Radioen

On air

Kultur um 5  |  Nei am Kino

play_arrow Live
search

/ Israel soll militäreschen Asaz zu Rafah limitéiert hunn

Noen Osten

Israel soll militäreschen Asaz zu Rafah limitéiert hunn

Israel hätt seng ëmstridden Offensiv an der Stad Rafah an der Gazasträif un d‘Fuerderunge vun den USA ugepasst. Déi militäresch Asätz wieren deementspriechend limitéiert ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
(Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

Dat mellt déi israeelesch Zeitung "Times of Israel“ mat Verweis op amerikanesch Regierungssourcen. Do virdrun hat déi amerikanesch Zeitung "Washington Post“ scho gemellt, Israel hätt no weidere Gespréicher mat der US-Regierung elo de Plang fir eng grouss Offensiv zu Rafah opginn a wéilt nëmmen nach e limitéierte Militärasaz an Deeler vun der Stad maachen.