Gëschter goung Riets vun 250 Positioune vun der islamistescher Hamas, déi vun der israeelescher Arméi an der Gazasträif ugegraff goufen, esou Israel. Dobäi wier och ee vun de Cheffe vun der Terrororganisatioun ëmbruecht ginn. Et handelt sech ëm denAsem Abu Rakaba, deen de Massaker vum 7. Oktober um israeeleschen Territoire soll matgeplangt hunn. D‘Zuel vun Doudesaffer an der Gazasträif ass der Hamas no op iwwer 7.000 geklommen.
An enger Resolutioun vun der UNO-Vollversammlung gouf eng Wafferou gefuerdert fir déi humanitär Situatioun an der Gazasträif ze verbesseren.
Mëttlerweil gëtt et an der Gazasträif keen Internet méi an et wier schwiereg anzeschätzen, wéi déi aktuell Situatioun effektiv ausgesäit.