Radioen

On air

Notturno  |  Earth Flower - Nature's Piano

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel soll ieweschten Hisbollah-Kommandant ëmbruecht hunn

Noen Osten

Israel soll ieweschten Hisbollah-Kommandant ëmbruecht hunn

Israel huet eegenen Aussoen no deen ieweschte Kommandant vun der Hisbollah-Miliz bei enger Loftattack op déi libaneesesch Haaptstad Beirut ëmbruecht. D‘Hisbollah huet den Doud vun hirem Kommandant Fuad Shukr bis elo net confirméiert.

auto_stories

2 min

Beirut no der Attack op héichrangegen Hisbollah-Kommandant | © picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani

D’Relatiounen tëscht Israel, dem Libanon an dem Iran bleiwen immens ugespaant, an der Suite vum Dout vun engem Chef vun der islamistescher Hamas am Iran a vun engem héichrangegen Hisbollah-Kommandant am Libanon. Israel huet confirméiert, den Hisbollah-Kommandant ëmbruecht ze hunn. Den Dout vum Hamas-Chef ass nach net vun Israel revendiquéiert ginn. 

Nëmme kuerz no der Attack op den Hamas-Chef

Bis ewell huet d'Hisbollah nach net confirméiert op den ieweschte Kommandant, Fuad Shukr, bei der Attack zu Beirut am Libanon, ëm d’Liewe komm ass. Et wéisst ee just, datt hie sech effektiv zur Zäit vun der Attack am Gebai opgehalen huet, sou d’Hisbollah Miliz. De libanesesche Gesondheetsministère mellt op d'mannst 3 Doudeger a 70 Blesséierter bei der Attack op dat Wunngebai andeem den Hisbollah Kommandant sech opgehal huet.

Dës Attack koum nëmmen e puer Deeg nodeems d’Hisbollah Miliz, déi vun Israel annexéiert, Golanhéischten attackéiert huet. Israeelesche Sourcen no, waren do de Samschden eng Dose Kanner a Jugendlecher ëm d’Liewe komm. Wat den Dout vum Hamas-Chef zu Teheran ugeet, esou huet Israel sech bis ewell net dozou geäussert. Den Ismäil Haniyeh war fir d’Inauguratioun vum neien iranesche President Mousad Pezeshkian zu Teheran, sou d’ AFP.

Iran annoncéiert 3 Deeg Staatstrauer

Aus engem Communiqué vun der Hamas geet ervir, datt mam Ismaïl Haniyeh de Fridde begruewe gëtt. Den ieweschte Leader vum Iran huet op d’Attack reagéiert an ugekënnegt dass et eng “haart Bestrofung” fir Israel géing ginn. Iran huet och fir 3 Deeg Staatstrauer annoncéiert, sou d’AFP. De libanesesche Premierminister Najib Mikat, huet déi israeelesch Attack op den Hisbollah Kommandant condamnéiert. Hie schwätzt vun enger flagranter Aggressioun.

USA seet Israel Ënnerstetzung zou

Den israeelesche Minister fir Kulturierwen huet wärenddeem op X dovu geschwat, datt d’Welt mam Dout vum Ismaïl Haniyeh e bësse besser gi wier.

No de neisten Entwécklungen am Noen a Mëttleren Oste kéint d’Situatioun an der Regioun weider eskaléieren. Den US-amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin huet dovu geschwat, datt eng Eskalatioun vum Krich net inevitabel wier. D’USA géing Israel ënnerstëtzen. D’Chance dass sech de Krich weider ausbreet gëtt ëmmer méi grouss.