Radioen

On air

Simon Says  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israelesch Arméi huet e weidert Spidol gestiermt

Fir eventuell Geiselen ze befreien

Israelesch Arméi huet e weidert Spidol gestiermt

An der Gazasträif huet déi israeelesch Arméi e Spidol zu Chan Younis gestiermt. Israel seet, et wéilt een am Spidol Läiche vu Geisele recuperéieren. Dosende Verdächteger wiere festgeholl ginn. E puer vun hinne wieren un den terroristeschen Attacke vum siiwten Oktober zejoert an Israel bedeelegt gewiescht.

auto_stories

1 min

Israelesch Zaldoten | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Israelesch Zaldoten (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Den US President Joe Biden huet den israeelesche Premier Benjamin Netanyhu an engem Telefonsgespréich nach emol opgeruff, déi zivil Populatioun zu Rafah an der Gazasträif ze schützen, esou d‘Wäisst Haus. Israel dierft do keng Buedemoffensiv lancéieren, ouni kredibele Plang fir eng Evakuatioun an de Schutz vun Zivilisten, sou den Joe Biden. Zu Rafah hale sech geschaten 1,4 Millioune Palestinenser op, déi virum Krich geflücht sinn.

Déi däitsch Ausseministerin Analena Baerbock huet op Visite an Israel arabesch Staaten opgeruff, Drock op déi radikal islamistesch palestinensesch Hamas ze maachen, fir si zu enger Kapitulatioun ze bréngen.