Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jessy Lanza - Lick in Heaven

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel net vertrueden um Bazar International

An der Luxexpo

Israel net vertrueden um Bazar International

Déi Responsabel vum israelesche Stand um Bazar International an der Luxexpo soten an eisem Mëttespanorama, si hätten Drock gemaach kritt, fir ewech ze bleiwen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Um Bazar International wäert dëse Weekend kee Stand vun Israel sinn. D’Organisateure vum Bazar hate gëschter Owend via Communiqué argumentéiert, datt et ganz kuerz virum Opbau vun de Stänn nach zevill Onkloerheete ginn hätt, wéi d’Presenz vum israeelesche Stand dëst Joer hätt kënnen oflafen.

Déi Responsabel vum Stand selwer behaapten, si hätten Drock gemaach kritt, fir ewech ze bleiwen. Wéinst Sécherheetsbedenke vu Säite vum Organisateur. Déi hätt een och selwer gehat, ma et wier net fir weider Protektioun an de Foireshale gesuergt ginn.

Wéi d‘Police eis confirméiert huet, ass si, wéi normalerweis bei méi groussen Evenementer, fir d‘Sécherheet baussen zoustänneg. Banne léich se an den Hänn vum Organisateur. Firwat do keng weider Mesurë geholl goufen, dozou wollt den Organisatiounscomité sech an enger éischter Ufro vum radio 100,7 net äusseren.

Lauschterenplay_arrow