Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Smog - Drinking At The Dam

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mercosur: Ursula von der Leyen setzt sech iwwert Bedenke vu Memberlänner ewech

Trotz Kritik vu Frankräich, Italien a Polen

Mercosur: Ursula von der Leyen setzt sech iwwert Bedenke vu Memberlänner ewech

D’Verhandlungen iwwert een Handelsaccord tëscht der Europäescher Unioun an de véier südamerikanesche Länner Paraguay, Uruguay, Argentinien a Brasilie sinn ofgeschloss. Et wier ee sech eens ginn, sot de Mëtteg d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen zu Montevideo. 

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Den Accord wier ee Gewënn fir Europa, sou d’Ursula von der Leyen. E géif europäeschen Entreprisë grouss Méiglechkeete bidden, duerch niddreg Douanes-Taxen a méi einfach Prozeduren. 

Un d’Baueren adresséiert sot d’Ursula von der Leyen, et hätt een hir Bedenke gehéiert, an deementspriechend gehandelt. Am Accord wieren zolidd Garantien enthalen, fir de Baueren hiert Akommes ze protegéieren. 

Eng Partie EU-Länner, ewéi Frankräich, Italien oder Polen hu Kritik ugemellt. Fir datt den Accord a Kraaft trëtt muss och d’Europaparlament zoustëmmen. 

D’EU hat bal 25 Joer mat de Mercosur-Länner verhandelt. Duerch den Handels-Accord géif eng Fräihandelszon geschafen, déi méi ewéi 700 Millioune Leit betrëfft.