Een éischten amerikanesche Militär-Fliger mat Munitioun fir Israel ass op engem Militärbase an Israel gelant. Den US-President Joe Biden sot en enger Ried, d‘USA géif weider voll hannert Israel stoen.
D‘Zuel vun Doudesaffer ass weider geklommen. Israel mellt elo op d‘mannst 1.200 Doudeger. De palestinensesche Gesondheetsministère huet de Bilan op 950 Doudesaffer no uewe revidéiert.
Däitschland huet annoncéiert, datt Däitscher, déi nach an Israel sinn. Muer an iwwermuer mat Fligere vun der Lufthansa evakuéiert ginn. Et solle véier där Flich pro Dag ginn.