search

/ Iwwer 200 Milliounen Euro vu Mafiaboss saiséiert: Suen och zu Lëtzebuerg ugeluecht

Italien

|
reading time

1 min

Iwwer 200 Milliounen Euro vu Mafiaboss saiséiert: Suen och zu Lëtzebuerg ugeluecht

Am Kader vun enger internationaler Operatioun konnten d'Verméigenswäerter vun iwwer 200 Milliounen Euro vum verstuerwene sizilianesche Mafiachef Matteo Messina Denaro séchergestallt ginn. Hie soll déi Suen an den 80er Joren duerch Drogentrafic ugesammelt hunn.

reading time

1 min

© EPA/IGOR PETYX
(Foto: EPA/IGOR PETYX)

D'Sue waren iwwerall uechter d'Welt ugeluecht, och zu Lëtzebuerg, wéi déi italieenesch Police matdeelt. Am Kader vun der Operatioun wieren och dräi Persoune festgeholl ginn. Dobäi gouf net preziséiert, a wéi engem Land dat war. 

Den Denaro war ee vun de berüchtegtste Mafiabosse vun der Cosa Nostra an ee vun de meeschtgesichte Kriminellen op der Welt. 

Hie war puermol zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn, koum awer ni an de Prisong, well hien ënnergetaucht war.

2023 war hien an enger Klinik zu Palermo gepëtzt ginn, wéi hie sech do aliwwere gelooss hat, well hien u Kriibs erkrankt war. Dat selwecht Joer ass hien am Prisong gestuerwen.