arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel wëllt d'Doudesstrof fir Terroristen nees aféieren - Just Palästinenser betraff

Israel

|
reading time

1 min

Israel wëllt d'Doudesstrof fir Terroristen nees aféieren - Just Palästinenser betraff

D'Parlament an Israel soll haut iwwer d‘Aféiere vun der Doudesstrof fir Terroristen ofstëmmen. De Gesetzesentworf gouf vun der Partei vum rietsextreeme Police-Minister Itamar Ben-Gvir initiéiert an ass ëmstridden. D‘Kritiker gesinn en als rassistesch un, well et nëmme Palästinenser betrëfft.

reading time

1 min

© Roman Yanushevsky / Bigstock
(Foto: Roman Yanushevsky / Bigstock)

Wann d‘Gesetz gestëmmt gëtt, musse Palästinenser, déi wéinst Mord vun Israeelie verurteelt goufen, mat der Doudesstrof rechnen. 

Israel hat d‘Doudesstrof 1954 ofgeschaaft, mee huet duerno a bestëmmte Fäll, zum Beispill bei Nazi-Verbriecher, nach Leit higeriicht. Déi lescht Hiriichtung, déi vun engem israeelesche Geriicht decidéiert gouf, war déi vum däitschen Nazi Verbriecher Adolf Eichmann am Joer 1962.