Italien: Biller vun de berüümte franséische Moler Renoir, Cézanne a Matisse geklaut
Dräi Biller vun de berüümte franséische Moler Renoir, Cézanne a Matisse goufen am Mäerz aus engem Musée bei Parma a Norditalie geklaut. Dat huet déi italieenesch Police gëschter um Sonndeg matgedeelt.
Ausstellung: Matisse 1941-1954, am Grand Palais zu Paräis (Foto: EPA/MOHAMMED BADRA)
Der Police no wiere véier Persoune mat Masken an der Nuecht vum 22. op den 23. Mäerz an de Musée an enger Villa komm. Si hätten d‘Biller geklaut a wieren zu Fouss duerch e Park fortgelaf.
Déi italieenesch Police enquêtéiert an ënnersicht ënner anerem Biller vu Videoiwwerwaachungs-Kameraen.