Radioen

On air

Moiesstudio  |  INXS - Suicide Blonde

play_arrow Live
search

/ Israel mécht Grenziwwergang fir Hëllefsconvoien op: Offensiv zu Rafah geet virun

Noen Osten

Israel mécht Grenziwwergang fir Hëllefsconvoien op: Offensiv zu Rafah geet virun

Israel huet eegenen Aussoen no de Grenziwwergang „Western Eretz“ am Norde vun der Gazasträif fir humanitär Hëllefsconvoien opgemaach. Ägypte schléisst sech iwwerdeems der Vëlkermord-Klo vu Südafrika un.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
(Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

D‘UNO huet rezent virun enger Hongersnout am Norde vun der Gazasträif gewarnt. De Grenziwwergang zu Rafah am Süde bleift zou. An Deeler vu Rafah fiert déi israeelesch Arméi intensiv viru mat hirer Militär-Offensiv.

Ägypten huet annoncéiert, sech der Vëlkermord-Klo vu Südafrika géint Israel um Internationale Geriichtshaff unzeschléissen.