Radioen

On air

Notturno  |  Sensu - Subsol (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
search

/ Israelesch Regierung presentéiert Zukunftsplang fir d'Gazasträif

Konfliktregioun

Israelesch Regierung presentéiert Zukunftsplang fir d'Gazasträif

Weder d‘Hamas, nach déi israeelesch Zivilverwaltung sollen nom Enn vum Krich an der Gaza-Sträif d‘Soen hunn. Dat sot gëschter Owend den israeeleschen Verdeedegungsminister Yoav Gallant.

auto_stories

1 min

An engem Plang goufen deemno déi grouss Linne fir d‘Zukunft vu Gaza presentéiert, deemno soll de Krich viru goen, bis datt d‘Geisele befreit sinn an d‘Strukture vum Hamas zerstéiert sinn. Duerno géifen d‘Palestinenser den Territoire geréieren, virausgesat si géife keng Gefor fir Israel duerstellen. Ob eng palestinensesch Ziviladministratioun agesat gëtt, gouf net preziséiert. De Plang gouf och nach net offiziell vun der israeelescher Regierung ugeholl.