Wéini d‘Evakuatiounen ufänke sollen ass net kloer.
Déi israeelesch Regierung huet annoncéiert, datt hir Arméi d‘Stad Gaza ganz ënnert hir Kontroll wëll bréngen. Vill Terroriste vun der Hamas hätte sech zu Gaza City verstoppt oder ënnert déi zivil Populatioun gemëscht, behaapt Israel.
Dee Plang gëtt ënner anerem vun Hëllefsorganisatioune verurteelt a suergt och an Israel fir Kritik. Um Samschdeg sinn an Israel nees Dausende Leit op d‘Strooss gaangen. Si hu gefuerdert, datt déi israeelesch Arméi d‘Militär-Aktioun an der Gazasträif stoppt fir et domat méiglech ze maachen, datt déi israeelesch Geisele fräi kommen.