search

/ Israeelesch Siidler blockéiere weiderhin d'Duerf Kusra am Westjordanland

Palästina

|
reading time

2 min

Israeelesch Siidler blockéiere weiderhin d'Duerf Kusra am Westjordanland

Am palästinensesche Gebitt Westjordanland blockéieren israeelesch Siidler weiderhin Haiser a Wunnenge vun der lokaler palästinensescher Bevëlkerung. Israel mellt iwwerdeem e Memmber vun der Hamas, bei enger geziilter Attack, ëmbruecht ze hunn. D'USA verurteelen dës Handlungen deels.

reading time

2 min

Symbolfoto | ©  EPA/JIM HOLLANDER
Symbolfoto (Foto: EPA/JIM HOLLANDER)

Wärend d‘USA probéieren, hire Friddensplang fir d‘Gazasträif ze konkretiséieren, mellt Israel eng geziilten Attack op e Member vun der Hamas. Et géif sech dobäi ëm ee Kommandant vum militäresche Fligel vun der palestinensescher Terrororganisatioun handelen. Hien hätt Attacken op israeelesch Zaldote virbereet.

D‘USA haten Drock op hiren Alliéierten ausgeüübt, fir keng esou geziilten Attacke méi ze maachen. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu refuséiert den amerikanesche Friddensplang. Hien hat awer agelenkt a gesot keng geziilten Attacke, géint eenzel Persoune méi lancéieren ze wëllen. 

Dat hei wier elo awer schonn déi Zweet an zwee Deeg, wéi israeelesch Medie mellen. Gëschter scho wier e Kommandant vun der Hamas eliminéiert ginn.

Siidler besetzen d'Duerf Kusra

Am palästinensesche Gebitt Westjordanland blockéieren israeelesch Siidler am Duerf Kusra weider Wunnenge vu palästinensesche Familljen. Dat schon zënter dem leschte Sonndeg. Den amerikaneschen Ambassadeur an Israel, de Mike Huckabee, huet déi israeelesch Siidler Terroriste genannt.

D‘USA hunn déi israeelesch Arméi a Police opgefuerdert, net nozekucken a géint déi Responsabel Israeelie virzegoen.

Israeelesch Arméi renforcéiert d'Besatzung 

Déi israeelesch Arméi ass och op d‘Plaz gefuer, mee si hunn net déi israeelesch Siidler, mee déi palestinensesch Famille forcéiert, hiert Duerf ze verloossen.

Déi israeelesch Zaldoten hätten och nach 16 weider Haiser ageholl an a Militärbaracken ëmgewandelt, dat hunn Awunner aus dem Duerf der palestinensescher Noriichtenagence Wafa confirméiert.

D‘Gewalt vun israeelesche Siidler géint Palästinenser am Westjordanland huet an de leschte Méint a Jore staark zougeholl. De palästinenseschen Ausseministère seet, d‘Gewalteskalatioun wier eng direkt Konsequenz vum Schutz, deen israeelesch Siidler duerch hir Arméi a Regierung géife kréien.