Radioen

On air

Moiesstudio  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel mellt Dosenden Hamas-Terroristen ëmbruecht ze hunn

Israel - Palästina

Israel mellt Dosenden Hamas-Terroristen ëmbruecht ze hunn

Déi israeelesch Arméi huet eegenen Aussoen no Dosenden Terroristen an der Gazasträif ëmbruecht. Dorënner wieren och Kommandeure gewiescht déi um Massaker an Israel de 7. Oktober bedeelegt gewiescht wieren. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
(Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Am Süde vum Land hätt d‘Arméi donieft eng Militärbasis vun der islamistescher Hamas aus der Loft attackéiert.

D‘UNO mellt, datt déi humanitär Hëllef net weider kënnt. Zanter dem Ufank vum Joer wieren nëmme fënnef vu 24 geplangte Liwwerunge mat Hëllefsgidder an der Gazasträif ukomm. Déi israeelesch Autoritéiten hätten d‘Duerchfaart vun de Camionen net autoriséiert. Se sollten ënner anerem Medikamenter an den Norde vun der Gazasträif bréngen.

Zanter gëschter muss sech Israel virum internationale Geriichtshaff zu Den Haag wéinst dem Reproche vu Vëlkermord veräntwerten. Südafrika well beweisen, datt Israel d‘Absicht huet, d‘Palestinenser ze eliminéieren.