Israel huet d‘Gazasträif komplett ofgespaart. Honnertdausenden israeelesch Zaldote sti prett fir eng Buedemoffensiv. Fir datt palestinensesch Ziviliste flüchte kënnen, verhandelen d‘USA mat Israel an Ägypten fir d‘Grenz tëscht der Gazasträif an Ägypten opgemaachen. Op d‘mannst 340.000 Palestinenser wieren op der Flucht, esou d‘UNO.
Den UNO Generalsekretär Antonio Guterres huet och humanitär Korridoren gefuerdert, fir der palestinensescher Populatioun Waasser, Liewensmëttel a Sprit ze bréngen. Dat eenzegt Elektrizitéitswierk an der Gazasträif gouf gëschter ofgeschalt, well net méi genuch Sprit do ass.
An Israel hunn de Premier an d‘Oppositioun gëschter eng Noutstandregierung forméiert. De Benjamin Netanjahu sot op der Televisioun, d‘Kollaboratioun mat der Oppositioun wier néideg, fir géint d‘Hamas Terroristen ze gewannen.