Reduktioun vum Véibestand.
Tess Burton Eng Reduktioun vum Véibestand.
Gusty Graas Wat de Véibestand ubelaangt, muss e reduzéiert ginn? Muss en net reduzéiert ginn? Dat ass dee Punkt, iwwer dee mir vill diskutéiert hunn.
Jamie Reinert Déi grouss Schrauf, vun där mir virdru rieds haten, an un där ee kéint dréie fir d’Landwirtschaft méi ëmweltschounend opzestellen, iwwer déi huet d’Chamber also am Summer 2023 diskutéiert. Wat genee ass da proposéiert ginn, fir de Véibestand ze reduzéieren?
Charlotte Bruneau Also iwwer eng Reduktioun ass zwar vill diskutéiert ginn. Mee dat wat tatsächlech elo am Gesetz steet ass éischter de Versuch de Wuesstem vum Véibestand ze drosselen. Betriber mat iwwer 200 Ranner dierfen net weider wuessen.
Pia Oppel An déi méi kleng mussen dann eng Ufro beim Landwirtschaftsministère maachen, ob si dierfe méi Déieren halen.
Jamie Reinert An, wéi klappt dat elo an der Praxis?
Pia Oppel Also d’Entwécklung vum Véibestand ass zënter 2019, also scho virum Vott vun deem neien Agrargesetz, liicht réckleefeg. An deen Trend geet elo weider, zejoert gouf et ee Réckgank vu ronn zwee Prozent.
Charlotte Bruneau Esou datt mir elo nees um selwechten Niveau wéi virun 20 Joer ukomm sinn. Eeben ëm déi 180.000 Ranner.
Jamie Reinert Also duebel esou vill wéi den IBLA fir nohalteg hält. Wéi geet d’Regierung domadder ëm?
Charlotte Bruneau Landwirtschaftsministerin ass elo d’Martine Hansen vun der CSV. A si schléisst méi contraignant Mesurë fir de Véibestand ze reduzéiere kloer aus.
Martine Hansen Wa mir awer Betriber kënnen ënnerstëtzen a soen hei, well mir hu jo d'Ammoniaktziler, mir hunn d'Klimagasziler. Da musse mir jo verschidde Mesuren offréieren. Wou den eenzelne Bauer da ka kucken, ma komm, dann halen ech vläicht esou vill Kéi manner, ech kréien et jo eng Entschiedegung. Dann ass et fir mech genee esou rentabel wéi dat virdrun.
Charlotte Bruneau D’Landwirtschaftsministerin plaidéiert fir fräiwëlleg Mesuren a manner Virschrëften.
Martine Hansen Méi Incentive. Dat sot och de Kommissär. Mir probéieren dobäi ze bleiwe fir eeben eis Klimagasziler kënnen ze erreechen, mee mir wäerten net als Zil setzen, do musse mir de Véibestand erofsetzen.
Pia Oppel Dat ass jo och d’Versprieche vun der CSV-DP-Koalitioun, Ëmweltschutz soll net iwwer Verbueter gemaach ginn. Net nerven, wéi de Premier Luc Frieden sot.
Jamie Reinert A wéi gesäit den Ëmweltminister déi Fro, also muss de Véibestand reduzéiert gi fir eng méi nohalteg Landwirtschaft an ee bessere Gewässerschutz - oder wier dat och a sengen Aen eng Ëmweltpolitik, déi nervt?
Pia Oppel Also de Serge Wilmes deelt déi Approche grondsätzlech. Ëmweltpolitik soll begeeschteren, net nerven.
Serge Wilmes An dat ënnerschreiwen ech natierlech mat zwee Hänn. Et ass vläicht net ëmmer evident an der Politik ze maachen, mee selbstverständlech wëlle mir gären, datt Natur-, Klima-, Ëmweltschutz d'Leit akzeptéieren an net als eng Contrainte vun eppes gesinn.
Pia Oppel Wat net heescht, datt de Serge Wilmes ganz op Contrainten a Virschrëfte wëllt verzichten. Bei de Pestizide wëllt hien zum Beispill eng aner Richtung aschloen.
Serge Wilmes Mir mussen dat nach mat dem Secteur, mat der Landwirtschaft och diskutéieren. Mee d'Zil ass awer kloer, datt an den Drénkwaasserschutzzonen an Zukunft eng Kéier keng Pestizide méi wäerten agesat ginn. Keng, guer keng Pestizide méi.
Pia Oppel Manner iwwerzeegt ass den Ëmweltminister fir d’Problematik vum grousse Véibestand mat Virschrëften ze léisen. Hei läit hie mat der Landwirtschaftsministerin op enger Linn.
Serge Wilmes Ech sinn net als Ëmweltminister kompetent, fir dat elo esou ze tranchéieren. Den Ëmweltministère, an och ech als Ëmweltminister, kann natierlech och déi Entwécklung mat begleeden, andeems mir Programmer, respektiv Primmen an Unerkennungen och ginn, finanziell och Unerkennunge ginn, fir déi Déngschtleeschtungen, déi dann och d'Landwirtschaft bréngt fir d'Natur ze schützen.
Jamie Reinert Dat heescht, wat bedeit alles dat elo fir d’Uelzecht?
Charlotte Bruneau Datt d’Landwirtschaft wuel bis op Weideres eng Belaaschtung wäert bleiwen. Nieft der Belaaschtung vun de ville grousse Kläranlagen.
Pia Oppel Bei de Kläranlage kann een drop hoffen, datt den technologesche Fortschrëtt da weider dozou bäidréit, datt d’Situatioun sech verbessert. Mee bei der Landwirtschaft ass d’Problematik, wéi mir gesinn hunn, e bëssen anescht gelagert.
Jamie Reinert Well dat manner een technologeschen, a vill méi ee gesellschaftlechen Defi ass?
Charlotte Bruneau Genee, do mussen d’Praktiken an engem ganze Secteur änneren, och d’Astellungen, d’Konsumverhalen, Ofsazmäert ... an dat ass natierlech méi komplex wéi de Bau vun enger Kläranlag.
Jamie Reinert D’Uelzecht bleift also ënner Drock.
Charlotte Bruneau Jo, mee d’Situatioun ass trotzdeem net komplett aussiichtslos. Well Flëss hunn eigentlech eng grouss Capacitéit fir sech selwer ze rengegen. Dat heescht, se kënnen sech erhuele vun deem ganzen Drock.
Jamie Reinert A schiedlech Substanzen ofbauen?
Charlotte Bruneau Op d’mannst deelweis, wa se méiglechst fräi an natierlech kënne fléissen, also vill Plaz hu fir sech auszebreeden.
Pia Oppel A well dat och hëlleft fir d’Mënsche besser géint Héichwaasser ze schützen, soll d’Uelzecht nees méi Plaz kréien.
Charlotte Bruneau Ma och dat leeft net ganz reiwungslos. Well wie wëllt schonn engem Floss säin Terrain ginn?
Michel Malherbe Dat ass Privatproprietéit. A wann et Privatproprietéit ass, da muss ee fir d'éischt de Proprietär froen, datt si eis den Terrain verkafen. Jo. A wa si et awer net verkafen, da mécht een näischt.
Jamie Reinert Wat den Drock op Terrain fir d’Uelzecht bedeit ...
Charlotte Bruneau ... dat gesi mir an der nächster Episod vun eiser Serie “Iwwerfloss”.
Jamie Reinert Merci Charlotte, Merci Pia
Pia Oppel Merci Dir, Jamie!
Charlotte Bruneau Merci, a bis nächst Woch
Jamie Reinert Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau a vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler.
Sound-Design a Musek vu mir Jamie Reinert. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich
Fir keng Episod ze verpassen, abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt, schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.