Radioen

On air

Notturno  |  Astra King - Make Me Cry

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Italieensch Regierung wëll Migratiouns-Mesuren decidéieren

Migratioun

Italieensch Regierung wëll Migratiouns-Mesuren decidéieren

Déi italieenesch Regierung soll de Mëtteg nei Mesuren decidéiere fir d‘Migratioun aus afrikaneschen an anere Länner ze bremsen. Dat nodeems an de leschten Deeg Dausende Flüchtlinge mat Booter op der italieenescher Insel Lampedusa tëscht Sizilien a Nordafrika ukoumen.

auto_stories

1 min

Georgia Meloni | © picture alliance / NurPhoto | Domenico Cippitelli
Georgia Meloni (Foto: picture alliance / NurPhoto | Domenico Cippitelli)

Déi riets italieenesch Premierministerin Georgia Meloni hat gëschter bei engem Besuch vun der EU Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen op Lampedusa och Mesure vun der EU gefuerdert. D‘EU misst Akkorde mat afrikanesche Länner maache fir Migranten dovun ofzehalen, an Europa wëllen ze flüchten. D‘Kommissiounspresidentin huet en 10-Punkte Plang annoncéiert fir Italien z‘ënnerstëtzen. Ënnert de proposéierte Mesuren ass eng verstäerkten Iwwerwaachung vun de Migratiouns-Routen am Mëttelmier.