arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerfloss: Transkript vun der Episod 2

Zeenewiessel

|
reading time

21 min

Iwwerfloss: Transkript vun der Episod 2

reading time

21 min

Raphael Lopes Jo hei fänkt de Klärprozess dann un.

Charlotte Bruneau Et richt och net immens.

Raphael Lopes Dat gëtt net besser. Also, mir sinn net hei an enger Parfumsfabrik. Dat ass ganz kloer.

Jamie Reinert 99 Prozent vun de Stéit zu Lëtzebuerg sinn un eng Kläranlag ugeschloss. Ee risege Fortschrëtt.

Frank Sowa An de 70er, 60er Jore war et richteg schlëmm, 80er Joren och deelweis nach, do si mir e bësse méi lues gewiescht mat de Kläranlagen.

Jamie Reinert Laanscht d’Uelzecht sti véier vun de gréisste Kläranlagen am Land. Ee Seegen, a gläichzäiteg eng enorm Belaaschtung fir dee klenge Floss: Well am Klärwasser bleiwe schiedlech Substanzen dran. 

Luc Jacobs Jo, also et däerf een net vergiessen, eng Kläranlag ka vill, mee si kann och net alles.

Jamie Reinert An et lant ëmmer méi Ofwaasser an der Uelzecht. Méi Awunner, nei Betriber. D’Land wiisst.

Paul Weimerskirch Dat ass genee eis Suerg gewiescht, datt mir geduecht hunn, datt d'Uelzecht also net an deem Zoustand da wäert kënnen iwwerliewen.

Jamie Reinert Ass d’Uelzecht nach ze retten? A wéi vill Kläranlage packt se nach? Mäin Numm ass Jamie Reinert an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. “Iwwerfloss” heescht eis véiert Serie am Zeenewiessel. An där d'Charlotte Bruneau an d’Pia Oppel der Uelzecht op d’Spuer ginn.

Episod 2: Gekläert?

Jamie Reinert Et gouf laang Zäit kaum Kläranlagen zu Lëtzebuerg. Wierklech verännert huet d’Situatioun sech eréischt vill méi spéit. Pia, Charlotte - firwat huet dat esou laang gedauert?

Pia Oppel Jo, dat ass effektiv laang schleefe gelooss ginn, wat eigentlech erstaunlech ass: Well et zënter 1929 gesetzlech verbuede war fir Ofwaasser ontraitéiert an d’Flëss ze leeden ... Kläranlage waren awer offensichtlech keng Prioritéit.

Charlotte Bruneau Beim Ofwaasser läit dat vläicht och e bëssi an der Natur vun der Saach: jiddereen ass frou, wann en d’Waasser kann zéien an d’Toilette ass propper. Mee fir dat wat duerno geschitt, interesséiert ee sech dann net onbedéngt.

Jamie Reinert D’Ofwaasser ass also och als politesche Problem laang verdrängt ginn?

Pia Oppel Esou kéint een et soen. Richtegen Drock ass eigentlech eréischt duerch d’EU entstanen. Zënter den 90er ginn et Reegele spezifesch zum Ëmgank mat Ofwaasser.

Charlotte Bruneau Mee Lëtzebuerg huet déi Reegele laang net eescht genuch geholl. Bis dann 2013 dat hei geschitt ass.

Jay Schiltz Lëtzebuerg muss 2 Milliounen Euro strof bezuele wéinst Verspéidunge bei der Ëmsetzung vun der Ofwaasser-Direktiv, respektiv dem Bau vu Kläranlagen.

Charlotte Bruneau Lëtzebuerg krut also eng Strof. Well d’Ofwaasser net gutt genuch opbereet ginn ass: D’Waasser, dat vu verschiddene Kläranlagen an d’Flëss geleet gouf, war ze knaschteg.

Pia Oppel Eréischt 2018, also fënnef Joer méi spéit, waren all d’Kläranlagen zu Lëtzebuerg dann endlech EU-konform. Am Ganzen huet de Staat 6,2 Milliounen Euro Strofgeld misse bezuelen.

Charlotte Bruneau Mee domadder ass de Problem aus Perspektiv vun der Uelzecht nach net geléist.

Jamie Reinert Also obwuel d’Kläranlagen elo den europäesche Virschrëfte gerecht ginn ... bleift d’Ofwaasser eng ze grouss Belaaschtung?

Pia Oppel Jo, dat wierkt op den éischte Bléck vläicht widderspréchlech. Mee d’Erklärung ass déi hei: déi europäesch Virschrëfte fir d’Kläranlage sinn zwar streng - a Lëtzebuerg ass elo entretemps esouguer dacks nach méi streng. Mee d'Uelzecht ass ee ganz klenge Floss, un deen immens vill Kläranlagen ugeschloss sinn.

Charlotte Bruneau A Klärwaasser dierf ee sech elo net als 100 Prozent proppert Waasser virstellen: do bleift ee Rescht schiedlech Substanzen dran.

Pia Oppel An de Cumul vun all deem Klärwaasser suergt da fir Problemer. Am Summer besteet d’Uelzecht plazeweis zu zwee Drëttel aus Klärwaasser, gëtt geschat.

Jamie Reinert Ass et da mat all deene Kläranlagen iwwerhaapt méiglech, datt et der Uelzecht jee wäert besser goen?

Charlotte Bruneau Dat ass déi grouss Fro: Wéi kann d’Situatioun besser ginn, wa stänneg méi Ofwaasser bäikënnt? Dee Widdersproch huet an engem konkreete Fall fir Sträit gesuergt.

Pia Oppel An zwar, nodeems 2017 bekannt ginn ass, datt eng griichesch Molkerei wéilt eng Jugurtsfabrik zu Lëtzebuerg bauen.

Paul Weimerskirch D'Millen do ass op där enger Säit. Op där anerer Säit leeft hei d'Uelzecht.

Pia Oppel Mir sinn an der Gemeng Beetebuerg, bei der Huncherénger Millen, mam Paul Weimerskirch... 

Paul Weimerskirch ...de fréiere Buergermeeschter vu Schëffleng, an déi Zäit, wou ech Buergermeeschter war, och de President vun der Flosspartnerschaft Uelzecht.

Pia Oppel Dat wat mir och vun hei aus gesinn, elo ee Kilometer südlech, Loftlinn vun hei, do hätt sollen déi grouss Jugurtsfabrik hikommen. Erënnert Dir Iech nach un d'Ausmoossen, déi dee Projet sollt hunn? Kënnt Dir se beschreiwen?

Paul Weimerskirch Also ech weess, datt mengen ech 80 Millioune Kilogramm Jugurt sollen do produzéiert ginn.

Charlotte Bruneau Also ëmgerechent hätt déi griichesch Molkerei Fage all Dag iwwer eng Millioun där klenger Dëppercher Jugurt hiergestallt.

Jamie Reinert All Dag?

Pia Oppel Genee! A fir ee Kilo griichesche Jugurt ze maachen, brauch een 3 Liter Waasser. Fage hätt esou vill Drénkwaasser verbraucht wéi eng Stad an der Gréisst vun Diddeleng.

Jamie Reinert Ok, also et wier vill Drénkwaasser verbraucht ginn. A wéi wier et mam Ofwaasser gewiescht?

Pia Oppel Ma d’Jugurtsfabrik hätt esou vill Ofwaasser produzéiert wéi ronn 100.000 Awunner.

Paul Weimerskirch An do sollt och eng Kläranlag hinner kommen, déi praktesch en Awunnergläichwäert hat, dee méi héich war wéi dee vun alle Partnerschaftsgemengen aus der Flosspartnerschaft zesummen.

Charlotte Bruneau Zur Flosspartnerschaft gehéieren deen Ament nieft Schëffleng och Esch, Beetebuerg, Réiser, Monnerech, Keel a Suessem.

Pia Oppel Wann ech dat elo richteg nogekuckt hunn, dat wier eng olympesch Schwämm pro Dag. An Dir hutt ugefaangen Iech dorëms Suergen ze maachen. Et sinn eng Rei zimmlech staark Formulatiounen an deem Avis, deen d'Flosspartnerschaft deemools gemaach huet. Géif et Iech stéieren eis déi eng Kéier virzeliesen?

Paul Weimerskirch En prenant en compte à la fois le volume et la qualité prévisionnelle des eeux usées rejetées ...

Charlotte Bruneau D’Uelzecht wier schonn an engem schlechten Zoustand, heescht et am Avis. An esou eng zousätzlech Belaaschtung géif de Floss net packen. 

Paul Weimerskirch Les effluents projetés auront pour effet une asphyxie de l’Alzette.

Dat ass genee eis Suerg gewiescht, datt mir geduecht hunn, datt d'Uelzecht also net an deem Zoustand da wäert kënnen iwwerliewen.

Jamie Reinert D’Uelzecht géif erstécken, wann d’Jugurtsfabrik kënnt. D’Gemenge vun der Flosspartnerschaft schloen also Alarm. Zu Recht?

Pia Oppel Dat ass fir eis schwéier anzeschätzen. Esou Analysen, och déi vun der Flosspartnerschaft, baséieren op komplizéierte Berechnungen, dat kënne mir also net selwer iwwerpréiwen.

Charlotte Bruneau Mee wat ee ka soen, ass dat hei: D’Waasserverwaltung huet dat deemools anescht gesinn. Hiren Analysen no hätt d’Kläranlag vu Fage den Zoustand vun der Uelzecht, dee jo souwisou scho schlecht war, mol op d’mannst net weider verschlechtert.

Tom Bechet Déi Auslafwäerter, mat deenen d’EIE-Studie gemaach goufen, hu jo am Fong déi Berechnung esou simuléiert a sinn drop erauskomm, datt jo net nëmmen d'Kläranlag, déi gebaut gëtt, en Impakt huet, mee datt awer och aner Verbesserungen nach op der Uelzecht och geschéien.

Pia Oppel Den Tom Bechet vun der Waasserverwaltung seet also, et ass mat aberechent ginn, datt nach Efforten amgaange sinn, fir d’Waasserqualitéit ze verbesseren.

Jamie Reinert An ënner deene Conditiounen hätt een d’Kläranlag vu Fage der Uelzecht da kënnen zoumudden?

Pia Oppel Voilà. Mee dat sinn eebe Simulatiounen, et gëtt keng Garantie, datt déi Rechnung och opgeet.

Tom Bechet Et ass natierlech an enger Hisiicht net gepokert, mee et ass eng optimistesch Vue, well wat een och bedenke muss, ass natierlech, datt de Klimawandel an aner Developpementer, déi mir wäerten hunn, natierlech do elo net onbedéngt eis soe kënnen oder keng Etüd ka soen, dat do klappt 100 Prozent.

Charlotte Bruneau Mee och wann et dann an deem heite Fall dann opgaange wier, et kann een d’Uelzecht net ëmmer méi belaaschten.

Pia Oppel D’Waasserverwaltung huet deemools zu engem Ament och gewarnt, datt wann d’Kläranlag fir d’Jugurtsfabrik kéim, a jee nodeems wéi se konzipéiert wier, da kéinten aner kommunal Kläranlagen eventuell net méi gebaut oder vergréissert ginn.

Jamie Reinert Well d’Uelzecht wéinst Fage da schonn ze staark belaascht wier? 

Pia Oppel Genee, d’Capacitéit vun der Uelzecht fir nach zousätzlecht Klärwaasser opzehuelen, kéint do dann un hir Limitt kommen. Grouss Wunnprojeten am Süde vum Land kéinten dann eventuell net realiséiert ginn.

Charlotte Bruneau Respektiv wier de Risiko do, datt kommunal Kläranlagen dann extreem deier kéinte ginn, well se d'Ofwaasser nach vill méi propper misste maache wéi bis ewell.

Pia Oppel Dee Choix, ob mir elo léiwer Plaz halen an de Capacitéiten, déi eng Uelzecht nach packt fir Bevëlkerungswuesstum oder fir eng Jugurtsfabrik, dat ass net ären. Kënnt Dir dat eng Kéier erklären?

Tom Bechet Jo, also mir sinn eng Verwaltung a mir traitéieren en Dossier.

Charlotte Bruneau A wéi den Tom Bechet hei erkläert, kann d’Waasserverwaltung bei hirer Analys vun engem Dossier keen Ënnerscheed maachen, ob eng Kläranlag fir eng Jugurtsfabrik oder fir d’Ofwaasser vun enger Stad geduecht ass.

Tom Bechet Voilà, dat heescht, ob herno Capacitéiten, déi kënne kreéiert ginn, geholl ginn, schlussendlech fir en industriell Betrib oder fir Wuesstum vun enger Bevëlkerung. Dat hu mir net ze decidéieren. Dat ass eng politesch Decisioun.

Jamie Reinert D’Waasserverwaltung seet also: d’Kläranlag vu Fage hätt d’Uelzecht wuel nach gepackt, a se wier deemno och autoriséiert ginn. Mee d’Jugurtsfabrik ass schlussendlech awer net gebaut ginn. Firwat?

Pia Oppel Wéinst ëffentlechem Drock. Ëmweltorganisatiounen, Gemengen, d’Oppositioun an der Chamber hunn de Projet kritiséiert. An och déi gréng Ëmweltministerin Carole Dieschbourg war skeptesch.

Carole Dieschbourg Wat mir ëmmer wichteg ass ze soen, ass firwat? Firwat maache mir verschidde Saachen a firwat ass et néideg heiansdo iergendwéi ze soen, dat do geet elo net?

Charlotte Bruneau Den LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider hat déi Zäit eng Rei Industrieprojeten u Land gezunn, déi ee gréisseren Impakt op d’Ëmwelt gehat hätten.

Pia Oppel An déi dann zwar och net ganz vill Aarbechtsplaze mat sech bruecht hätten. Eng 200 am Fall vu Fage. Mee de Minister wollt mat dëse Projeten Lëtzebuerg als Industriestanduert stäerken.

Etienne Schneider Firwat solle mir keng griichesch Jugurtsfabrik brauchen? Mir hunn och en indeschen Stolconzern hei, oder?

Jamie Reinert Et war Sträit an der Koalitioun.

Pia Oppel Nawell. An d’Oppositioun, virop d’CSV, huet sech doriwwer gefreet.

Michel Wolter Am Dossier Jugurtsfabrik streide Ressortministere sech ëffentlech, an zwar d’Ekonomie an den Environnement.

Charlotte Bruneau An et entsteet ronderëm de Chamberwalkampf 2018 eng Debatt iwwer d’Grenze vum Wuesstem zu Lëtzebuerg.

Michel Wolter Wéivill Wuesstem wëlle mir? Wat fir ee Wuesstem wëlle mir? Brauche mir Wuesstem?

Yves Cruchten Dat sinn d’Begleiterscheinungen, déi negativ Konsequenze vun dësem Wuesstem.

François Bausch Mir mussen dee Wuesstemsmodell, an deem mir dra sinn, a Fro stellen.

Pia Oppel Schlussendlech huet Fage dann annoncéiert, datt si sech zeréckzéien. Si hu gemierkt, datt si net wierklech wëllkomm wieren.

Charlotte Bruneau Amplaz hu si dann elo eng Fabrik an Holland gebaut. Déi ass par contre dann och just hallef esou grouss wéi déi, déi zu Lëtzebuerg geplangt war.

Jamie Reinert D’Ofwaasser vu Fage ass der Uelzecht also erspuert bliwwen. Mee déi kommunal Kläranlagen, déi wuesse weider?

Charlotte Bruneau Déi wuessen effektiv. Alleguer d’Kläranlage laanscht d’Uelzecht gi vergréissert.

Pia Oppel Miersch huet schonn ausgebaut, zu Schëffleng geschitt dat grad, Beetebuerg an Hesper plangen en Ausbau. An zu Monnerech kéint nach eng nei Kläranlag entstoen.

Charlotte Bruneau D’Capacitéit vun deene véier Anlagen, fir Ofwaasser ze behandelen, gëtt domadder am Ganze verduebelt. An zu Monnerech kéint zousätzlech nach eng nei Kläranlag entstoen.

Pia Oppel Alles dat ass néideg wéinst der Entwécklung vum Land: et kommen Awunner, Frontalieren a Betriber bäi.

Pia Oppel An da geet et trotzdeem nach net duer.

Charlotte Bruneau Dofir gëtt et nach ee Mammutprojet. Den Ausbau vun der Beggener Kläranlag. Dat ass bei Wäitem déi gréissten am Land.

Raphael Lopes Ech maachen Iech einfach mol den Deckel vum Minus 2 op, dann hutt  Dir e bëssen ee Gefill dofir, wéi vill Waasser hei iwwerhaapt erakënnt.

Also, mäin Numm ass Raphael Lopes. Ech schaffen zënter 2015 op der Kläranlag Beggen.

Charlotte Bruneau Hien ass de Chef vun der Anlag.

Raphael Lopes Mir wëllen eis Kläranlag ausbauen, moderniséieren, mir wëlle vun deenen 210.000 Awunnergläichwäert, déi mir elo hunn, wëlle mir op 450.000 Awunnergläichwäerter ausbauen.

Pia Oppel Awunnergläichwäerter, dat ass d’Moosseenheet, an där een d’Capacitéit vu Kläranlagen ausdréckt.

Charlotte Bruneau An déi Capacitéit, déi gëtt dann och zu Beggen elo verduebelt. Och d’Stad an hir Nopeschgemenge, déi wuessen.

Raphael Lopes En Haaptzil vun eiser Aarbecht ass effektiv d'Waasser esou propper wéi méiglech un d'Uelzecht zeréckzeginn, datt mir keng Eutrophisatioun vum Floss erwierken.

Pia Oppel A wat Eutrophisatioun genee ass, dat erkläert de Raphael Lopes esou.

Raphael Lopes Dat ass eigentlech esou eppes wéi eng Erstéckung vum Floss duerch verschidde Polluanten, duerch verschidde Stoffer kann et virkommen, datt dem Floss de Sauerstoff entzugëtt an datt doduerch d'Planze respektiv d'Fësch manner Sauerstoff dann zur Verfügung hunn, fir sech do ze vermeeren oder sech auszebreeden.

Charlotte Bruneau Well, dat hate mir virdru jo scho kuerz erwäänt: am Waasser, dat aus der Kläranlag kënnt, duerno eebe keen Drénkwaasser erauskënnt, bleiwe schiedlech Substanzen iwwereg. Phosphor zum Beispill, oder och Ammonium.

Raphael Lopes Do gëtt ëmmer all Dag e Monitoring gemaach, wéi konzentréiert ass d'Ofwaasser, wann et erakënnt an am Auslaf natierlech wéi propper hu mir d'Waasser erëm hikritt a wéi geet et an d'Uelzecht.

Pia Oppel Fir d’Beispill vum Ammonium ze huelen: dat kënnt haaptsächlech vum Urin. An e gëtt an der Kläranlag quasi ganz ofgebaut. Mee eeben net zu 100 Prozent.

Jamie Reinert A wat mécht den Ammonium, deen am Klärwaasser iwwereg bleift, mat der Uelzecht?

Charlotte Bruneau D’Presenz vun Ammonium am Waasser huet verschidden Effekter: eemol deen, datt e schonn a klenge Quantitéite ka gëfteg sinn, zum Beispill fir Fësch.

Pia Oppel A wann den Ammonium ofgebaut gëtt, entstin aner Stoffer, déi den Algewuesstem fërderen. Dobäi gëtt dem Floss Sauerstoff entzunn. Wat dann och ee Problem fir Planzen an Déieren ass.

Charlotte Bruneau An an der Uelzecht ass an der Moyenne iwwer d’Joer ze vill Ammonium.

Charlotte Bruneau Hei komme mir da bei d'Uelzecht. An hei leeft dat gekläerten Ofwaasser an d'Uelzecht.

Raphel Lopes Genee esou ass et.

Charlotte Bruneau A kann een dat doten da lo och drénken?

Raphael Lopes Ech géif dat Waasser net drénken. Wéi gesot, do riskéiert Dir krank ze ginn.

Jamie Reinert An elo kënnt zu Beggen also eng duebel esou grouss Kläranlag - also och eng duebel esou staark Belaaschtung fir d’Uelzecht?

Pia Oppel Dat géif ee sech effektiv erwaarden. Mee d’Entwécklung ass eng aner: Nom Ausbau zu Beggen, awer och bei deenen anere Kläranlagen, déi mir virdrun erwäänt hunn, sollen am Prinzip manner schiedlech Substanzen an der Uelzecht lande wéi elo.

Raphael Lopes Mam Ausbau vun der Kläranlag, mat der Moderniséierung, wou mir hunn, ginn och méi streng Grenzwäerter herno verlaangt. Alles am Sënn, fir datt d'Uelzecht entlaascht gëtt.

Charlotte Bruneau D’Virschrëfte gi méi streng, an d’Technologie, déi gëtt besser!

Jamie Reinert Ee Beispill also wéi technologesche Fortschrëtt nohaltege Wuesstem erméigleche kann?

Charlotte Bruneau Méi nohalteg sinn déi nei Kläranlagen op alle Fall. Dowéinst geet et der Uelzecht haut besser wéi an de 50er.

Pia Oppel An et gëtt nach eng gutt Nouvelle fir d’Uelzecht.

Raphael Lopes Déi véiert Klärungsstuf ass effektiv dofir do fir déi ganz Spuerestoffer, déi ganz Mikropolluanten, erauszehuelen.

Charlotte Bruneau Iwwer eng Dose Kläranlagen am Land, dorënner déi zu Beggen, ginn nogerüst: a kënnen da méi Substanzen aus dem Waasser filteren, wéi dat bis ewell de Fall ass.

Raphael Lopes Dat ass elo alles, wat ufält, (...) punkto Medikamenter, Réckstänn, punkto Drogen och. Do ginn och Saachen dann dee Moment och erofgebaut.

Charlotte Bruneau Dat deet der Uelzecht gutt, well sougenannte Mikropolluanten och toxesch Wierkunge kënnen hu fir Déieren a Planzen.

Jamie Reinert An dës Substanzen, déi bis ewell am Ofwaasser dra bleiwen, déi sollen an Zukunft deels erausgefiltert ginn. Nach een technologesche Fortschrëtt also. Mee wat mir nach guer net erwäänt hunn ass: Wat kaschten all dës Investissementer an ëmmer méi performant Kläranlagen?

Charlotte Bruneau Also all déi Chantiere laanscht d’Uelzecht, déi mir elo opgezielt hunn, also Schëffleng, Beetebuerg, Hesper, Miersch a Beggen kaschten zesummen op d’mannst 700 Milliounen Euro.

Pia Oppel Anescht wéi fréier dréit net méi de Staat de Gros vun deene Käschten, mee elo sinn et d’Gemengen. A si mussen déi Käschten un d’Awunner:inne weiderginn.

Pia Oppel Wéi ass d'Entwécklung vum Präis fir d'Awunner:innen?

Simone Beissel Also, de Coût total de cycle de l’eau, dat ass d'Drénkwaasser an d'Ofwaasser zesummen, musse käschtendeckend sinn.

Charlotte Bruneau Mir sinn zeréck bei der Beggener Kläranlag. Déi Kéier mat der Stater Schäffin Simone Beissel.

Simone Beissel A mir hunn elo virdru jo kuerz gerechent, fir véier Persounen, hutt Dir ongeféier 450 Euro d'Joer fir Ofwaasser.

Pia Oppel De Käschtepunkt vum Ofwaasser ass déi lescht Joerzéngte geklommen. Trotzdeem wier et haut méi einfach wéi nach virun 20 Joer fir och d’Kolleegen am Schäfferot vun der Noutwendegkeet vun esou Investissementer ze iwwerzeegen.

Simone Beissel An do ware verschidde Kolleegen, déi gesot hunn, wat muss dat sinn, esou e Käschtepunkt. A lues a lues, wou mir hinnen erkläert hunn, ech hunn si eigentlech edukéiert.

Pia Oppel An ob dat dann effektiv der Simone Beissel hire Merite ass, sief mol dohi gestallt. Mee d’Stad investéiert elo iwwer 300 Milliounen Euro an den Ausbau vun der Kläranlag.

Simone Beissel Eng riseg Zomm. Mee et ass och all Mënsch d'accord, datt déi muss investéiert sinn. Fir datt déi Uelzecht, wou jo eeben och den Zoustand nach net deen allerbeschten ass, datt mir dat géife verbesseren.

Jamie Reinert Erméiglechen all déi Investitiounen dann elo, datt d’Uelzecht dann nees propper genuch gëtt, fir ee besseren Zoustand ze erreechen?

Charlotte Bruneau Also d’Kläranlage wäerten d’Uelzecht an Zukunft effektiv manner belaaschten. Den Zoustand vum Floss verbessert sech doduerch viraussiichtlech.

Pia Oppel Mee d’Belaaschtung bleift grouss ... ze grouss, fir datt d’Uelzecht sech nees richteg kann erhuelen. D’Grenzwäerter, déi d’EU fir d’Qualitéit vun de Gewässer virschreift, déi ginn och an Zukunft net agehalen.

Charlotte Bruneau D’Uelzecht bleift also trotz allem bis op Weideres an engem zimmlech schlechten Zoustand.

Pia Oppel Sot Dir eis dann nach wéini datt d’Uelzecht dann am gudden Zoustand ass?

Tom Bechet Dat ass eng Fro. Ech ka keng Ausso soen.

Charlotte Bruneau Fir den Tom Bechet vun der Waasserverwaltung ass et net evident eng Prognos ze maachen.

Tom Bechet An ech weess net, wéi Lëtzebuerg sech wäert an deenen nächste Joren entwéckelen, vun do hier ...

Jamie Reinert Alles dat heescht also: D’Ofwaasserdirektiv, déi respektéiert Lëtzebuerg elo, dat hate mer ufanks erwäänt. D’Kläranlage si performant genuch an halen déi europäesch Virgaben an. Mee da gëtt et och nach d’Waasserdirektiv. Déi schreift fir, datt d’Gewässer bis Enn nächst Joer sollen an engem gudden Zoustand sinn. An déi Direktiv respektéiert Lëtzebuerg nach soubal net. Richteg?

Charlotte Bruneau Genee, déi Deadline fir bis Enn nächst Joer gesond Gewässer ze hunn, déi kritt Lëtzebuerg sécher net agehalen. Obwuel Fortschrëtter gemaach ginn. Besonnesch bei de Kläranlagen, wéi mir elo gesinn hunn.

Pia Oppel Do gëtt de Maximum gemaach, deen technesch a finanziell méiglech ass, soen d’Gemengen an d’Waasserverwaltung.

Charlotte Bruneau A well dat awer nach ëmmer net duergeet, ass d’Uelzecht drop ugewisen, datt méiglechst och aner Belaaschtunge reduzéiert ginn.

Jamie Reinert An dat wieren ...? 

Charlotte Bruneau Ma et landen nach vill aner schiedlech Substanzen an der Uelzecht, aus deene verschiddenste Quellen, zum Beispill Chemikalien oder Schwéiermetaller aus der Industrie.

Pia Oppel A méi allgemeng Ëmweltverschmotzunge fannen och dacks hire Wee an d’Flëss ... wéi de Gummi vun Autospneuen, dee beim Fueren ofgeriwwe gëtt: dee kann een am Waasser als Mikroplastik erëmfannen.

Charlotte Bruneau Mee wann een elo bei den Haaptbelaaschtunge fir d’Gewässer wëllt bleiwen: da gëtt et nieft de Kläranlagen een anere wichtege Problem, iwwer deen ee muss schwätzen. An dee krut Lëtzebuerg bis elo kaum an de Grëff.

Gusty Graas Da wiere mir natierlech och séier bei der Diskussioun iwwer d’Landwirtschaft.

Marc Hans Wa mir iwwer Närstoffbelaaschtung, Nitrater schwätzen, dee gréissten Deel kënnt aus der Landwirtschaft.

Jamie Reinert Firwat ass et esou schwiereg den Impakt vun der Landwirtschaft op d’Gewässer ze reduzéieren?

Charlotte Bruneau Dat gesi mir an der nächster Episod vun eiser Serie “Iwwerfloss.”

Jamie Reinert Merci Charlotte, Merci Pia. 

Pia Oppel Gären! 

Charlotte Bruneau Bis nächste Méindeg!

Jamie Reinert Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau a vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany an Tessy Troes. 

Sound-Design a Musek vu mir Jamie Reinert. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich

Fir keng Episod ze verpassen: Abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt, schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.