arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerfloss: Transkript vun der Episod 1

Zeenewiessel

|
reading time

27 min

Iwwerfloss: Transkript vun der Episod 1

reading time

27 min

Charlotte Bruneau Majo, also mir stinn hei beim Saumonsrayon. Dat heescht, Dir wëllt haut Saumon kafen? 

Cliente Nee, a sech net, mee meng Frëndin wëllt es kafen. 

Charlotte Bruneau An, iesst Dir gär Saumon? 

Cliente Jo, si huet e gär. Ech net esou gär, well ech es einfach iergendwann ze vill giess hat. En eekelt mech un, am Moment. Mee dat kënnt erëm.  

Jamie Reinert Bal 30 Kilo Fësch ësst een Awunner zu Lëtzebuerg am Joer, gëtt geschat. Europawäit gehéiert de Saumon zu de Favoritten un der Fëschthéik. An de Gros vum Saumon, deen an der EU konsuméiert gëtt, ass importéiert. 

Charlotte Bruneau Donc aujourd'hui vous avez acheté du saumon. Est-ce que vous savez d'où est-ce qu'il vient? 

Client Oui, bonjour. Si je me trompe pas, il vient d'Alaska? 

Charlotte Bruneau Et donc, pourquoi est-ce que vous avez choisi ce saumon spécifiquement?

Client Parce qu'au niveau origine, je préfère l'Alaska que le saumon norvégien, puisqu'en Norvège, c'est beaucoup de saumons (...) qui sont nourris par l'homme entre guillemets, donc (...) c'est pas du saumon sauvage. 

Jamie Reinert Datt Saumon muss geziicht an importéiert ginn ... dat war net ëmmer esou. Am 19. Joerhonnert ass dëse Fësch och hei am Land nach a gréissere Quantitéite gefëscht ginn. 

Charlotte Bruneau Et est-ce que vous saviez qu'autrefois il y avait des saumons dans la rivière de l'Alzette au Luxembourg? 

Client Non, pas du tout, non. 

Charlotte Bruneau Et est-ce que vous pouvez vous imaginer que le saumon revienne? 

Client Je crois pas du tout, parce qu'au niveau de la qualité de l'eau au Luxembourg, c'est reconnu que l'eau est plutôt mauvaise, donc je ne crois pas.

Jamie Reinert D’Uelzecht ass effektiv an engem zimmlech schlechten Zoustand. Well si kritt zimmlech alles ze spieren, wat zu Lëtzebuerg geschitt: Zwee Drëttel vun den Awunner liewen an hirem Anzuchsgebitt. Hei leien och de Gros vun den Industriebetriber, déi gréisste Kläranlagen, sëlleg Bauerebetriber.

De Gewässer, och der Uelzecht, misst et eigentlech däitlech besser goen, wéi dat elo de Fall ass: Wa Lëtzebuerg sech u säin eegent Waassergesetz géif halen. An un eng europäesch Deadline: Bis Enn nächst Joer sollen alleguer d’Gewässer hei am Land an engem gudden Zoustand sinn. 

Marc Hans Kee vun eise Gewässer ass an engem gudden Zoustand.

Gusty Graas D’Uelzecht, déi jo esou gär besonge gëtt als eise schéinen Nationalfloss, ass alles aneres wéi e schéinen Nationalfloss.

Frank Sowa Et ass fir mech hei e bëssen e Spigel vun der Gesellschaft

Jamie Reinert Ass d’Uelzecht nach ze retten? A wat seet hiren Zoustand doriwwer aus, wéi nohalteg Lëtzebuerg mat sengen natierleche Ressourcen ëmgeet? Mäin Numm ass Jamie Reinert. An dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. “Iwwerfloss” heescht eis véiert Serie am Zeenewiessel. An där d’Charlotte Bruneau an d’Pia Oppel der Uelzecht op d’Spuer ginn.

Episod 1: De Präis vum Fortschrëtt

De Countdown leeft: nach bis Enn 2027 huet Lëtzebuerg Zäit fir seng Gewässer an ee gudden Zoustand ze bréngen, dat schreift eng europäesch Direktiv esou vir. Charlotte, Pia, wat ass hei genee den Enjeu?   

Charlotte Bruneau Ma de Kontext ass deen hei: d’EU huet sech scho virun iwwer 25 Joer ee ganz einfacht, awer och ganz ambitiéist Zil gesat: d’Grondwaasser, d’Séien, d’Baachen, d’Flëss ... déi solle gesond sinn. Well mir alleguer - an natierlech och d’Natur - op proppert Waasser ugewise sinn.

Pia Oppel A gesond, dat heescht, datt nees déi Déieren a Planzen do sinn, déi do wieren, ouni esou ee staarken Agrëff vum Mënsch an hire Liewensraum.

Charlotte Bruneau An der Uelzecht missten et verschidde Muschelen, Kriibsen, Libellen, awer och bestëmmte Waasserplanze ginn.

Pia Oppel An natierlech och Fësch wéi Forellen oder Äschen - a wie weess, vläicht iergendwann och nees de Saumon.

Jamie Reinert De Saumon ass scho méi laang net méi an der Uelzecht. A bei deenen aneren Aarten, déi feelen och?

Pia Oppel Jo, se feelen oder se sinn an ze klenger Zuel a Villfalt present. D’Waasserqualitéit ass eeben net gutt genuch, ënner anerem well ze vill schiedlech Substanzen an der Uelzecht sinn.

Charlotte Bruneau Dat Zil vum gudden Zoustand vun de Gewässer, dat sollt eigentlech schonn 2015 erreecht sinn. Dat ass net just eng europäesch Virgab: Dat steet esou am Lëtzebuerger Waassergesetz.

Pia Oppel D’EU huet hir Deadline e puermol no hanne geréckelt: mee 2027 sollt eigentlech dee leschten Delai sinn, duerno kéinten et da Strofe gi fir déi Länner, déi sech net drun halen.

Jamie Reinert An dorënner wier dann och Lëtzebuerg?

Pia Oppel Jo, méiglecherweis, well Lëtzebuerg ass effektiv zimmlech hannen dran, hei ass keen eenzege Floss an engem gudden Zoustand. Mee net just hei gëtt et Retarden: bis ewell erreeche manner wéi d’Hallschent vun den europäesche Gewässer dat Zil.

Charlotte Bruneau An den Ament gëtt et Drock, ënner anerem aus der Wirtschaft, fir déi Deadline nach emol ze réckelen. Oder och fir manner ambitiéis Ziler virzeschreiwen.

Pia Oppel Wat weist: an alleguerten de Länner ass et een enormen Defi fir Waasserressourcë besser ze schützen.

Jamie Reinert An am Fall vu Lëtzebuerg, wourunner scheitert et?

Charlotte Bruneau Also et sinn déi lescht Joerzéngten Efforte gemaach ginn. Mee dat Ganzt ass och ee Renne géint d’Zäit: well d'Land huet sech gläichzäiteg ëmmer weiderentwéckelt.

Pia Oppel A beim Ofweien tëschent ekonomeschem Wuesstem an Ëmweltschutz hunn d’Gewässer laang Zäit de Kierzere gezunn. D’Uelzecht krut dat ganz besonnesch staark ze spieren - eebe well se duerch déi ekonomesch Zentere vum Land fléisst.

Charlotte Bruneau D’Uelzecht gëllt scho laang als mat dee knaschtegste Floss hei am Land.

Jamie Reinert Well an der Vergaangenheet scho Feeler geschitt sinn?

Pia Oppel Esou kéint een et nennen. Op alle Fall huet Lëtzebuerg laang vun der Uelzecht profitéiert, a wéineg Rücksicht geholl.

Charlotte Bruneau An dat huet Konsequenzen, déi een haut nees versicht an de Grëff ze kréien.

Pia Oppel Oder anescht formuléiert: fir der Patientin kënnen ze hëllefen, muss een hir Virgeschicht kennen.

Jean-André Stammet Hei hu mir jo de Kanal vun der Millen, deen ass hei, hanner der Mauer gesäit een, wou d’Waasser erauskënnt an da leeft d’Waasser hei erëm an d’Uelzecht.

Charlotte Bruneau Ech si mam Jean-André Stammet am Pafendall ënnerwee, hien huet ee Buch iwwer d’Geschicht vum Quartier erausginn.

Charlotte Bruneau Majo vläicht kënne mir eis an d’Sonn stellen ... Hei ass och gutt

Jean-André Stammet Wann et geet mam Kaméidi, da kenne mir roueg dohinner goen ... 

Charlotte Bruneau Op engem kale sonnege Moie spadséiere mir laanscht d’Uelzecht a schwätzen iwwer déi ganz Aktivitéiten, déi am Mëttelalter beim Floss entstoe konnten.

Jean-André Stammet Et konnte Gierwer sech installéieren hei, et konnte Fierwer sech installéieren, et hu Geméisgäertner sech installéiert fir d’Geméis fir d’Uewerstad kennen ze produzéieren. Jee ekonomesch konnt ee sech beim Waasser entwéckelen, wat an enger Uewerstad net méiglech wor.

Charlotte Bruneau A besonnesch nëtzlech ass déi Zäit d’Waasserkraaft. 

Jean-André Stammet Strategesch gesi waren alleguerten déi Millen immens wichteg.

Charlotte Bruneau Kéint Dir eis e Wuert zur Muerbelsmille soen?

Jean-André Stammet D'Muerbelsmillen, dat ass u sech deen eelste Betrib aus der Stad Lëtzebuerg, deen nach fonctionnéiert, méi wéi 1.000 Joer.

Charlotte Bruneau D’Millewiese boomt am Mëttelalter. 

Jean-André Stammet Et gouf jo net nëmme Weessmillen, mee do goufen et d'Uelegsmillen, et goufe Polvermillen an esou weider. Eleng scho fir d’Garnisounstruppen. Déi waren ëmmer, géif ech soen, gutt geschützt an iwwerwaacht vun deene jeeweilegen Herrscher, déi hei waren.

Charlotte Bruneau Uechter d’Land goufen et am fréien 19. Joerhonnert, zum Héichpunkt vum Millewiesen, Honnerte vu Millen.  

Jean-André Stammet Bis zur Industrialisatioun war dat en immens wichtege Facteur am wirtschaftlechen Developpement vun de verschiddene Länner.  

Jamie Reinert D’Waasser vun der Uelzecht ass eng Energiequell fir d’Millen, an dat streckt sech iwwer eng ganz Zäit, vum Mëttelalter bis an d’19. Joerhonnert. Ee richtege Wuesstemsmotor also?  

Pia Oppel Jo, an de Mënsch baut net just Mille laanscht d’Waasser, mee gräift méi déif an d’Liewe vum Floss an. De Flossverlaf, also d’Aart a Weis, wéi de Floss fléisst, gëtt verännert.

Micha Bunusevac On a fait beaucoup de fautes à l’époque en fait, en faisant les cours d’eau.

Charlotte Bruneau De Micha Bunusevac ass Ingenieur. Säi Bureau d’études huet am Optrag vu verschidde Gemengen a vum Staat Etüde fir d’Renaturéierung vun der Uelzecht gemaach.

Micha Bunusevac C’est à dire des projets de protection contre les inondations ...

Pia Oppel Dowéinst huet hie versicht, méiglechst vill doriwwer erauszefannen, wéi de Floss verlaf ass, éier d’Mënschen agegraff hunn.

Micha Bunusevac Sur l'Alzette, spécifiquement, on a trouvé les cartes extrêmement intéressantes de 1750 d'un colonel, Nicolas Jamez. 

Charlotte Bruneau Den Nicolas Jamez war och Ingenieur a schafft deemools, also Mëtt vum 18. Joerhonnert, am Optrag vun den Habsburger aus Éisträich. Déi hunn an där Zäit d’Soen zu Lëtzebuerg. 

Micha Bunusevac Donc on a trouvé ces cartes dans les archives à Vienne, en Autriche. Ce projet s'appelait le redressement de la sinusoïté de l'Alzette c'est-à-dire le colonel avait la mission de couper tous les méandres de l’Alzette. D’ailleurs les plus grands méandres, car il avait un budget qui était limité.

Pia Oppel Gréisser Méandren, also d'Schläifen, déi de Floss mécht, wann en duerch d’Landschaft zitt, déi gi fortgeholl. Fir datt d’Uelzecht méi riicht fléisst.

Micha Bunusevac Pour augmenter le débit et pour assurer que l'eau déborde pas vers les prairies qui étaient exploitées pour l'agriculture. Donc il a profondé l’Alzette, il a en fait coupé les méandres, pour qu'il a un plus grand débit vers les moulins.

Jamie Reinert Méi Plaz fir Felder, méi dréche Wisen, méi Waasserkraaft fir d’Millen - also besser Konditioune fir d’Liewensmëttelproduktioun?  

Charlotte Bruneau Ënner anerem. Mee déi Agrëff am 18.-19. Joerhonnert hunn och aner Grënn: zum Beispill gi Fiichtgebidder laanscht de Floss och dréche geluecht, fir datt manner Insekten do sinn. A fir esou d’Ausbreede vu Krankheeten ze vermeiden.

Pia Oppel An d’Waasser sollt net just wéinst de Mille méi séier fléissen. Et war een och iwwerzeegt, datt méi riicht Flëss mat manner Vegetatioun géint Héichwaasser schütze géifen. Woubäi ee jo hautdesdaags zu enger ganz anerer Conclusioun komm ass.

Jamie Reinert Dozou komme mir nach. Mee fir elo mol bei den Agrëff aus der Vergaangenheet ze bleiwen: et ass jo net just massiv an de Flossverlaf agegraff ginn. D’Uelzecht ass och staark verknascht ginn ... 

Pia Oppel Effektiv. Och dowéinst war et interessant, datt d’Waasser méiglechst séier offléisst: D’Ofwaasser aus de Stied, de kommerziellen an handwierklechen Aktivitéiten, oder och aus der Landwirtschaft, ass scho laang ontraitéiert an d’Ëmwelt geroden.

Charlotte Bruneau Mee um Enn vum 19. Joerhonnert, mat der Industrialisatioun verännert sech  de Knascht. Et ginn ëmmer méi toxesch Substanzen an de Floss gekippt.

Pia Oppel An d’Envergure vun der Verschmotzung gëtt méi grouss, mam Opschwong vun der Stolindustrie sprangen och nei Quartieren, Stroossen a Fabricken  aus dem Buedem.  

Charlotte Bruneau D’Uelzecht kritt dat ze spieren.

Charlotte Bruneau Jo da si mir dann elo beim Etang de l’Alzette

Jacques Mersch Dat hei ass effektiv d'Quellegebitt vun der Uelzecht, do gëtt dann d'Waasser an e grousse Weier gefaangen an den Iwwerlaf, dat ass eigentlech den Ursprong vun der Uelzecht.

Charlotte Bruneau Ajo vläicht kënne mir kucke goen.

Charlotte Bruneau De Jacques Mersch ass Ëmwelttoxikolog. Hie préift d’Waasserqualitéit vun der Uelzecht zënter Joren am Optrag vu Gemengen, déi zur Flosspartnerschaft Uelzecht gehéieren. 

Jacques Mersch Et ass relativ vill. Dat do ass wierklech eng ergibeg Quell. 

Charlotte Bruneau Ronderëm eis ass Bësch, et ass e rouege Weier.

Jacques Mersch Genee esou ass et. Mir sinn hei op dem Gebitt vun der Gemeng Thill.

Charlotte Bruneau Dat läit a Frankräich an der Lorraine. Knapps dräi Kilometer vun hei fort fléisst d’Uelzecht zu Esch iwwer d’Grenz a weider Richtung Schëffleng. Riicht duerch d’Industriegebidder op béide Säite vun der Grenz.

Jacques Mersch Den Impakt vun der Stolindustrie, deen ass, dee war vun Ufank un, dat war am Konzept vun der Industrie selwer. Déi hu jo Waasser gebraucht.

Charlotte Bruneau Notamment fir d’Héichiewen ze killen.

Jacques Mersch An et ass sech kee Gedanke gemaach ginn. Dat Waasser ass du benotzt ginn an et ass eeben esou erauslafe gelooss ginn an an déi nächste Baach.

Charlotte Bruneau Haut wësse mir wat d’Industrie deemools alles fir Verschmotzunge vun der Uelzecht mat sech bruecht huet. Well Tracen dovunner nach ëmmer ze fanne sinn.

Jacques Mersch Do hate mir, do hate mir Metaller, Spuermetaller, mir haten natierlech vill vill, warscheinlech vill Eisestëbs ass matgaangen. Dat heescht, et muss ee sech virstellen, datt een zu deem Zäitpunkt an der Uelzecht ee Schlamm hat, deen no Goudron geroch huet.

Dat wor warscheinlech e Cocktail, deen duerchaus problematesch wor.

Charlotte Bruneau A mam Opschwong vun der Stolindustrie wiisst d’Bevëlkerung zu Lëtzebuerg séier, produzéiert ëmmer méi Ofwaasser.

Pia Oppel Éischt Etüden zur Verschmotzung vun der Uelzecht entstinn nom Zweete Weltkrich. Mir hunn eng aus dem Joer 1954 fonnt, déi huet deemools de Staatslabo an Optrag ginn. 

Charlotte Bruneau D'Etüd fänkt jo u mat dëse Wierder: ‘L'Alzette présente un aspect désolant et insalubre qui contraste singuliérement avec la rivière aux méandres fleuris, chantée dans notre hymne national’.

Jacques Mersch Déi Haaptbelaaschtungen, déi hei och da beschriwwe ginn, dat ass kommunaalt Ofwaasser, well zu deem Zäitpunkt ass ugefaange gëtt, Kanalisatiounen ze bauen, an déi Kanalisatiounen aus den Haiser, déi sinn direkt an d'Baache gaangen.

Charlotte Bruneau D’Etüd huet sech ganz prezis ugekuckt, wéi dat ontraitéiert Ofwaasser d’Uelzecht belaascht huet.

Jacques Mersch Dat heescht, dat ass definitiv eng hygienistesch Approche, well deemools gesot ginn ass, déi Uelzecht, déi sténkt. Effektiv, dat Waasser, dat fault. 

Charlotte Bruneau D’Etüd vun 1954 huet dowéinst de Sauerstoffgehalt analyséiert - dat ass ee wichtege Parameter, fir d'Waasserqualitéit ze bewäerten.

Jacques Mersch Deemools hate mir Deeler vun der Uelzecht, déi haten zum Beispill Sauerstoffwäerter am Waasser bei Null, dat heescht, déi waren anärob, dat heescht, dat ass gefault.

Charlotte Bruneau D'Conclusioun vun der Etüd ass: ‘L'Alzette c'est le cours d'eau le plus pollué du Grand -Duché, mais elle ne constitue pas le seul.’ Ass dat, ass dat haut nach de Fall? 

Jacques Mersch Warscheinlech jo, esouguer mat grousser Warscheinlechkeet, well ganz einfach, d'Uelzecht, dat ass dee klengste Floss mat deene meeschten Awunner a warscheinlech och mat der meeschter Industrie. 

Jamie Reinert An de 50er Joren ass d’Uelzecht also plazeweis eng Kloak. An dat stéiert keen? 

Pia Oppel Dach, et stéiert schonn. Mee laang war d’Äntwert dorobber eeben dat, wat mir virdrun erwäänt hunn: de Floss gouf och am 20. Joerhonnert weider kanaliséiert, riicht geluecht, asw ... eeben och fir datt dat ganzt Ofwaasser méiglechst séier offléisst. 

Charlotte Bruneau D'Ofwaasser ass da bis an d’Sauer, d’Musel, de Rhäin gelaf, fir dann am Nordmier ze “verschwannen”, also tëschent Guillemeten.

Pia Oppel Wat de Problem natierlech net wierklech léist. A wat de Jacques Mersch jo och betount ass: besonnesch fir esou ee klenge Floss wéi d’Uelzecht ass esou vill Knascht schwéier ze packen. All d’Gewässer zu Lëtzebuerg si kleng. Si leie ganz am Ufank vum Anzuchsgebitt vum Rhäin - a vun der Meuse.

Charlotte Bruneau A wat méi kleng, wat méi vulnerabel. 

Lea Bonblet Also wann elo esou e Gewässer-Liewensraum komplett aus dem Gläichgewiicht kënnt, da stierwen natierlech no an no ëmmer méi Aarten aus.   

Charlotte Bruneau D’Léa Bonblet ass Biologin. Um Ëmweltministère këmmert si sech ëm Biodiversitéit.  

Lea Bonblet An et sinn herno net nëmme keng Mouken a keng Fësch méi am Waasser. Mee da wuessen och manner Planzen, nëmme bestëmmten Zorte Planzen, esou déi lescht, déi et dann eeben nach packen.

Et komme keng Villercher méi dohin. Dat gëtt dann och tendenziell méi schlammeg oder einfach esou en dréchenen, plakege Buedem.

Dat gesäit dann esou karg an düster aus, esou wéi een dat heiansdo an esou Horrorfilmer gesäit, wou esou komesch Zukunftszenarien duergestallt ginn.

Jamie Reinert An, gläicht dat, wat mat der Uelzecht geschitt ass, dann deem dote Zenario?

Pia Oppel Also deem Rapport vun 1954 no, dee mir virdrun erwäänt hunn, war dat op d’mannst streckeweis de Fall, jo. An dat gëtt da lues a lues zu engem gréissere Sträitpunkt, mat deem och d’Politik sech muss ausernanersetzen ... 

Charlotte Bruneau An d’Justiz! 

Robert Philippart De Site selwer ass jo herrlech, mee hei d'Plaz vun der fréierer Schwämm ass natierlech ganz spooky.

Charlotte Bruneau Ech si mam Historiker Robert Philippart bei der Gantebeensmillen. Op hallwem Wee tëschent Hesper an dem Stater Gronn. Hei steet d’Ruin vun der fréierer Schwämm. Déi ass 1934 opgaangen.

Charlotte Bruneau Et ass zimmlech verlooss. An dat heescht, do wou mir elo stinn, mir stinn elo op Sand, Kiselsteng, do, hei ware Basengen.

Robert Philippart Hei waren zwee Bassinen, hei war fir d'éischt ee grousse Bassin, dee war 1934 gebaut ginn, mat 120 Meter Längt an dee gouf duerno subdividéiert an zwee Bassinen, déi dann och verschidde ware mat zwee Kannerbassine, zwee grouss Bassinen, déi ëmmer mat Cloturen zou waren, mat Rutschen ekipéiert waren, mat Ballonen.

Charlotte Bruneau De Site bei der Uelzecht gëtt an den 30er zu engem Erhuelungsuert. Mat der Verbesserung vun de Liewensstandarden hunn d’Leit elo Waasser doheem. An d’Fräizäitkultur souwéi den Tourismus entwéckele sech.

Robert Philippart Dozou kënnt de soziale Mouvement vun de Congés Payés a wou schonn ëmmer an der drësseger Jore gesot gëtt, datt et am Fong d'Vakanz ass vun den nidderegen a mëttlere Sozialklassen, déi sech net eng Rees méi wäit kënnte bezuelen.

Charlotte Bruneau Nom Zweete Weltkrich geet d’Schwämm dunn un en neie Proprietär: De Jules Rolling, e Geschäftsmann. Hie wor deemools och President vum Kayak Club, net wäit ewech un der Schwämm. Hie renovéiert, baut aus.

Robert Philippart Et gi Chifferen, déi soen, hei wiere bis zu 2.000 Leit matenee gewiescht.

Charlotte Bruneau De Jules Rolling bleift knapp 10 Joer um Rudder.

Robert Philippart 1955 gëtt hei zougemaach.

Pia Oppel A mir wëssen net, wat genee den Ausléiser ass: Mee 1964, also 9 Joer méi spéit, zitt de Jules Rolling dann awer viru Geriicht. Hie seet, datt hie wéinst der Verknaschtung vun der Uelzecht huet missen zoumaachen.

Jamie Reinert Mee dat heescht, d'Uelzechtwaasser gouf benotzt fir d’Schwämm ze fëllen - wéi ass dat da méiglech, wann de Floss scho Joerzéngte laang als Offlosskanal genotzt gouf?

Charlotte Bruneau Effektiv kann ee sech dat schlecht virstellen. De Robert Philippart sot eis, datt een d’Waasser aus der Uelzecht ni einfach esou direkt fir d’Schwämm benotze konnt - et ass gefiltert a mat Quellewaasser gemëscht ginn.   

Pia Oppel De Jules Rolling argumentéiert viru Geriicht, datt hien dann iergendwann awer guer keen Uelzechtwaasser méi benotze konnt.

Charlotte Bruneau An domadder war de Problem och nach net geléist. De Jules Rolling argumentéiert och, datt et en plus ugefaangen hätt ze vill ze sténken.

Pia Oppel Et wieren och kleng Schaum-Fatze ronderëm geflunn, well d’Uelzecht esou knaschteg war. Dat huet d’Leit da wuel och beim Schwamme gestéiert.

Jamie Reinert De Jules Rolling zitt also viru Geriicht. Wat wëllt hien domadder erreechen? 

Pia Oppel Hien hätt gär Schuedenersatz.

Jamie Reinert A vu wiem?

Charlotte Bruneau Pass op: Esch Uelzecht, Schëffleng, Beetebuerg, Hesper an Diddeleng 

Jamie Reinert Also fënnef Gemengen, déi um ieweschte Flossverlaf vun der Uelzecht leien  - mee firwat grad Gemengen usichen? 

Pia Oppel D’Gemenge si responsabel fir d’Kläranlagen, déi deemools zwar scho gesetzlech virgeschriwwe sinn. Mee dat war an de 50er nach bal néierens geschitt. An déi puer Kläranlagen, déi et deen Ament ginn, sinn och net ganz performant.

Charlotte Bruneau An da sicht de Jules Rolling och d’Industrie un, d’ARBED, an d’Molkerei CELULA zu Beetebuerg.

Jamie Reinert Hien huet sech also net grad déi klengste Géigner ausgesicht ...  An, wat decidéiert d’Geriicht?

Charlotte Bruneau De Riichter freet an enger éischter Decisioun aus dem Joer 1969 eng Expertis un, fir genee ze verstoen, ob d’Schwämm effektiv wéinst der Verschmotzung huet misse schléissen. 

Pia Oppel Mee d'Gemengen an déi 2 Betriber wiere sech géint dës Decisioun: si hätte gär, datt déi ganz Affär sollt falegelooss ginn.  

Charlotte Bruneau D’Stad Esch begrënnt dat esou.

Stad Esch La pollution des eaux est un phénomène généralisé et doit être considérée comme la rançon du progrès industriel de sorte qu’elle revêt les caractères d’un cas de force majeure.

Jamie Reinert Force majeure? Dat wëllt jo heeschen, datt eppes net am viraus gewosst ass an och net verhënnert ka ginn.

Charlotte Bruneau Jo genee, laang Zäit krute wirtschaftlech Aktivitéite jo Prioritéit. Mee hei ass dem Riichter seng Reaktioun dann interessant. Well dee seet: Nee!   

Riichter La pollution des eaux n’est ni imprévisible, ni inévitable! Il semble logique que la rançon du progrès soit prise à charge par ceux qui en profite!

Jamie Reinert Also d’Geriicht seet, datt am Prinzip dee soll bezuelen, deen de Schued mécht. Dat erënnert un de Principe vum Pollueur-Payeur, wéi een en haut kennt. 

Charlotte Bruneau Jo, mee dat ass nach relativ nei zu där Zäit. Dowéinst och viru Geriicht keen esou evident Argument.

Pia Oppel Déi aner 4 Gemengen, déi versichen et och nach eng Kéier fir dergéint ze halen. 

Gemengen La pollution des eaux de l’Alzette est un cas de force majeur dû à l’accroissement de la population des centres urbains, et au développement de l’industrie.

Jamie Reinert An, wéi geet d’Geriicht mat deem Argument ëm?

Charlotte Bruneau De Riichter léisst net no. Mir sinn elo am Joer 1971. An d’Geriicht bleift dobäi: et muss eng Expertis gemaacht ginn zur Fro, ob de Jules Rolling eng Entschiedegung verdéngt huet oder net.

Jamie Reinert A geschitt dat och? 

Pia Oppel D’Geriicht nennt eng Rei Experten, fir dozou eng Aschätzung ze kréien. Dorënner ee vun den Auteure vun där Etüd, déi 1954 publizéiert ginn ass - an aus där mir virdrun zitéiert hunn. 

Charlotte Bruneau An dat ass keen anere wéi de Josy Barthel.

Jamie Reinert Also de Liichtathleet, no deem de Stadion op der Areler Strooss benannt ass? 

Charlotte Bruneau Jo, genee dee Josy Barthel, deen eeben och 1952 zu Helsinki op den Olympesche Spiller eng Goldmedail gewonnen hat. Hie war net just Héichleeschtungssportler, mee och nach Cheemiker.

Jamie Reinert An d’Geriicht nennt hien elo an der Affär iwwer d’Gantebeensmillen als ee vun den Experten, déi solle klären, ob de Jules Rolling seng Schwämm wéinst der Verschmotzung vun der Uelzecht huet missen zoumaachen. Wat kënnt bei där Expertis eraus? 

Charlotte Bruneau Ma dat hu mir leider net erausfonnt. Déi ganz Affär schéngt am Sand ze verlafen. Weeder an den Archive vum Parquet nach an de Staatsarchiven oder an der Press konnte mir weider Tracë fannen.

Charlotte Bruneau Wat mIr awer wëssen ass, datt de Jules Rolling 1976 stierft, wat kéint erklären, datt d’Affär da vläicht falegelooss gouf. 

Pia Oppel Bleift nach ze soen: De Josy Barthel, dee jo hei als Expert sollt optrieden ...hie gëtt 1977 den zweete Lëtzebuerger Ëmweltminister. Ee Ressort, dat et deen Ament eréischt zënter 3 Joer gëtt. D’Zäiten ännere sech. Dat huet d’Geriichtsaffär ëm d’Schwämm vun der Gantebeensmille schonn ugedeit: d’Ëmwelt fänkt déi Zäit un eng Roll ze spillen, juristesch, politesch a gesellschaftlech.

Charlotte Bruneau Well déi negativ Konsequenze vum Wuesstem eeben net méi einfach esou als “force majeur”, als Präis vum Fortschrëtt, higeholl ginn. 

Robert Philippart Wat awer wichteg an där Affär ass, datt den Här Rolleng de Fanger op eng Wonn geluecht huet, déi wärend 40 Joer praktesch op eng Solutioun gewaart huet.  

Jamie Reinert A mat Solutioune sinn an engem éischte Schrëtt mol virun allem technologesch Solutioune gemengt: nämlech Kläranlagen. Kënnen déi der Uelzecht hir Problemer léisen - also nohaltege Wuesstem erméiglechen - an zu wéi engem Präis?

Charlotte Bruneau Dat gesi mir an der nächster Episod vun eiser Serie “Iwwerfloss”. 

Jamie Reinert Charlotte, Pia, Merci fir d’Gespréich!

Charlotte Bruneau Gären, Jamie.

Pia Oppel A Merci Dir! 

Jamie Reinert Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau a vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany an Tessy Troes.

Merci dem Marie Trussart, Maurice Molitor an dem Michel Delage fir d’Vertounung vun de Geriichtsdokumenter.

Sound Design a Musek vu mir Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.

Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. 

A wann dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu